Siwwenaler
Siwwenaler läit am Kiischpelt, an hanner dësem sengen traditionnell mat ‚crépi blanc‘ gewäisste Fassaden sinn am Hierscht 2013 sechzeg Awunner doheem. ‘t koum aus der fréierer Gemeng Munzen an déi Clierfer, an de Postcode ass hei fir jiddfereen 9840. Kann ee vill vun sou engem klengen Duerf soen? Natierlech! Et feiert Mëtt September 2 Deeg Kiermes, déi um Virowend mat engem Concert vun der Gemengemusik Munzen ufängt. A sonndes invitéiert d‘Amicale Siwwenaler an hiert Zelt op Fierkelshämmche mat Zalot, Speckgromperen, Gegrilltem a Kuch. D‘Amicale hat zënter 1994 ewell sënnerlech Initiativen déi „d’Darref och iwwerregional an d’Mëtt geréckelt“ hunn. Dëst sinn z.B. Buurgbrennen, Grouss Botz an d‘populär „Hameschmieren-Aktioun”, d.h. e Ravi-Stand bei der Randonnée Edy Schütz!
D‘Vollekszielung vu 1501 ernimmt Zewen-Aller fir Sibenaler mat 7 ‘ménages serfs‘ - d.h. 'Leibeigenen'. En Hiwäis op eng „Pfandversetzung in der Meyerei Siebenaler vu (1546)“ a villes méi bréngt d‘gediegen illustréiert Buch mam Titel „Beiträge zur Geschichte des Kiischpelt, eines uralten Grenzraums im Luxemburger Ösling“ (vum J. Cl. Muller an lokale Geschichtskenner.) An ‘t erzielt Erstaunleches wat esou en „historisch und landschaftlich äußerst interessanter Kleinraum“ opweises huet! Der Erklärung vun ‚namensbedeutung.de‘ no bedeit de Jongennumm Aler ‘Erle‘! An d‘Zuel 7 steet ënner anerem fir Vollkommenheet. Den éischte Bibelvers besteet am Urtext aus 7 Wierder - an de 7. Schöpfungsdag ass e Roudag.
D'Kapell vu Siwwenaler datéiert vu 1628, aus dem Joer an deem de Moler Jan Vermeer gebuer gouf… an ass net vollkommen, mä kleng a modest. Se huet ee rauteförmeg plaçéierte mat Leeën agekleeden Daachreider wéi de Lëlzer a krut 1780 e neit Portal. Hire wäertvollen Altor aus dem spéide 17. Jh. mat Tableau vu Maria Himmelfahrt refletéiert barock Frömmegkeet. D’Kräiz uewen um Altor ass méi al. D’Kapell ass eng Plaz mat ‘perspective d’espérance et de salut’ (schreift den M. Schmitt 2003 am klenge Regensbuerger ‘guide artistique’ vum Kiischpelt.) Vun hirem Patréiner Lampert wësse mer, dass hien och eise Beschof war, well d’Éislek fréier jo zur Diözes Léck gehéiert huet. Hie war ëm 708 ëmbruecht ginn, well hien de Ministren a Grofen zevill riichteraus war. (Säi Mäerder soll 6 Fangere gehat hunn, an seng Nokommen hätten déi geierft.. verréit d‘Buch ‚Mosella sacra‘.) D’Niewepatréiner sinn de Quirinus an d’Hl. Anna; hire Pendant ass eng gekréinte Madeleine-Statu. Si sinn Zeien vun enger ‘piété populaire’ duerch Jorhonnerten. Déi eenzeg Klack ass vun ca. 1852. Am Januar 2005 goufen hir Ronnbou-Fënstere vum Zanter restauréiert an nei verbläit. Am geschichtleche Reckbléck daucht eng Notiz op iwwer d‘Verdeelung vum „Zehnten“ oder ‘dîme‘ an der Por Pënsch. Gewise ginn do géingt 1710 d’detailléiert Usprech vun zeng Stämm: de ‘Pastor‘ krut a jidder Duerf vun néng Gaarwen der dräi (an d‘weltlech Hären, z.B. di vu Burschent, Wolz, Wampech oder Klierf mol eng véirel, mol eng aachtel oder eng ganz Gaarw.) Den 'Zehnten' war d’Bezeechnung vun enger etwa zengprozenteger traditioneller Steier a Form vu Geld oder Naturalien. (De Bonifaziusbréiwer no sollt d'Hallschent vun de Geeschtlechen hirem Deel d’Kierchebauten an di Aarm ënnerstëtzen.)
De Geschichtsfuerscher an Abbé Henri Blackes (+1987) hat vu Siwwenaler gestaamt a groussen Interet um Patrimoine; senger Analyse no erënnert den eegewëllege Wëlwerwolzer Willibrord un en Iechternacher Siggel. - Vu Munzen kënnt eng Promenade erof iwwer d’Lamichtsbaach duerch d’Duerf, dann op de Bëlzknapp, deels iwwer de "Sentier Ardennes-Eifel" an virun Drauffelt zréck op de ‘starting-point.’ De Saz vum Joseph Hess vu 1964, dass „d’Landschaft hei esou wéi e Park oder Gaard iwwer de gewellten Hiwwele läit,“ passt ëmmer nach (.. mä net méi, dass bal jidder siwwenten am Land en Auto huet...) An onverännert bleift d’Distanz an d’Stad 70 km. Last not least presentéiert de Band 2 vun "Et war een deemools net méisseg" de polulären ambulante Siwwenaler Glaser, e 'Vitrier', deen an "Hansen" doheem war. En huet an enger spezieller Glashatt kleng a grouss Glasscheiwen transportéiert an au besoin gebrache Rauten ersat.
P.S. Bei der Ouverture vum ’Luxembourg-American Cultural Center‘ (am August 2010) am 2000 Séilen-Uert Belgium am Wisconsin – war ënner de Nokommen vun den ronn 70.000 do agewanderte Lëtzebuerger de Geeschtlechen Martin Siebenaler. An deem Kultur-, Dokumentatiouns- a Fuerschungszentrum ass dee Familljennumm bestëmmt méi wi eemol ze fannen. Statistesch war en hei 1880 mat ie 90 mol registréiert an 1984 dann nach 46 mol; mam kuerzen i ass e méi rar. Et fënnt een en och an der Lorraine. - Eppes ganz rezentes nach: säit de sanéierten Uertskär am Oktober 2013 offiziell a Betrib ass.. d‘nei Zougangsstrooss fäerdeg, d‘Wasserleitung deels nei verluet an d’Stëtzmaure verbessert sinn... ass Muerges um siwen d’Welt hei nees an Uerdnung!