Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Schëtter

 

Zur aler Herrschaft Schëtter hu Mënsbech, Iwwersiren, Éiter a Schrasseg gehéiert an vill Bëscher… An dësen hat d‘réimesch Koloniséierung hei vläicht manner déif Aschnëtter hannerlooss wéi anerwäerts. D’Buch vun de lëtzebuerger Wälder (vum Jos Helbach) hält fest: Wéi d‘Maximäinerklouschter net méi Besetzer vum Schëtter Bësch war (an deem d‘Awunner laang d‘Notzungsrecht haten) hu Staat a Gemeng d’‘Schüttringer Hard‘ 1798 ënner sech opgedeelt. Fënnef Joer drop gëtt de Kadaster hei 25,50 ha un - souvill wéi de „Bonnewegerbusch“. Schrëften iwwer d'Ur-Pore Schëtter a Steesel verroden, dass eng virréimesch Strooss hir Grenz gemat huet. Ur-Poren datéiren un d'Enn vum 6. oder an den Ufank vum 7. Jh.. Am allgemenge louge se un oder no u grousse Stroossen, déi dem Handel, dem Postwiesen an der Arméi gedéngt hunn. D'Schëtter Eegekierch gouf iwwregens 723 ernimmt am Zesummenhang mam Karl Martell... a mir ënnerstounge groußendeels als Hannerland vun der "Roma Secunda" Tréier laang dem Tréierer Bistum.

Siegfridschlass koum 963 op de Schnëttpunkt vun de véier Landporen Hollerech, Schëtter, Sandweiler a Weimeschkierch a paralell entstoung am Gronn en Handwierkervéirel. Nom Zerfall vum Réimerräich hat d’fränkesch Groussmuecht eis Regioun iwwerholl an de Sirdall weider besiedelt. De Numm Schittringen weist op fränkesch Grënner hinn. Heinrich II., en Enkel vum Grof Siegfried, hat 1044 der Tréierer Abtei Sankt Maximin d'“Kirchdorf Schittringen” an den Haff Anwen geschenkt - deen ëmmer schonn zur Ur-Por Schëtter gezielt hat. Dass dës un Al-Weimeschkierch gegrenzt huet beweist do de Flouernumm ’Schëttermarjal‘ (tëscht dem Plateau vum Kierchbierg an de Schinne vun der Nordstreck.) Ëm 1200 ass d’Duerf als ‘grand domaine agricole composé de 24 fermes’ registréiert. No a no koum et a weltlech Hänn an huet évoluéiert ‘selon les règles du système féodal’. Wéi 1486 d'Schëtter Porhaus no engem Stuerm zesumme gefall war (an net méi opgebaut gi konnt) krut d'Por d'Landhaus vum Badener Markgrof, d'sougenannten “Hueschter Haus” als Wunnsëtz fir hir Geeschtlech. Vun ëm 1500 bis zum Enn vun der Feudalzeit hu seng Paschtéier zu Hueschtert residéiert.

Dem Benediktiner a Prieur vun Aalmünster Jean Bertels (1544-1607) verdankt Lëtzebuerg eng unique Dokumentatioun iwwer d'alldeeglecht Liewen a seng Uertschaften. Op der Sich no deenen Detailler stouch sécherlech echten "Historikerschwees". Zwou Zeechnunge vum Abt weisen Uewer- an Nidderanven, Sennéng a Schëtter ëm 1570. Notizen no goufen an deem Joer bei enger Visitatioun zwee Altär an e Kielech an als Patréiner den hl. Péitrus festgehalen. 1725 krut Schëtter e Geeschtlechen deen och Notär war, de Michel Meÿs. Hie gouf 1738 fir säin Asaaz gelueft a konnt 1752/53 den Neiopbau vun der baufälleger Kierch ënner dem ”meistersteinmetzer” Sigismund Mungenast duerchsetzen. Kuerz no hirer Weih hat 1766 en éischte Recensement 624 Awunner gezielt - deenen hir Majoritéit eng ‘occupation agricole’ hat an d’véier Millen eng industriell Aktivitéit.... D‘postgotesch Kierchenarchitektur krut eng Bannenariichtung vum bekannte Stater Bartelémy Namur, den Tabernakel koum mat Verspéidung no 10 Joer. Vum Skulpteur Namur si beispillsweis och d'Engelen an der Mechelskierch, di 2 Timbre veréiwegen. Wéi 1851 den ale Schëtter Kierchtuerm ofgerappt gouf, sollt 1 Joer drop e Subsid vu 600 fr. zu senger Reconstructioun bäidroen. Den aktuelle mat de skulptéierten Elementer entstoung allerdéngs ëm 1900 beim Vergréissere vun der Kierch.

Der Entréé hire Kader, Säitentiermercher an d’nobel Statu an der Fassad hunn dem Bau alt emol de Bäinumm ‘cathédrale du Syrdall’ abruecht! Hir gréisser intern Ëmännerung nom artistesche Konzept vum François Gillen datéiert vun 1968.. Sengen neie Kierchefënstren (vu 1973) hire "geometreschen Esprit" huet eng grouss kënschtleresch Finesse a strahlt dem Lucien Kayser no “duerch Proportiounen, Kontrasten a Faarwen eng wonnerbar ënner Harmonie aus". D’polychroméiert klassesch Pietà an d’spéitgotesch al Martinus Duerstellung resuméiren an enger intensiver Szeen eng ganz Geschicht. De niddrege wäisse Marber Altor an den Ambo si sober Bléckfäng an der Choueroas. Di haut gutt 250 järeg Kierch ass enk mat der Schëtter Geschicht verbonnen, se huet eng Biographie an domat eng wichteg Erënnerungsfunktioun. Nozedroen ass dem Bau seng profund Restauratioun, en ass consolidéiert ginn a krut eng modern Beliichtung.. Ee neie faarwefrouen Tryptique vum François Felten verziert d’Chouermaueren. Nach ze soen: hanner d’Entrée koum eng zweet Dir aus Glas …an d‘Fliedermais hunn en Accès zum Tuerm.

P.S. ‘Von Chorsängern, Eisenbahnen und Kirchenglocken‘ heescht d’Festschrëft zum 150. Anniversaire vum Schëtter Gesank.. D‘manner al Schëtter Musek krut 1914 e Subsid vu 50 Fr.. Hiren ëm 400 Säiten décke “Livre du centenaire“ (vun 2008) bréngt flottes aus der Lokalgeschicht an ënner anerem Bréiwer a Stammbeem vun Amerika-Auswanderer aus dem 19. Jh.. Wien just eraus an d’Natur wëllt, kritt Nordicwalking Ronnweeër proposéiert an d’Schëtterhaard. - Eeler Bräich dréiën hei ëm Halleffaaschten; um “Hierkesonndeg” huet d’Hausfra no der Vesper eng Hierkemoolzecht offréiert an d’Wiertsfra de ‘Jonggesellen’ traditionell Hierkenzalot. Usus war dann och op “Erläichendag” d’Schëtter Jongmänner, di an der Pressessioun den ‘Himmel‘ gedroen hunn, duerno an d’Paschtoueschhaus op e Patt Wäin z’invitéieren. Nach intressant: Eng Kaart vu 1717“Luxemburg mit der Gegend auf 2 Stunde“ weist ‘Chetringen‘ bei ‘Minesbach‘. De landwirtschaftleche Lokalveräin vu Neuschuttrange ass 1903 ernimmt. D‘Duerf mat den Deeler Nei- an Aalschëtter huet eng héich Liewensqualitéit a läit wéi Ierseng, Kapellen oder Amber just 12 km vun der Stad.