Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Sennengerbierg

Eng Rees mam Fanger op der Landkaart op de Sennengerbierg ass net wäit, mä bréngt deels erstaunlech Informatiounen. Et hu beispillsweis am Joer 1900 just 95 Leit do gewunnt, ronn 80 Joer duerno dann 1100 an haut 1435! Bis heihi fueren d ‘Städtesch Autobussen.... De Vëloswee op Iechternach iwwer d’Charly’s-Streck ass un d’europäescht Vëlosnetz ugeschloss. An di säit 1952 exploitéiert.. an haut iwwer 18 Hektar grouss Carrière Feidt liwwert 300.000 Tonne Sand a Nieweprodukter d’Joer.

Ëm 1900 hat de schwaach besidelten Uert Sennengerbierg an der Gemeng Nideraanwen 22 Haiser mat wi gesot knapps 100 Awunner. Kee Wonner, e besteet jo och eréischt zënter 1842! Et haten deemools Aarbechter aus der Sennenger Pabeier- fabrik an aus noe Steebréch sech do niddergelooss! Wéi d’Pabeierfabrik net méi rentabel war entstoungen da grouss Karrièren um Bierg. Aus dem ‚Gromeschaed’ stamen z.B. d’Steng fir de Bau vun der sougenannter "Charly’s“ Bunn, déi 50 Joer vu Lëtzebuerg op Iechternach gerullt ass, bis 1954. Et koum natierlech eng Gare nobäi mat Quai an Ofstellgleiser fir d’Steebréch. 1914 waren hei ewell 36 Haiser, an d’Entwécklung goung rasant weider. D’Waasserleitung gouf geluet, 1916/17 an gläich drop en éischte Waassertuerm gebaut. Staterleit hunn Ausflich heihi gemat. Enn November 1934 gouf d’Golf Gesellschaft (d‘ Société Immobilière du Golf S.A.) gegrënnt. D’Grande-Duchesse Charlotte hat hires Terrain dofir bäiginn. Am Hierscht 1947 gouf an der Rue des Romains op Nr. 2 d’Loretto Kapell geweit. D’Sandstäng aus hirer Fassad stamen aus dem ale Wäschbuer senge Maueren. Hir vum Lucien Lamort gestëfte Kläckelchen houng fréier an der Sennenger Pabeierfabrik... D’Loretto Madonna ass d’Schutzpatréinesch vu Piloten, Flieger a Passagéier. Nom ’commun accord’ vu Schäfferot a Kierchefabrik gouf d’Kapell 2001 als Salle polyvalente ëmgebaut.

Wichteg ze soen : De Sennengerbierg grenzt un de Gréngewald… dee nom Wiener Kongress Staatsdomaine gouf. Wëllem I. hat Deeler dervu verkaaft als Finanzement fir Bunn- a Stroossebau... an Wëllem II. huet se 1848 erëmkaaft (...et ware keng gutt aner Keefer do, housch et - a spéider goungen nees Deeler un de Staat!) Haut ginn ‘12 sentiers thématiques’ iwwer ‘histoire, sciences an ‘curiosités touristiques’ duerch de Bësch, an mat e bësse Chance kann een do bal dauwegrousse Schwaarzspiechten hire ’pliiü’ héieren… Nobäi sinn och de “Naturzenter Sennengerbierg an de Forstzentrum . Wéi mir nach en Duché waren, 1794/95, bei der Annexioun vum Land duerch d’franséisch Truppen, hate mir 20 Joer laang den Titel ”Département des Forêts”. Den Zweck vun de Bëscher, och dee vum Gréngewald, war allerdéngs fréier laang Zäit d’Festung mat Brennholz ze versuergen! - Ufangs de 1950ger Joren haten d’Fouerleit d’Idee no der Schueberfouer hei eng Etappe anzeleeën, hei ass da nämlech Kiermes. Dat goung eng Zäitche gutt, mä sollt sech iergendeemol am Sand verlafen. Viru 7-8 Joer, also kuerz nom Millenium hat déi Kiermes nees opgelieft, an ‘et gouf da kuerz nees e bëssen ’sou wéi fréier um Duerf..’

P.S. Zu de sehenswäerte Gebaier um Sennengerbierg gehéiert och de fréiere Schoulbau vu 1958, e steet nieft der Loretto-Kapell, an déngt entretemps als Garderie. Ëm 1900 haten zum klengen Uert op der Sennenger-Héicht nieft den 22 Haiser nach 4 Guttshief gehéiert... de Parishaff, de Münsterhaff, de Fransousegrond an den Höhenhaff. A wéi ewell gesot, zwëschen 1900 a 1982 verzeechent d ‘Statistik en Uwuesse vu 95 op 1111 Persounen!