Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Schwéidsbeng

Museldierfer leien der poetescher Fieder vum Carlo Hemmer no “ongezwongen um Floss, an hir Riewe sonne sech an den Hänk.” D’Temperatur ass hei bis 2 Grad méi héich wéi soss am Land an dofir fält am ‘Midi du Benelux’ de Schwéidsbenger méditerrane Gaart op. An him wuesse Figen a Kiwien, nieft Mimosa aus der Tierkei an aneren apaarte Sträich. Eng Zort Mekka fir Musel-Fans ass hei d‘Wäifescht kombinéiert mat Kiermes, 't fänkt ewell freides-owes un! An op ‘Liesraaten’ waart hei an all Saison säit kuerzem an der aler Schoul eng Duerf Bibliothéik mam flotten Numm ‘Bicherthéik’ mat iwwer 3000 Bicher.

Typesch fir Schwéidsbeng sinn d’Kierch mat hiren zwee Tierm, de schmocke Bootshafen an dem Fräiliichtmusée seng Wäikelteren. An op Kiermes-Sonndeg gëtt Mëttes um 3.00 hei de geseente Wäin (eng Idee vum Abbé Schramm) um Wäibuer vun engem Éieregaascht ugezaapt (z.B. 2010 vun der Ministesch Françoise Hetto-Gaasch.) Den Hämmelsmarsch geet Samschdes Owes. De konschtvolle „Wäibuer“ staamt vum Paräiser Artist Di Domenico. Beim alljäerleche Wäifescht fléisst aus him en edele Rivaner, gratis, fir jiddereen! D’Leit sti Schlaang fir sech do vun zwou Schwéidsbenger Jofferen an ‘Tracht‘ (sou soen s’am Duerf) an just erstane Glieser net Waasser, mä goldege Wäin aschenken ze loossen! Eng aner Attraktioun: vu 1989 un planzt hei op Kiermessonndeg ee Minister e Riefstack an de Ministesch-Wéngert! Fréier gounge Pressessioune fir d’ Drauwe-seene bei d’Notre Dame des Vignes. Hir Statu vum Aurelio Sabbatini breed um Enn vum Duerf säit 1955 hire Mantel iwwer d’Kanner aus an iwwer d’Riewen, déi am Hang hanner den Haiser vun den 346 Awunner wuessen!

Vun 1335 datéieren éischt urkundlech Zeile vun enger Schwéidsbenger Kapell. Hire Klackentuerm ass e Wiertuerm aus dem 15. Joerhonnert. Hie krut Mëtt de 1920ger beim Ausbau vum aktuellen Haaptschëff Gesellschaft vun engem zweeten an der Dafkapell... mat der Ducksall’s-Trap; vun dunn sinn och d’Statute vum Gesank. Dem Wiener Atelier Gerasimenko seng 3 Mosaikbiller (no Entwërf vum Brudder Notker Becker) zielen iwwer eng Millioun Steng an dekoréiere säit 1964 d’Chouerwand. D‘ Haaptbild illustréiert d’Bibelwuert “Ich bin der Weinstock, ihr seid die Reben“ mat engem Wënzermesser an der lénker Hand vu Jesus.

Jidder 1. Sonndeg am September, wa Muselwäin aus dem berühmte Schwéidsbenger Buer fléisst, gi „Konkelen“ verkaaft, mat deene jo den urale Spottnumm „Konkelskäpp“ zesummenhänkt! Di eelst Konkels-geschicht staamt aus der Zäit vu Jang dem Blannen. Wéi dësen op Krichspad mat senge Schëffer laanscht Schwéidsbeng koum, wollten d’Leit him mat gudde Wënsch fir e Sieg eng Konkel mat op de Wee ginn. Dem opgereegten Iwwerbrénger ass s’aus den Hänn gefall mat der Kappsäit op e Koup Steng, ouni ze briechen! Dorop sollt de Grof mengen „Mei, hon die en dikken Käpp die do.“! An hinne gouf fréier 'Péck' mat an d’Wéngerte geholl, en Dronk aus enger 2. Drauwe-pressung mat Waasser an Zocker. D’grouss Kiermes Sonndes nom Fest vu Sankt Fiaker, de Wënzer hirem Patréiner, gouf soss am Volleksmond „Fléifouer“ (Flohkirmes) genannt; si an d’Stader Fouer falen nämlerch openeen... ausser a Schaltjoren. De Lëtzebuerger Dictionnaire beschreift eng imaginär Zeen wéi ‘t se hei wahrscheinlech och gouf: ‘De Schwéidsbenger Monnonk Matheis huet dem Pitti an dem Mätti um Kiermesdësch Flaatschen Ham vu ‚viirzejoër‘ op den Teller gehäit a sot dobäi “sou Jongen äescht, dat ass fresch Flääsch“!

P.S. An eisem klengste Wënzerduerf sengem 59 ha groussen Rief-Areal wuessen haut 26 % Rivaner–Riewen. Am Joer 1050 ass de Grof Giselbert aus dem Haus Lëtzebuerg als ‘Weinbergbesitzer zu Schwebsingen’ urkundlech ernimmt. Erwänt am 13. Joerhonnert en “Urbar” oder Inventar vun der Abtei Sankt Maximin’ d’Duerf als ‘Weinlage‘, heescht dat, wou eng räich Klouschter-Gemeinschaft Wéngerten hat, waren d‘Riewe forcément vun ‚edeler Aart‘! - Den 23. August 1953 krut dat éischt grousst Wäifest hei e kulturellen Touch - mam Hannergedanken de Wäinhandel ze beliewen. Di éischt Monographie vum Duerf hat Succès; vum Martin Gerges senger éischter Muselpublikatioun koum gläich eng zweet Oplo an e Joer drop louch da fir d’ 2. Fescht d‘Wäibuch ‘Notre Moselle, notre vin" vir. De Begrëff ’Schwebsinger Konkelskäpp’ hu mer an enger Sendung vum ‘Saarlännesche Rundfunk’ verlauschtert.