Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Schous

D‘kleng Uertschaft Schous läit mat hiren 270 Awunner no um Zentrum vum Land an der Gemeng Fëschbech. ‘t gëtt vill do gemat fir nei Awunner an d‘Duerfgemeinschaft z’integréiren. An ‘t gëtt sech dergéint gewiert eng „anonym Schlof-Uertschaft“ ze ginn. Schous hat fréier als Spottnumm déi ‘Schousser oder Schéisser Guckucken’ (Engelmann) - an am Joer 1848 als ‘Shoos‘ 226 Leit (an Angsber 161.) D’Bëscher, déi een um Wee op Schous passéiert, hunn eng „ombre maternelle‘. An d’Fréijoer gesäit een do, sou wéi de Marcel Noppeney schreift «des pervenches aux yeux bleus qui sourient sous le lierre». D’Gemeng Fëschbech huet 50% Bësch a vill Quellen, a vläicht war grad dofir fréier och eng Schmelz do. Ee Règlement communal hat 1898 iwwregens ëm d’Waasserleitung vu Schous gedréit (un där Mierscher war ewell 2 Joer virdrun geschafft ginn).

Am Jor 2003 entstoung um Wutz vu Schous‘ e polyvalente Kulturzentrum mat 220 Plazen a Raim fir d‘Pomjeeë vun der Gemeng. Dee lokalen ufangs 16 Mann staarke Pompierskorps hat dunn 102 Joer, war allerdéngs säit Enn de 1990ger ‘verbriddert‘ mat deene vun Angsber a Fëschbech. (Di éischt Kantonaltagung war zu Schous am Juni 1922.) No der Fusioun vun den dräi Pompjeesveräiner goufen dann d’Wiichtelcher vu Schous gegrënnt. E puer Engagéierter hunn do net mat den Hänn am Schouss erwaart ‘t géing alles vum selwe weidergoen! Si wollten elo, sou wi fréier d‘lokal Feierwier, déi traditionell Duerffester organiséiren, an zwëschemënschlech Kontakter fleegen... nom Motto ‘Fir e gutt Zesummen an e bessert Mateneen‘. Hir Aktivitéiten heesche beispillsweis Buergbrennen, Meekranz, e summerlechen Trëppeltour a Quetschekraut-kachen! (Statistesch gesinn si 46% vun den Awunner tëscht 45 a 64 an engem Veräin.) Eng Attraktioun am Kulturzentrum ‘op der Héicht’ war d‘Fotoausstellung „D’Gemeng Fëschbech am Laf vun der Zäit“; si hat 650 Exponate mat Bléck an d‘vergaangen 100 Joer gewisen... ënner aanrem Schnappschëss aus dem Veräinsliewen a Porträte vun Duerfleit vum Abbé Donckel. Ural ass donieft d’Notiz vum aussergewéinlech strenge Wanter vun 1346 mat Hongersnout an Peschtépidemien an verloossenen Dierfer wéi d‘abandonnéiert ‘Bockelscheid’ bei Schous. (Un dëst erënnert eist Geschichts-Kapitel ‘Wüstungen’.)

Schous zielt zum Kanton an Dekanat Miersch. Seng kleng Kierch huet als Patréiner Johannes den Deefer. Se huet nieft senger e puer schéi Statuen an 7 ondatéiert Ronnbou-Fënschtre mat Kräiz-Muster. Hire polychroméierte barocken Haaptaltor stoung fréier am Ermitage tëscht Schous an Angelsbierg. En huet an der Zentralnisch eng 88 cm héich Pietà aus dem 17. Jh. aus chêne verni, skulptéiert mat ‘métier an amour‘ an 1953 restauréiert. Se straalt eng douleur tempérée an Sollicitude aus an erënnert de Joseph Hirsch un déi aus der Iechternacher Basilika. Um Enn vum Rollengerbann, no bei der Grenzligne vun Angsber a Schous, stoung d’haut verschwonnend „Schéisser Kräiz“. Wéi et dohi koum sollt gläich eng Déieren-Epidemie iwwerwonne ginn. Säin Text hat Feeler, en entstoung also virum ‘Schoulzwang‘ a war am Sënn vum Stëfter ‘zum Segen ihrer ganzen “Gewan”‘! D‘Buch „sagenumrankte Heimatburgen“ (vum Hahn) ernimmt hei ‘um Bieschbecher Wee e Schlass, wou (alen Temoignagen no) Falschmënzer verstoppt aktiv waren. Nach intressant: De Kanton Miersch hat virun 100 Joer 12 Hiewanen, déi z-B. 1913 bei 259 Gebuerten assistéiert hunn. (Et géifen der méi gebraucht housch et a weider: ‘t koumen a punkto Hygiène keng Reklamatiounen!)

Op der Strooss Schous-Fëschbech gesäit ee riets uewen an engem Fiels eng Hiel genannt “Wiichtelchers-Lee”; ‘t gouf fréier ugeholl, et géifen där klenger fläisseger Gesellen do hausen... an nuets als Heinzelmännercher bei d‘Leit goen. Ee Café zu Schous hat eng Wandmolerei mat Wiichtelcher (d.h. si waren hei en Thema.) Mam Duerf verbonne wor och ee Mënsch, deem seng Stäerkt d‘“Nolauschteren“ an d‘“zur Sprooch brénge“ war an deem d‘Seniorenaarbecht wéi d‘Kannerrechter um Häerz louchen. Hien, de Mil Majerus, sollt sech no supplémentaire Studien bescheiden e “gebeemte Schoulmeeschter“ nennen. Him hätt sécher 2013 beim Buergbrennen d‘kleng Buerg nieft där grousser gefall!

P.S.: 2009 hat d’Etude zu enger eventueller Fusioun vun der Fëschber Gemeng mat dräi Nopeschgemengen de ‘pour-et-contre’ ofgewien: 12% sote “spéider”, 22% “sou séier wéi méiglech” an 32 vun honnert ware fir “ni”! Et heescht also zoukënfteg Nodeeler a Virdeeler ënnersichen a “Reklamatiounen ukucken als präiswäert Schwaachstellen-Analys“ (E. Koch). Typesch al Bräich haten mol guttgleeweg Hannergedanken, mol hu se den Alldag beräichert! Zu Schous konnten déi e geseent neit Joer erhoffen, di Krëschtdag nuets Eemëre mat Waasser an den Hausgank gestallt hunn! Dem de la Fontaine no war ’t fréier hei och Usus e Schnéikuescht oder ‘Krëschtbrand’ unzefänken. (Dräi Päerd sollten dofir en Eechen- oder Bichestamm aus dem Bësch schleefen.) Dëse rare Brauch bestoung och vereenzelt an der Héicheifel. A propos Bësch, den Dr. Ernest Feltgen huet 1901 hei e Bëschwee mat killem Schied an „unsanftem Steigen“ beschriwwen, an Uebstbeem, déi op laanger Streck d’Strooss op Angelsbierg begleeden. Zugudderlescht sot en „Et lount sech Schous opzesichen, awer et verschwënnt bal hanner sengen ville Bongerten.