Steesel
Steesel ass eent vu véier Dierfer am Land déi mat Stein ufänken. (-brücken -fort -heim -sel). ’t war bis 1789 eng vun néng Landmeiereie vum Probsteigeriicht Lëtzebuerg– nieft ënner aanre Lëntgen, Lampech a Réiser, Kënzeg a Kielen. Säi relativ neie Wopen ass an zwee gedeelt mat uewen engem roude Stadportal mat dräi Tierm, engem symbolesche schwaarze Millerad op sëlwerem Fong an ënnen dräi sëlwere Léiwen op Rout. Seng Héichte sinn am Dall 230 m, un de Flanke vum Plateau 298 an uewendrop 430. An do läit ganz idyllesch “op Röllent” op engem fréiere Gromperestéck den 193 Ar grousse "Parc Leir". En entstoung ëm 1970 no Pläng vum Här Becker op Initiativ vum amerikaneschen Industriellen Henry J. Leir. Dëse war fir Lëtzebuerg, säin ‘europäescht Adoptivland‘ e Mäzen an huet der Gemeng de Parc geschenkt. D’Bamschoul Becker huet hir e spéider ofkaaft! E läit zu Féiss vu gallo-réimeschen Tempelruinen, gëtt encadréiert vum Steeseler Bësch an huet e Mikroklima. Säin Ënnergrond ass Limonosand iwwert Lëtzebuerger Sandsteen.
De Geschichtsschreiwer Jean Bertholet erënnert un d‘generéis Schenkung vum Karl Martell senger Steeseler a Weimeschkiercher Gidder un d’Tréirer Abtei St. Maximäin. (Dee kranke fränkesche Staatsmann gouf nämlech um Graf vum Abteigrënner geheelt.) Steesel hat scho ganz fréi eng Porkierch iwwer de Ruine vun enger Réimervilla a merowingesche Griewer. Eng Skizz vu 1571 vum Abt Bertels aus der Münsterabtei weist hiren einfache Bau op der Erhiewung an der Duerfmëtt. Den Uert war mol als SKINZEL a STEINSEILA ernimmt… fir finalement STEINSEL ze ginn. (De lokale Sandsteen kéinnt d’Souche vum Uertsnumm inspiréiert hunn! Allerdéngs war Steen d’al Bedeitung vu Fiels. De Suffix ’sel‘ charakteriséiert heefeg Insignifiantes.. woufir "Überbleibsel” an “Unhängsel” Beispiller sinn.. Aus der Urpor gouf am Laf vun der Zäit e wichtege ‘Centre ecclésiastique’. De Geeschtlechen Dominique-Henri de Neunheuser hat 1785 ënner dem Jousef II. aus dem opgehuewene Klouschter Mariendall zwee barock Säitenaltär aus Marber vum Skulpteur Jean Vandensteen vu Malines kaaft (vun ëm 1700). Zu engem vun hinnen huet d’Petrus-vu-Mailand-Statu gehéiert, duerfir gouf dësen Hellegen hei zweete Patréiner. Wéi d’Steeseler Kierch baufällig an ze kleng war, koum 1848 d’Decisioun se nom Plang vum J.-B. Kintzelé auszebauen (…mä bei Viraarbechte sinn Deeler vum ale Verwëllef erofgefall.)
De Grondsteen gouf am Juni 1851 geluet, den dräischëffege Neibau annerhalleft Joer drop ageseent (de 19.12.) woubäi de Michel Rodange säin éischt Gedicht "Der Tempelbau" virgedroen hat. D’Kierchechorale entstoung 1864. Den Tuerm dominéiert d’neogotesch Haaptfassade. (Ee lokale Leeëndeckersproch iwwer de Kierchhinnchen fängt un “Lo komme mir mam Kiirchenhunn, e weist iech Wand a Wieder un..”) Den imposanten a Steen gemeesselten Haaptpatréiner, den Apostel Péitrus, ass eng Raretéit vum sougenannte ‘weichen Stil’ vun ëm 1430. Hie sëtzt mat de Popstinsignien am lénke Säiteraum nieft der Entrée, an d’Récksäit vu sengem Troun dekoréiert e Kräizigungsrelief. Déi wäertvoll schwaarz-wäiss Mariendaller Säitenaltär si bliwwe bis haut. Den holzen Héichaltor mat de gotesche Gosse-Krabben (di d’Eecher Schmelz gemat hat) koum ëm 1979 an d’Wuermer Porkierch. D’al Statuen an den Antependium mam Abendmahl goufen an d’Laanghaus plaçéiert. D‘siwe Chouerfënstren hat de Ben Heyart 1980 entworf, déi aner datéire vun 1900. Säit der Liturgiereform huet de Chouer e réibehaënen Altorblock vum Pit Nicolas, deem seng skizzéiert Iddien iwwer dem Schaffensprozess evoluéieren. D’Tabernakelstèle verbënnt deeselwechte Steen a réibehaen Eechendunnen an ass vu polychroméierte Barockengele flankéiert. 2004 gouf de Kierchen-Interieur an neigotesche Faarwcombinatioune renovéiert. De Sënn vum sakrale Raum bleift weiderhinn onverännert d’ “ars celebrandi”, d.h. d’Konscht Gottesdéngscht ze feieren.
Eng Zeechnung vum François Schmit veréiwegt d’Steeseler Werdelsmillen op numeréierte Konscht-telleren. Dës Bannmillen, (och Diefort-, Kinneks- oder Domanialmille genannt), war ewell 1317 ernimmt an huet bis 1958 gemuel! Bei der Zielung vun 1887 hat ‘Steinsel‘ 616 Awunner, de Gonneschhaff 4 a Steesel-Moulin 10! Vu 1930-1973 houschen hir Besëtzer Henri, Urbain a Michel Werdel, duerno d’Gemenge Walfer a Steesel! S’ass 1975 ofgerappt gi fir enger Industriezone Plaz ze man. - Succès haten hei nom 2. Weltkrich Erdbier, Gromperen a Puffboune–Plantatiounen. Net ze vergiessen d’Äeppel! Ëm d’Steeseler Bongerte këmmert sech d’lokal Uebstbaugenossenschaft... an d’Beem do droen, wéi de Rilke mol sot “das Gewicht von hundert Arbeitstagen!” D”Cueillette’ mat holze Schubkare mécht vun Enn August bis Enn Oktober (Donneschtes- an d’Weekend-Mëttecher) Kanner an Erwuessene Spaass! Ugebuede ginn Äppel, Biren, Fiz, Gromperen..an ënner aanrem och Hunnech...
P.S. D’Press hat Enn Juni 2013 e flotte Projet vun de Steeseler Art à l’école–Schüler virgestallt: De Kanner hir 70 bemoolte grouss Mikadostaange verschéineren ‘lo als stänneg Ausstellung de lokale „Park Laval”. De Léon Laval-Tudor, en Enkel vum Schmelzhär Auguste Metz, war en aktive Geschäftsmann, Ingenieur an Deputéierten; hie gouf ënner aanrem 1911 Generalsecrétaire vun der Arbed an 1922 ee vun de Grënner vun der Assurance Foyer. Säi Steeseler Haus gëtt mol Schlass mol Villa genannt. - D’Steeseler Schoulgebaier si nom Willy Goergen, Sepp Hansen a Michel Rodange benannt; déi éischt ware Schrëftsteller an hei gebueren, dee leschte koum als 20järegen heihin als Schoulmeeschter mat Joresgehalt vu 700 Fr. Nach lescht Chiffren zur Gemeng: Steesel couvréiert eng Fläch vun 21,8 km² mat 1.268 ha Bësch an ëm hallefsouvill Aackerland. Der ‘commune à caractère rural’ gehéieren 363 ha Bësch an 56 ha Feld. Hiren Ëmfang ass (wéinst hire villen Zacken) e puer Meter manner wéi 38 km, also d’Distanz vun Lëtzebuerg op Rammerech oder Bollendref... an si zielt 4973 Awunner.