Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Schueberfouer (Special)

Ufangs vum 14. Jh war de ‘Lymperch’ nach e Bësch; al Stadrechnungen ernimmen 1388 d’Plaz Lymperchtouren an 1463 fanne mer eng ‘Lympergasse’. Deemols konnt keen ahnen, dass do emol e riesegt Volleksfest mat Fouerbuden an attraktive Spiller honnertdausende géing unzéien. Als Dank fir de vum Jang de Blannen gegrënnte Joermoart hunn d’dankbar Fouerleit eng Commémoratiouns-Plack gestëft an der Adamesstrooss. - Ganz wichteg fir de Succès war der neier Handelsfoire hiren Zäitraum: se gouf den 20. Oktober 1340 (bei hirer Grënnung) op ‘Barthelméiss’ fixéiert, d.h. nom Koarschnatz an zwëschen de Joermäert vu Metz an Tréier! De Papp vum Jang de Blannen hat d’Iddi e Sechswochemaart ze schafen – hien huet se duerchduet an realiséiert. An d’Moartplaz sollt natierlech no bei den deemolege Stadzentrum kommen. Un d’Origine vun där geschwënn wäithin bekannter ‘freyen Fouhr’ erënneren d’Verkaafsstänn an der Allee. An dës kruten am Laf vun der Zäit (a Wierder vum Alain Atten) ‘ëmmer nees en anert Gesiicht.’

Der jäerlecher Handelsfoire hir éischt Plaz um klengen Helleg-Geescht Plateau war extraordinär, souwuel ‘à l’extérieur des remparts’ wéi ‘à proximité de la cité!’ Fir den ufänglech 8 Deeg laangen Duchmoart stoungen d’Händler 8 Deeg virdrun an 8 Deeg duerno ënner dem Grof sengem Schutz. Se koumen also ouni Weegeld a Brécken-Zoll an d’Stad. Virrechter hat d’Wollwiewerzonft. (D‘Zäit war gënschteg, well England 1337 säin Woll-Export a Flanderen verbueden hat.) (Lascombes) ‘t war niewebäi Krommoart- an op Baartelméis e Véihmoart. (De Begrëff Schobermesse kéinnt op de Karschnatz hiweisen, deen ëm Bartelméiss amgaang war, oder un Häpp Hee, fir Päerd um Véihmoart roueg ze halen!?) Am spéide Mëttelalter goufen d’Päerd gesicht vun Adel, Geeschtlechen, der biergerlecher Uerwerschicht a Geschäftsleit... De Fouernumm hänkt mat ‘Schuedbuerg oder ’Scadeburch’ zesummen, dem Plateau vum haitege Kanounenhiwwel. 1427 hat ‘Löutzelbueger Duch vill ‘friemd Vollek’ ugezunn, an ‘t waren zousätzlech Wuechtposten néideg. (M. Pauly..) 1430 hat e Mann Uerder, nuets ‘dat fur zu huden’ (A. Atten) Ee luesen Iwwergang op eng aner Plaz koum a Krichszäiten. 1515 stounge mobil Verkaafssstänn mat Kreemcheswuer an de Stater Stroossen. (Lascombes) Allgemeng bestoung e Besoin no ‘profit et avancement de nostre pays et especiaulment de nostre ville’ zum iwwerregionalen Treffpunkt.

1610 presentéiert d’Fouer sech mam Kreemchesmoart net wäit vum haitege Glacis um Lymperweg. (Kierzlech hunn d’Forains Stänn an der Scheffer-Allée ronn 3,5 km Läengt ageholl.) D’Chronik ernimmt do 1660 als Strof fir eng gestuele Geldstrëmp zweemol 6 Häregulden an eng dräipënneg wuesse Käerz fir d’Weimeschkiercher Kierch. (Lascombes) Ewell 1625 war si en Héichpunkt am Veräinsliewen. De Gewënner vum Schéissconcours krut en Hammel. D’Weis vum Hämmelsmarsch erënnert un d’Virrechter vun der Wollwiewerzonft - se sollt ewell vum Mansfeldschlass sengem Klackentuerm erofkléngen... Nei war, dass 1771 ’Käch an Wiert Pastéiten a feint Gebäck ubidde konnten an d’Kréimer Päifen, englesch Korkestëpp an och Oliven, Canelle, Safran a Westfälesch Ham. 1790 waren Hasardspiller net erlaabt an ‘t goufe ronderëm d’Auer 34 Wuechtposte gebraucht. Duerch d’onsécher Lag war 1793 an ‘94 keng Fouer an d’Joer drop kee Maskebal. Intressanterweis hunn ëm 1800 friem Händler lëtzebuerger Woll kaaft, an s’ë.a. zu Verviers verwendt! (M. Pauly) D’vum Gustav Kahnt opgeféiert konzertant Ouverture vun der Nationalhymn hat 1881 als Haaptmotiv den Hämmelsmarsch! Dëse krut den Titel Landeshymn nach oft obwuel en op e Corelli-Thema baséiert! (G. May, Kultur und Gesellschaft 1815-1914). (Am dacks bei offiziellen Uläss gespillte ‘Feierwon’ (1914 e Genre lëtzebuerger ‘Marseillaise’ genannt) gesouch de Batty Weber eis 2. Hymn nieft der ‘Heemecht’.)

Am ‘Rieserad vun der Zäit’ war d’Fouer en halleft Joerdausend laang kee Spillmoart! An hirem Ëmfeld gouf ‘t allerdéngs den Zirkus Renkin. Säin 1890 ernimmte ronne Steebau hat Plaz fir 2000 Leit a stoung bis 1904 um Terrain ëm d’haiteg Avenue Pasteur an d’rue de Musset. An haut? Haut ass se vill méi wéi e lokaalt Evénement. Hir Atmosphär beschreift de Steve Kayser ‘colorée, bruiteuse et cosmopolite. On y respire la pluralité culturelle’... Hie seet och ‘wann den dekoréierte Stool vum tonneschwéiere Rieserad sech elegant a soupel beweegt, vergësst een d’Notioun vun Zäit a Raum.’ De Pierre Capesius, e Pionéier vun der moderner Schueberfouer, hat sech regelméisseg inspiréiere gelooss vun ähnleche Fester zu Nanzeg, Leck, München, Bréissel a Paräis. Den aktuelle Fouermeeschter resuméiert de Pressedossier 2018: dëse stellt d’Kiermes um Glacis duer als eenzegaarteg Mëschung aus Traditioun, Gastronomie an Attraktiounen. D’Fouerleit sinn op 4,44 ha verdeelt. Hiren Team ëmfaasst en Drëttel Lëtzebuerger, 35% franséisch Kollegen, 16% Belscher, 14% Däitscher an 2% Nidderlänner. Solle si nach wëssen, dass fréier eng commémorative Zeremonie war fir d’Ritter déi nieft dem Jang de Blannen zu Crécy ëmkoumen?

P.S. Den Historiker Emile Haag hat eisem Grof Jean säin ‘attrait de l’aventure et la passion de l’ouverture sur l’Europe’ ervirgehuewen. (Historesch Personnagen, déi d’Bild vu Lëtzebuerg matgeformt hunn, huet hie gär an Zeen gesat.) Op Initiative vun der Madame Werner kruten 1957 Kanner vun de Fouerleit e ‘Schoulraum’ an enger Caravane no beim Cirque. Dëse Projet hat sécher och Geschichten um Programm mat Aventure vu fréier. Den Thema ‘Die Schobermesse - ein Stück gelebte Luxemburger Tradition’ huet dëst Joer en neien historesche Moment mam Tram. Dëse sollt d’kiermesbegeeschtert Stater Autoritéiten op d’Ouverture féieren an duerno och vill aner Intressenten. Deeglech flanéieren Zengdausende vu Besucher laanscht d’Buden a muuncheen hofft do aussergewéinleches z’entdecken. Dëst geschouch z.B. 1844 mam éischte ‘Variété’ (…an “Glacisléierchen“ houschen deemols Meedercher, déi duer danze goungen.) Speziell ass och d’Novell ‘Nowhere girl’ vun der englescher Krimi-Autorin Ruth Dugdall. Hiren Hannergrond ass nämlech eiser Fouer hir Geeschterbunn. (LuxUKLinks).