Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Sprénkeng

Sprénkeng läit 14 km vun der Stad, a sträift d‘N 5. Et louch fréier um Réimerwee, deen op Mamer goung, an haut passéiert hei déi 807 km laang E 44! (Dës verbënnt Le Havre, Amiens a Lëtzebuerg  mat Kueblenz a Giessen.) Vläicht huet de passionnéierte Photograph Hans ter Horst  sech hei op der Sich no intressante Panorama-Vuë veriirt, a seng Kamera spontan am ländlechen Duerfkär ëm 180 Grad rotéiere gelooss! Säi Panorama-Bléck ëm ‘d‘church-of-sprinkange-luxembourg-europe‘ an d’aalt ‘Manor house‘ sinn nämlech zwee vu senge spezielle Liichtbiller (op www.360cities.net.) D’Kierchefënsteren hu keng Motiver, spiggelen dofir awer baussen hire Vis-à-vis erëm. Sprénkeng ass die zweet Uertschaft un der jonker Mess, hanner Schuller - an am Laf vun der Zäit hu béid sech flächeméisseg verduebelt a sinn zesummegewuess.

D’Sprénkenger an d’Lampecher Chronik ernimmen d’adeleg Landbesëtzer a beispillsweis am Dez.1350 de Ritter Philipp vu Lampech als Zeie beim Verkaf vum Sprénkenger Grondbesëtz. Se nennen 1630 dem Hans Karl vun Ouren, Här zu Tavigny, säi Kaaf vun den Héichgeriichtsrechter vu Schuller, Sprénkeng a Lampech vum Kinneck Karel vu Spuenien fir 3.205 Karolusgulden! D’Nopeschdierfer ënnerstounge fréier heefeg engem Häregeschlecht a komme selten eenzel an alen Dokumenter vir. 1778 hat dann de Majouer von Geisen, Här vun Dikrech, Betten/Mess, Sprénkeng a Lampech, eng Duechter aus der louthrenger Vicomte-Famill de la Fonteyne-d’Harnoncourt bestued; duerno weisen Zeilen d‘Schlasshärin vu Betteng/Mess, d‘Madame Victorine-Dieudonnée Geisen-de la Fontaine als Bienfaitrice. 1779 goufen den Haff vu Sprénkeng an d‘Herrschaft Lampech mat der Schuller Millen vum Ch. J. de Geisen fir 18.500 Daler kaaft.. (Nei sinn dunn Copien aus de Stadporen um Greffe vum Tribunal an ee Joer al d‘Stroossennimm (op Blechschëlder) un de Stadter Eckhaiser..) Bis 1792 hu Sprénkeng mat Schuller an och Dippech zur Por Duelem gehéiert. Duerch en Dekret vum Tréierer Äerzbëschof koum hire Sëtz finalement an dat éischtgenannten - an 1884 ass dat zweet d‘Por ginn.

De Chronogramm iwwert der säitlech plaçéierter Kierchenentrée weist 1766 als Baujoer. Dodriwwer steet hir Patréinesch, eng schéi Mariestatu mam Jesuskand. D’aktuell Kierch mam ländlech barocke Stil ass op der Plaz vun hirer schonn 1260 ernimmte Virgängerin.. (déi laang e vill besichte ‘lieu de pèlerinage’ war.) De liicht mëttelalterlechen Tuerm blouf erhalen, seng kleng Lächer waren emol Schéissscharten, d.h. dass d’al Kierch eng Wierkierch war. Den Abt Bertels (+1607) hat si mat Tuerm an Daachreider vu verschiddne Säite gezeechent an do e ‘LeyGut‘ erwähnt. Séngerzäit houng ‘Sprenckingen‘ vun de Benediktiner am Stadgronn of. D’Kiermes gëtt den 1. Sonndeg am Juli gefeiert. (D’Niewepatréiner, déi hl. Dräi Kinniken présentéiren uewen um Haapt-Altor d’Szeen vu Bethlehem.) Iwwerëm Dréitabernakel steet d‘Immaculata. Sujet vum Antependium ass d’Buch mat de siwe Sigelen. De wäertvolle Mobilier krut seng ursprénglech faarwefreedeg Polychromie 1979 vum Carlo Bettendorf fräigeluet a restauréiert. D‘Säitenaltär wierke relativ grouss; een weist d‘Helleg Anna mam Maria an driwwer den Evangelist Markus - deen aneren den Donatus an e Bild vu Sankt Péitrus mat den Himmelsschlësselen.

Zum Priedegtstull mam sechseckege ‘Kanzelhimmel’ passt de Saz vum Paul Cézanne: ‘D‘Harmonie vu senger Konscht verleeft parallel zur Natur.‘ Pendant vun der gotescher Tabernakelnisch mat Gitter a Baldachin ass eng Lucia-Statu. D‘Inscriptioune vun den zwou 1839 zu Hollerech gegosse Klacken résuméieren e Stoussgebiet fir d’Duerfleit an en Hiwäis op hir Spender. Dem alen Duerfkierfech seng niddreg Steekräizer laanscht d’Kierchesäit sinn, wéi di ural vu Schéimerech, wichtegt Kulturgutt. Fir den neie Wee bei den neie Kierfech um Hiwwel hannert der Kierch krut Sprénkeng1893 e Subsid vun 200 fr. a fir de Wee op Lampech 400 fr. Eng Weil drop, 1938, koum eng Bréck iwwer d‘Mess an d’Millebaach. D‘lokal Schräinerei Calmes hat se ageschaalt fir e Stonneloun vu 4 Frang. Op Wonerei a Fabrik fir Stiller oder holze Schubkare fir d‘Schmelzen, se war villsäiteg an huet stänneg evoluéiert. Dëst mécht och den Demonstratiounsbetrib fir biologesche Landbau, de Bio Haff ‘an Dudel’. Kéngt elo zu Sprénkeng d’Natur, erkläert eng zoufälleg entdeckte Chinesesch Weisheet zum Thema ‘kéngen‘, dass de ‘Keim vun der Intelligenz‘ Opmiersamkeet heescht...

P.S. Schülerinnen-Aufsätz haten 2002 dat typescht vum Duerf beschriwwen: dee Moment hat et eng Awunnerzuel vun 356, eng al Kierch (mat engem Clavecin), en ale Kierfech, e Wäschbur an eng Baach. Hir Iwwerschwemmung vum 25. Abrëll 1995 ass onvergiess. Eng www-Quell verréit, dass am Joer 11 vun der République, (d.h. tëscht dem 23.9.1802 an dem 23.9.1803) Sprinkange 86 Awunner hat (an d’ganz Gemeng 705.) D‘Zielung vun 1848 louch bei 233 Leit - an déi lescht genee bei 497. Duerch den Zouwuess war virun eppes iwwer 100 Joer eng Millen bei den ‘eaux tranquilles du ruisseau Mess’ néideg. An haut suerge flaach oder terrasséiert gefleegte Gäerd derfir, dass d'Aartevielfalt vu Fauna a Flora ronderëm erhale bleift. “Spréngerleken“, wéi d‘Heesprénger oder d’Gréng Heepäerderchen zu Steesel heeschen, rivaliséiren hei wahrscheinlech mat Rekordspréng.