Stackem
Stackem läit mat sengen 112 Awunner net un enger grousser Landstrooss; ’t ass grad sou wäit vun do op Ëlwen wéi op Clierf. An Éiere gehalen ginn do charakteristesch Ausdréck wi „Hjem“ (Hiem), „tsein“ (zéng) a „Fregdich“ (Freideg) oder „Daasteg“. Et gehéiert zu der typescher Landschaft, déi e Naturreservoir vu Sauerstoff ass. 't fënnt een am „Duarref“ nach grouss ländlech a faarweg Gäert mat „Päifels“ (d.h. Bäibess), Insektegebromms an ronderëm sécherlech vill „Hädsprénger“, wéi d’Heesprénger hei heeschen. An d'Natur léisst sech mat symbolesche Vergläicher beschreiwen, wéi Gaardenarchitekten dat sou gutt kënnen: "Grouss greng Stäck ginn den Androck vu Partyléiwen, di niddreg mat de klenge Blieder schingen donieft introvertéiert. An d'Planzen di klammen sinn d'Sportler vun der Gaardewelt". Stackem huet där Beispiller wahrscheinlech nach méi…
Geographesch gesinn ass d’Éislek en Deel vun den Ardennen a grenzt un d'Eifel. Stackem aus der aler Gemeng Aasselbuer gehéiert zur Pastoralregioun Norden, dem Dekanat Clierf a mat 26 aner Dierfer säit 1977 zur Fusiounsgemeng Wëntger. Wéinst hirer zentraler Lag ginn do Uertschaften regrouppéiert, di méi grouss u Fläch an Awunnerzuel sinn. (Wëntger hat laang manner wi honnert Leit!) Eng Statistik hat 2003 vun 3160 Awunner hei 434 Kanner ënner 10 Joer – an 13 eeler Leit iwwer 80 registréiert. Dovu waren 82 % Lëtzebuerger, 6 % mat Belscher Nationalitéit, 3,6 % portugiesesch Staatsbierger an e puer hollännesch a franséisch Familljen. 't sinn an dësem wéineg fruchtbaren a rauen Eck vum Land nach relativ vill Schof ze gesinn a wéineg Buergen. D‘Klima schwankt do tëscht maritimem an kontinentalem Charakter. Stackem an d‘Ëmgéigend huet an der Moyenne 0 Grad am Januar a 17 am Juli. Seng eelst Siedlunge ginn zréck bis an d’ "nuit des temps".
Der Stackemer Sallkierch hieren einfachen Duerfstil verréit romanesch Aflëss; si ass eng Filial vun der Por Dienjen. Hiren Alter? Et gouf hei 1714 e Gotteshaus erwähnt. Se datéiert deemno vun ufanks dem glécklechen 18. Joerhonnert – a gouf wéi aanrer rondrëm vun engem Lécker Weibëschof zur "Helleg-Kräiz-Kierch" konsekréiert. An der Entwécklung vum Chrëschtentum goufen dacks Kierche vu grousser Einfachheet gefuerdert… well Gottesdéngschter an engem einfache Raum grad sou wierkungsvoll si kënnen wéi an engem groussen Doum. Grad wi Remëljen hat och Stackem net zevill ënner der Ardennenoffensiv gelidden. (Hei woren am Dezember 1944 Panzeratelieren a Fonktioun.) Et hat nëmmen e puer Krichsaffer ze bekloen. D’Duerfkierch gouf glécklecherweis net zerstéiert, déi néng Fënsteren hu nach d'original Glas vu 1920. Hiren hellen Haaptaltor ass fréibarock an huet e grousst Bild mat enger Kréinungszeen vu Maria. Hire schifergroen Daach temoignéiert vun der zolidder Bauweis a joerhonnertaler Konscht vun Daachdecker an Zammerleit. Den Tuerm iwwerbléckt stolz d'Landschaftsbild, mä seng Héicht hellëft net d’Gelauts vun de Klacken ze verschéineren! Dës hunn d'Franséisch Revolutioun gutt iwwerstanen, well se ze liicht ware fir anzeschmelzen. Am Geck goufen si dofir schonn emol "Stackemer Schelle" genannt! Den onermittleche Geschichtsfuerscher Jean Engling verréit als Détail vum Klëppelkrich (Buch P. Tousch) "dass beim Asammle 691 Stéck zesummekoumen - déi 2124 Zenner schwéier waren“ an dass deemols weder Alter, Gewiicht oder historesche Wäert eng Klack rette konnt! D'Sonndesmass zu Stackem gëtt vill besicht vu "Lëtt" vu ronderëm, hir heemlech Ambiance gefällt. D'Uergel ass relativ nei an den Organist ass ëmmer den Éischten do. Ervirzesträiche wier och den Duerfkierfech deen nom Krich bausse Stackem entstoung. E gëllt als gaardenarchitektonesche Bijou a weist, wéi Graafkultur sech entweckele kann. Fréier haten d'Prëssiounen op Dienjen en zimmlech wäite Wee. (aus de ‚Kierchtuermscauserien‘.)
P.S. Stackem huet en Homonym bei Arel, deem seng Kinnecklech Harmonie "La Stockemoise" ewell op der Place d'Armes gespillt huet. E Stockheim bei Düren an Stockel bei Bréissel weisen als Derivé vu Stock hinn op Baamstëmp an „urbar“ gemate Land. A Stockem am Eifelkrees Bitburg-Prüm ass 1132 ‘urkundlech erwähnt’ als „Stochheim“. (Bis d’Fransousen dat Gebitt ufanks vum 19. Joerhonnert besat hunn, hat dës Uertschaft zur Herrschaft Bettengen am Herzogtum Lëtzebuerg gehéiert.) En alen Dictionnär erkläert d’Verb ‘stacken’ mat Beispiller wéi: Gins dee stackt huet ëmmer erëm Wuerzelausschlag - kräfteg Bouwe si ‘gutt gestackt’ - an ‘en as nët gestackt’ bedeit ‘en ass zougewandert’! Traditionell ass hei um Fest vum Hellege-Kräizdag e gestackte Brauch... eng Héngerstee zu Gonschte vun der Kierch!