Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Schléiwenhaff

Landkaarten indiquéieren de Schléiwenhaff als e Lieu-dit… mä e gëllt mat sengem ganzen Entourage als Deel vu Leideleng. En huet sech ëm en uraalt grousst isoléiert Baueregutt entwéckelt a läit verspreed un der Kräizung vum CR163 mam CR178 - zirka 500m nërdlech vum Duerf-Zentrum. Sou wéi op aanre relativ noe groussen Häff gouf do net laang no Ursaache vun engem Problem gesicht, mä gekuckt en ze léisen. D’Gemengeregësteren hu keng Chiffren iwwer d’aktuell Haiserzuel laanscht d’rue de la gare an Direktioun Helfent, d’rue de la vallée op Riedgen an d’rue Belle-Vue. S’erfaassen d’komplett Awunnerzuel vu ‘Grouss’-Leideleng, déi Enn Mäerz 2018 bei 2595 louch! D’Plaz tëscht dem Uertskär an der Gare uewen um Schléiwenhaff gouf schonn emol als ‘Nombril’ vu ‘Lëdeleng’ugesinn (wéi ‘t lokal heescht.) (Allerdengs war ‘Lullingas’ ewell am Joer 786 ernimmt an ‘Ludelinga’ 1128.)

D’Ferrariskaart weist de Schlevenhoff als relativ groussen agemate Bereng riets vum Wee a säitlech dovun e schmuelt Niewegebai. E Reportage hat den Haff am Réckbleck ‘eng enorme propriété foncière’ genannt. (M.Fick, La Voix) An e preziséiert, dass fréier isoléiert Häff d’Propriétairen abritéiert hat an ‘des commis, des dépendences, bref un petit monde à part...’ Do goufe Päerd sécherlech gutt gehalen (Schaffpäerd sollten e waarme, propperen, drechene mä gutt gelëfte Stall hunn a kënnen ‘hir Crinn rëselen ouni de Kapp un d’Raf ze stoussen’.) (F. Lorang) De Memorial vun 1850 ernimmt mam chemin vun der merller maison Junck op belvaux nach d’Nimm Vitry (Schlewenhof), Hansen, Hantzen a Ketter. Den haitege Gemengen-Territoir sollt emol der Abtei St. Maximäin gehéieren, an d’Seigneurs de Meysembourg haten do de geriichtleche Pouvoir. - 1856 koum e Changement fir den Uert - d’gesetzlech Trennung vun der Gemeng Reckeng/ Mess. Nom 1.7.1856 goufe Leideleng an d’no Ferme Schléiwenhaff zu enger Gemeng erhuewen! (D’Härebauere koumen deemols vun hiren Häff mat der Päerdskutsch stëmmen.) Den aktuelle Schléiwenhaff-Véirel an d’eelert Haffgutt hunn eng besonnesch Plaz an der Gemengegeschicht, well ugeholl gëtt, dass vun him d’Besiedelung vum Uert ausgoung. (aus ‘150 Joer Leideleng’ 2006.)

Zwou nogeleeë Kierche sinn déi vu Riedgen an d’Leidelenger. De Staatsarchitekt Charles Arendt hat där zweeter hire baufällege Raum vu 1727 ofgerappt an ëm 1880 op seng Plaz en imposante Neibau gesat, mat quadrateschem Grondrëss, ugedeitem Quierschëff an zwou Entréeën. (1781 hat d’Lokalitéit 244 Leit, um Enn vum 18. Jh. 35 Haiser, (an 1851 koum s’op 583 agedroe Persounen, d.h. iwwer duebel souvill wéi 1821!) Hir Kanner goungen duerch d’Stëftung vun engem Geeschtlechen méi fréi wéi anerer permanent an d’Schoul. (a.d. Kierchtuermscauserien) - 1797 war d’Nopeschduerf Märel vun Hollerech getrennt an eng selbstänneg Por ginn, ‘t krut 1799 eng Tuerm-Auer vum Buergermeeschter Nicolas Braun, deen Auermécher war. Nieft der Bréck iwwer d'Boventerbaach wiisst eng remarkabel gutt 15m héich Eech; ëm 2000 war hire Stammëmfank 3,32m. - (Dem Volleksmond no reimt Leideleng mat ‘läit eleng’... well 425 Hektar Bëscher ronderëm sinn.) – Duerch d’Eisebunnstreck Lëtzebuerg-Péiteng, d’Ligne 7, krut Leideleng nërdlech vum Schléiwenhaff eng Gare. Den éischten Zuch hat do den 8.9.1900 op dem Arrêt um ‘point kilométrique’ 6,1001 gepaff; e koum vun der Hollerecher Gare, d’nächst Statioun housch Dippech – Reckeng. 1903 hat den Duerfzentrum mam «Schléiwenhaff» an der «Gare» 694 Awunner. Eng schéin al Postkaart veréiwegt do en typeschen Zuch vun 1909.

Den 9. September 1944 hat bei der Befreiung vu Bartreng e Feier d'Gréiwelserschlass zerstéiert an däitsch Infanteriste goungen a Riichtung Osten. D’Befreierdivisioun huet hir Zelter am Raum Dippech, Leideleng a Beetebuerg opgeschloen. (E.T. Melchers) Den Dag drop, den 10. huet d’Sonn geschengt an d’GIs goufe begeeschert an der Stad empfaangen. Der Leidelenger Gare hiren Alldag blouf onveräennert bis se 2007 en duebelt Geleis krut, 65 Parkplazen donieft, 4 Plazen ‘pmr’ an en abri velos! D’Barrière sollt geschwënn eng Ënnerführung ersetzen... Ëm d’Péitenger Streck bleiwen ë. a. hir Verbindunge Lëtzebuerg Rodange-Lonkech an Rodange-Athus-Arel ervirzehiewen... Vum neie Projet «Am Gréngs» nieft der Gare housch et 2008 d‘Fauna a Flora kriiten net drënner ze leiden. D’zimmlech rezent Plange vum Domaine ‘SCHLEIWENHAFF’ ginn als ‘quartier où il fait bon vivre’ mat zwou Spillplaze presentéiert an hunn nieft der “Rue Belle-vue” eng “Rue Schwengsweed”. D’opstriewend Wunn-Gemeng hat 1970 iwwer dausend an 2006 iwwer 2000 Awunner, bal duebel souvill Aarbechtsplazen an en ‘Cercle Culturel & Historique’.

P.S. Poetesch Zeilen ëm de Fréijorsufank dréien ëm eng wäiss Sträif laanscht de Wee a froen… ‘ass et spéide Wanterräif oder d’éischt Schléiwebléi…?’ (P. Heyse) Zum Schléiwenhaff stellt sech d’Fro ‘wuessen ëm d‘supposéiert Urzell vum Gemengenhaaptuert besonnesch Schléiwen oder Schliën, wéi d’Iechternoocher soen.(Där, déi d’Hildegard vu Bingen, mat Hunnech geséisst, géingt Giicht rekommandéiert hat?) Eng aner Quell lueft d’‘Prunus spinosa’ mat Hunnech a Wäin verfeinert géingt d’Fréijorsmiddegkeet. Kenner no wiesst de Schléidar op sonnege Plazen, a kallekhaltege stengegen Häng oder laanscht Bëscher. Vläicht stinn där Hecken um Bord vum 66 km laange Veloswee ‘Äischen-Käerjheng-Éileng-Schléiwenhaff-Bartreng-Garnech-Äischen’… (www.bikemap.net) - An den terracottafaarwege Mauere vum wuelbekannten Haff ass ewell laang eng spezialiséiert Firma mat den Initialen RW installéiert; si huet allerdéngs näischt mat Véihzuucht oder där blooschwaarzer batter-sauerer Heckefruucht ze dinn...