Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Schëndels

Schëndels ass an der Grënnungs-Charte vum Mariendall vun 1237 erwänt als ‘Schindelech‘. Säin deels hanner Baamriise verstoppten Schlass-Donjon wierkt net nëmmen op Aquarellen mäerchenhaft en huet och eng Cheminée mat mëttelalterleche Masken fir béis Geeschter ofzewieren. Esou typesch „Mascarone“ mat Blieder am Mond sollten dat och zu Huelmes an Ansembuerg man! (D‘Schlass war allerdéngs 1690 a Brand geroden no engem Familljesträit tëscht engem Neunheuser an engem Branebuerger an och Duerfhäiser koumen deemools zu Schued.) Nobäi am Bësch sinn ënnerirdesch Gäng an déif Fielsenhielen an deenen de mystériéisen ‘Huppbello’ haust...

An de Kandheets–Erënnerunge vum Nik Welter vu 1926 heescht et “der Bittgang nach Schönfels war mir besonders lieb“. Do war d‘Schlass mam héige ‘Staffelgiewel’ an di klengst mä gefällegst Kapell aus dem Ëmkrees. An duer goung hien dacks mat sengem Grousspapp.. an hat sech do un “köstlichem Rabenfleisch ergötzt“! D’Duerfkapell mam Daachreider duckt sech ënner Lannekrounen an ass dem Willibrord geweit. Se huet eng Reih Bänken an der Mëtt an iwwer der Entréesdir eng herrlech hallefronn Fënster mat der Consolatrix.

De Victor Hugo hat Schëndels mat Belleroche iwwersat - d’Schlassrestauréierung konnt hien allerdéngs net begeeschteren! Den ale Käer vun der Befestigungsanlag, déi d’Franzouse 1683 geschläift hunn, goung wahrscheinlech zréck an d’Zäit vum Ferri alias Friedrich vu Schoenfels. Hie gouf 1292 ernimmt als Här oder ‚Architekt‘ vun engem befestegte Bau. Dëse goung spéider duerch Mariage un d’Aansembuerger Seigneuren. De Wopen iwwer dem Agank vun der Famill Henri Schloeder von Lachen datéiert vu 1536. Dem Schlass am Mamerdall seng Roll war deemools d’Mierscher Buerg ze verdeedegen. Säin 21 m héijen Donjon coifféieren véier ‘gracieuses tourelles en poivrière’ schreift de Lambert Herr! De Biergfried ass de gréisste Wunntuerm aus der Géigend. En huet eng Trap mat 107 Träpplecker, an der Fassade eng dekorativ ‚Pseudopechnues‘ an um 3. Stack nach den originale Sall mat goteschem Verwöllef. No 1759 housch de Châtelain Pierre-François de Gaillot de Genouillac (de Mann vun der Ierwin) a säi Jong François-Romain huet dem Här Thorn-Suttor d'Schlass 1813 verkaf. Dëse war an den 1830ger Gouverneur vun der Province de Luxembourg. Wéi Bréissel e gewaltegen Obschwonk erlieft huet gouf dann e Sénateur vun do (de Jacques Engler) hei Propriétaire; kuerz no 1840 krut de Baron Auguste Goethals dat Ganzt vu sengem Schwéierpapp. Hien huet geschwënn eng ‘maison de maître‘ donieft gebaut an den Tuerm ëm 1870 restauréiert.

D‘Härenhaus stoung bis 1976. Et war tëschenduerch Privat- an finalement Staatsbesetz ginn. De Schlass-Tuerm zielt säit Februar 1973 zum Zousaz-Inventar vun den nationale Monumenter. An him sinn haut e Centre d’Accueil a Büroe vun ‘Eaux et Forêts’. D‘Uewergeschoss soll deemnächst fir Réuniounen an Ausstellungen disponibel ginn. An a nei Dependence kënnt en Therapie-Atelier fir Leit vun der Strooss. - D‘Localitéit Schoenfels zielt momentan 234 Leit. Heescht et Mëtt Juli „Alles op de Vëlo am Mamerdall“.. suergen Schëndelser Veräiner fir Ravitaillement. Fir Intressenten nach dëst: En Dokument vum Tréirer Beschof Hetto hat d’Duerf 846 mentionnéiert als Scindalasheim…. an 300 Joer drop en Akt vun der Iechternacher Abtei ënnerëm Numm Schonevels.

P.S. Ëm Plaze wéi Schëndels gëtt et villes z’erzielen; et hat eng Millen an eng Schéifferei, säi Biergfried hunn am 19. Jh. mol en Holzstéch, mol eng Zeechnung veréiwegt. D’Schëndelser Klaus hat eng vun den Herrschaften opgeriicht als Merci; hiert Kand war do beim Blummeplécken e Fiels erofgefall an hat e gudde Schutzengel! D’Bëscher ronderëm den Dall si besonnesch interessant wéins hiren “zones à sources pétrifiantes avec formation de tuf calcaire” a wéins hire Promenaden. No deene schmaacht “Gromperenzopp néierens méi wierzeg ewéi hei…“ hat de Nik Welter séngerzäit verroden.