Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Schrondweiler

Schrondweiler an der Gemeng Noumer huet 309 Awunner an sou munnech Spuren aus der Vergaangenheet. Den Internet-Site vun der Gemeng weist op d’Buch vum Dokter Victor Dasburg hin… 'Fels und seine Umgebung'  vun 1897. Dëst dréit ëm éischt Awunner an eiser Géigend, déi ewell Krichs-Berichter vum Cäsar beschriwwen hunn, ëm keltesch Grafhiwwelen, Reschter vun urale Behausungen oder souguer Pfahlbauten d.h. op Péil gezammerten Hütten.

Éischt Siidler vu Schrondweiler a ronderëm hate Recherche no op Bamstämm gebaute Raim aus Flechtwierk, mat Lehm iwwerzunn a mat Stréidiech. Si hunn d'Stämm a frësch gegruewe Mardelle gesat, d.h. a ronn oder oval Verdéiwungen op onduerchlässegem Ënnergrond an déi Waasser koum. An hirer Hütt op Stelzen, dem ‘Pfahlbau’, ware se geschützt viru Feinden op zwee oder véier Been! Haut sinn dëser buedbiddefërmeg Plaze renaturéiert als Biotop! D’Schrondweilerbaach um südleche Rand vum ‘Säitert’ ass onopfälleg, mä d’Buch mat remarquabele Beem vun 2002 erwänt hei eng rar Zort Wëll-uebst... Nennenswäert sinn um Traufeld 25 Spirebeem, déi zu den hellege Beem vun de Germanen gezielt hunn an déi vu Brenner geschätzt ginn. Spirendrëpp ass eppes fir ’Genéisser, déi hanner scheinbarer Einfachheet verstoppte Qualitéite sichen’ sot emol de Fernand Hoffmann. Den ëm 110 ha grousse „Schrondweilerbësch“ war emol op der Prioritéite-lescht vu Naturbësch-Reservater! (An him wuesse Meekraitchen, Bichen an Eechen, Hobichen an Ielechter, d.h. Elsbeeren). Mä d’Gemeng gesäit en als wäertvolle Patrimoine! (...‘dee loosse mer net faulen’, soten di Responsabel.) Se huet vill dran investéiert a wëllt e weider gutt fleegen!

Zur Por Noumer ware virun 1808 nieft Schrondweiler, der Fiels, Uewer- an Nidderglabech nach Iernzen a Meesebuerg. Den 1879 verstuerwene Jakob Didier (+1879) Paschtouer an der Fiels a Connaisseur vun der Lëtzebuerger Kierche-Konscht, ernimmt a Notizen iwwer d’Nopeschporen ee Schrondweiler Wäiwaasseschkessel aus Bronze op 3 Déierentatzen! Ugangs Mee 1914 hat e Feier d’Duerf-Kapell zerstéiert, woubäi hir zwou eppes iwwer 20 Joer al Klacke geschmolt sinn. Zwee Joer drop am Hierscht stoung dann d’nei Kapell nom Plang vum Jean-Pierre Koenig (+1919), dem Architekt vun der Stader Spuerkeess, deen e Faibel hat fir de Neo-Renaissance Stil. De Bau mam klenge Quierschëff hat de Mierscher Deche feierlech ageweit; (an e puer Joer drop war d‘Rei um Dikrecher Deche fir zwou nei Klacken ze seenen.) Geometresch Ornamenter dekoréieren d’al Fënschtere vum E. Simminger, vu 1916. De Schutzhellegen ass den hellege Wendelin an den 2. Patréiner Sankt Gangolph.-  E Stéck lëtzebuerger Filmgeschicht war hei de private 'Klenge Kino' vum Charles Wünsch. Hien hat sech 1977 domat an enger Annexe vu sengem Haus e laangjäregen Dram erfëllt. Säit 1986 hunn ëffentlech Virféierunge ronn 10 Joer laang jäerlech iwwer 6000 Filmfrënn op Schrondweiler gelackelt - bis den Här vum Haus d'reell Welt verlooss huet.

P.S. Dem René Engelmann säi Wuertschatz iwwersetzt Schrond mat “Schrunde” a seet, dass Baschten a Schronten am Buedem duerch grouss Dréchent entstinn. Nordëstlech vu Schrondweiler, do wou emol keltesch Bamhäiser stounge, wuessen an deels opgefëllten 10 bis 30 m laangen a bis 4 m déiwen Dëmpelen - de Mardellen - haut Waasserplanzen. Esou kënschtlech Dëmpele konnten no der Eisenzäit och a Kaulen entstoen, an deene Material fir Poterien oder Bauzwecker ausgehuewe gouf. Kréien s’ allgemeng och kaum Opmierksamkeet, gesinn Landesarchäologen an de Mardellen Buedemdenkmäler! - Riets a lénks vun der Uertschaft leie gréisser Hieff; de Bann ronderëm huet fréier d’Schmuelspuerbunn Kruuchten - Fiels duerchgeschnidden.