Simmer
En Dokument vun 1192 ernimmt en Dietrich vu Septfontibus - eent vun 1211 e Wirich. De kulturelle Weeweiser "Das alte Luxemburg heute" iwwer konschthistoresch Bausubstanz vu Buergen, Schlässer a Kierchen beschreift Simmer op fënnef Säiten! Do geet ënner aanrem eng "Geessebréck" mat Ieselsréck iwwer d'Eisch an zu Féiss vum Schlass leeschte kleng al Handwierker- an Doléinerhaiser gréissere Gebaier aus dem 18. Joerhonnert Gesellschaft. Si all ginn dem Duerf e spezielle Cachet. Bekannt waren hei ëmmer déi al Millen, d’Simmer Bäcker, Steemetzer a Leeëndecker. En typesche Leeëndeckertiermchen huet nach no 40 Joer un d’Onofhängegkeetsfeiere vu 1939 erënnert. 't hat maximum 660 Awunner an ’t gouf vum Fresez gemoolt. D’Duerf ass 1828 un d’Post Miersch ugeschloss ginn, aacht Joer drop goungen “Facteuren” iwwer Land an duerch den Eischdall.(Staatsbeamten goufe si 1842). Eis éischt Timbere koumen 1852; een hat 122 Joer drop der Simmer Kierch hiren ‘Art gotique’ veréiwegt.
Den Eischdall hat siwe berühmt Schlässer, eent dovu stoung zu Simmer. Seng Schlassruine ass haut Privatproprietéit; se läit op engem Fiels, 50 m iwwer dem Dall wou d’Iechternacher Abtei emol Gidder hat. Hiren eelsten Deel mam ronnen Tuerm gëllt als protohistoresch Fliehbuerg am galloréimesche Siidlungsgebitt. Ëm 1400 koum e gotesche Fligel mat engem quadrateschen Tuerm bäi, an no 200 Joer, ënner dem deemolgen Här Christoph vu Criechingen e massive, geräimege Wunntuerm am Renaissance Stil un der Nordentrée. Dëse war bewunnt bis 1737 an dréit haut zu de Ruinen hirem Charm bäi. Nogewise ginn och e Pëtz, e Backuewen an e Prisong. Gewosst ass, dass 1233 de Johann vu Simmern e Vasall vun der Gräfin Ermesinde war an den Thomas vu Siebenborn Henri VII. als Lieutenant-Maréchal op Roum begleed hat. Den 39järege réimesch-däitsche Keeser a Grof Henry VII. krut an Italien d‘Malaria an säi Frënd sollt him1313 eng Kapell baue loossen. Dës gouf 1317 geweit Aus hir entstoung etappeweis d'Porkierch mat Grafstäng a versenktem Relief vun der ‘edlen Margarethe’ (vu ‘Rulling‘, +1512) an dem Johann vu Raville, di hei Ierwe waren. Simmer huet an dësem Denkmal en authentescht Stéck Mëttelalter. An d’al Buerg? Nom Brand um Enn vum 18. Jh. koum no 1920 eng herrschaftlech Wunneng an hir Maueren, an dës krut an de 1950ger en italienesche Grof als Besëtzer.
Opfalend an der haiteger Kierch ass de romanesche Vierungstuerm mat lothrengescher Influence mat Fënsteren a Kléiblat-Form an Fëschblosemuster am Chouer. D'Säitekapell riets ass vun 1316, di lénks dem Schlusstee vum Verwëllef no vu 1516. (Masken am Mauerwierk verroden an hir eng fréier Asylkierch.) D'spéitgotescht erneiert Laanghaus lénks vum Tuerm datéiert vu 1716. Säithir steet den Tuerm an der Mëtt an gëtt banne vu wuchtege ronne Säile gedroen. Nach impressionant sinn d'spéitgotesch Logë vun de Schlasshären an d'gotescht Netzverwëllef mat Wopen a Schlusssteng. D’Martinskierch gouf am Laf vun der Zäit e puermol restauréiert, sou1717 an 1860. D’barock Pietà huet hir Plaz an der Dafkapell riets vum Altor. Déi al a Stee gehaen iwwerliewensgrouss Renaissance-Statuen am lénke Quierhaus stellen d’"Grafleeung Christi" duer a stamen aus engem Eremitage; ee vun de Personnagë weist d‘Gesiichtszich vum Thomas vu Simmern an d’Christusfigur déi vum Henri VII. – 1963, ee Joer nom Klasséiere vu Kierch a Kierfech als ‘héritage culturel‘, gouf un e neien Ducksall, eng nei Uergel an e neie Buedem geduet. De fréieren Altor ass elo net méi do, lieft awer a senge volkstëmleche Figure weider. De Kierfech huet klassesch Pällemborduren an eenzel iwwergrouss historesch Grafstäng vu Buerg- an Duerfbewunner, well hei laang Kräizmécher gelieft hunn. Seng barock Kräizweestatiounen, d’"siwe Foussfäll" vu 1737 am typeschen ‘Maria-Theresia-Stil’, komme vum fréiere Wee op de Méchelsbierg.-
Déi siwe monumental Quellen an der Mëtt vum Duerf hunn him säin Numm ginn. En Detail aus de Bëscher vu "Siebenborn" d.h. Simmern, dréit 1745 ëm dem Ansemburger Schlasshär seng Vente vun 300 Eechestämm fir 7 Daler d'Stéck. Sie hat vermuttlech mat der Simmerschmelz ze dinn, di vu 1624 bis an 18. Joerhonnert immens floréieren an eng Haaptindustrie vum Land gi sollt. Zeien dovu war laang den "Hôtel Simmerschmelz", haut a Privathänn. D'Schmelzen hunn enorm vill Holz verbraucht, 1698 hat d'Simmer Schlassherrschaft 44.800 Kouerten Brennholz kaaft. Déi Chiffren, grad wéi de neie Postkutschendéngscht vun hei op d’Cap tëscht 1857 an 1919, kann ee sech haut kaum nach virstellen. (Deels aus de 'Kierchtuermscauserien')
P.S. Iwwer d’moleresch ‘Geessebréck’ goung fréier de Reitpad vun den Aansebuerger Hären, haut féiert de "Sentier des sept châteaux" iwwer deem ‘ponceau’ säi Bockel.. Dësen ass am Wanter besonnesch ‘photogen’ an e Kulturdenkmal säit 15. Juni 1984. Simmer ass wéins sengem pittoreske, verwénkelten Duerfkäer absolut sehenswert. - D’Wuert "simmeren" heescht iwregens e Feld am Summer leie loossen, net beaarbechten - ‘t ass plazeweis awer och als ‘Glannen’, oder ‘Nolies’ bekannt. Eng pfälzesch Huelmooss fir Fruucht gëtt och Simmer genannt. An zimmlech aktuell kléngt da schlussendlech d’englescht Verb to simmer, et bedeit Slowcooking oder ‘sanftes Garen’..