Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Steeën

 

Steeën läit an engem donkle Bëscherkranz an a senge Wise weeden stämmeg Kéih an edel Päerd... well hei Päerdsfrënn vu wäit a no zesummekommen. Et hat laang zur Gemeng Iermstref gehéiert, déi 2004 statistesch gesinn 30 % Auslänner, 22 Baurewiesen a 74 Päerd registréiert hat. Haut ass Steeën eng vu 7 Uertschaften an der Äerenzdallgemeng, déi aus der Fusioun vun där Miedernacher an Iermsdrefer ervirgoung.. ‘t läit awer net un enger Äernz. Den Uertsnumm weist sënngeméiss op ”Steg”, “Steige” oder “Stiege” hinn, d.h. schmuel Bréck oder steile Fousswee. Am Volleksmond housch et fréier “engem Iertsen op e Stee streen“ fir e symbolesch zu Fall ze bréngen ...oder engem säi gudde Ruff ze ruinéieren! Stegen heescht och eng Gemeng am Südschwarzwald, déi al Dokumenter als „die Höfe bei den Stegen" bezeechnen.

Steeën war laang e relativ modeste Flecken Erd, mä eelere Schrëften no war telefonéiren an telegraphéiren hei vum 2. Juni 1904 u bis op Bitbuerg a Neuerburg méiglech. Et hat 1981 beispillsweis 220 Leit, mä 22 Joer drop schonn 395 – wat en immensen Opschwonk bedeit huet. Säi relativ jonke lokale Veräin, d'Steeëner Sängerfrënn, besteet säit 1978. D'Por krut 2003 genee 130 Joer an zielt mam scho 775 ernimmte Folkendéng zum grousse Porverband Fiels. Hire Patréiner ass de Bartholomäus. Iwwer dësen Hellegen huet en Theolog d'Metapher ausgegruewen "Wëssen, wou de Barthel de Moscht hierhëllt.." wat heescht, gewëtzt sinn a „wësse wou di schéinsten Drauwe wuessen“! E schéine Saz steet op der ondatéierter, ëm 1820 geschate Bartholomäus Klack aus der Zäit vum Paschtouer J. Steichen: "Gott beschütze das Gebiet meines lauten Schalls". Am Steeëner Tuerm hänke nach d‘méi nei 420 kg schwéier "Marie-Klack" vu 1904 an d’"Häerz-Jesu-Klack" vu 1908 (vu 600 kg) béid vu Mabillon. Al kierchlech a weltlech Dokumenter iwwer d’Duerf si rar, mä eng hei 1570 ernimmte fräi Kapell gëtt 1628 als Porkierch uginn. Kuerz duerno sinn an engem Verzeechnes 16 Steëner Feierplaze notéiert, wat sech wahrscheinlech op e puer Groussfamillje bezitt. Gewosst ass och, dass d’Duerf am 14. Jh. der Maartvogtei Dikrech zugedeelt war a no 1574 de Feltzer Hären. Am spueneschen Successiounskrich sollten 1713 preussesch Truppen hei 8 Haiser verbrennen a Männer a Päerd verschleefen.

D’aktuell neogotesch Duerfkierch vun 1873 hat den Architekt Hartmann gebaut; virdru gouf et Diskussiounen iwwer hir Plaz. Den Haaptaltor koum aus der Ettelbrecker Wierkstat Weiler an d'konschtvoll fréier schwaarz ugestrachen Holzskulptur vum Adler um Buchpult aus der Virgängerin. Kuckeswäert sinn de vum Architekt Knepper entworfene Priedegtstull vun 1897, de Beichtstull aus der Fielser Schräinerei Comes an klassesch kadréiert Statiounen. D’Fënstere (vu 1910) presentéiren Helleger a stamen aus dem Atelier vum Altwiser Kierchemoler Koppes. ‘Legilux’ huet 1909 en Don un d’Kierchefabrik registréiert: 850 Fr. vum Jean Meyers, curé de Berg (plus ee vun 100 Fr. fir d’mise en état vum Schoulmeeschteschhaus an de 1920ger.) 1978 haten Duerfleit mat fréiere Steeëner zesummen eng Pfäifenuergel ugeschaaft, där hire sëlwrege Klang gefällt. Ënner den Hären Arend a Schmit gouf d’Kierch no ronn 100 Joer restauréiert. Dobäi hu vill Leit aus dem Duerf eng Hand mat ugepaackt - en dueble Grond fir uganks Abrëll 1989 e Renovéirungs-Ofschloss-Fest. Dee Moment gouf och de gediegene Volleksaltor geseent, an där den Dikrecher Schräinermeeschter Jean-Pierre Faber eng al Kommuniounsbänk aus der Muselgéigend verschafft hat. Nieft dem spéitbarocke Bild vum Schutzpatréiner impressionéiert och d‘Walpurga-Figur (e prominent Beispill “fir d’Entfalungsméiglechkeete vun engagéierte noble Fraen am ‘däischtere‘ Fréimëttelalter.”)

Naturfrënn schätzen d'Plantatioun vu Spierebeem beim Steeëner Paschtoueschhaus. Si goufe geplanzt fir d'neigebuere Kanner; am Joer 2000 war dës Zort mam latengeschen Numm Sorbus Torminalis "Bam vum Joer". Wat fir Beem wuel fréier hei stoungen? “Tirelter” vläicht? Dës Kornellkiischtestraich kéinnten éischt Siedler net wäit vun der Tirelbaach zu dem “spréchwiertleche” Gedanken inspiréiert hunn “wou e Stee duergeet, baut ee keng Bréck“. Vläicht war awer och eng al zolidd Holzkonstruktioun iwwer d’Baach Schold um Duerfnumm. Och Roum hat als 1. Tiber-Bréck bis 142 viru Chr. en uralen Holzstee.

P.S. An der Réimerzäit gounge 6 bekannt Stroossen duerch eis Regioun, beispillsweis Metz-Tréier an Arel-Tréier. Dem Professer Ternes no louch Steeën un enger Ofzweigung vun där éischtgenannter, (seng illustréiert Etude vu 1970 situéiert d'Duerf op de Kiem Tréier-Waasserbëlleg–Mäertert–Bech-Miedernach mat probabler Route iwwer Waarken, Feelen an Eschduerf op Baschtnech. (Vläicht sinn hei nach vergruewe Schäz?) Eisem Dictionnär no heescht am Steeëner Dialekt Kuerf “Kuref” - wouzou d’schwäizer Reflektioun passt..‘et muss ee net jidder Kuref zesummen droen, mä ’t wär schéin als Partner am selwechte Bongert ze schaffen.‘ Hei um Flouer entsprangen d'Riedesch- an d’Tirelbaach, di zesumme laanscht d’Tschiddeschmillen bei Gilsdref an d'Sauer fléissen. (D’Tirel, d’Kornelkiischt, ass op schwäizerdäitsch Tierlibaum.) D‘berühmt Steeëner Eech mam decke niddrege Stamm spiggelt sech an engem klenge Weier um Bord vum Bësch ’Bricherheck‘! D’Natur voll genéisse kann een hei mam Velo.. de Wee Schieren-Steeën soll e Genoss sinn!