Schëffleng
D’Schëfflenger Scouten St. Martin goufen de 25. Abrël 1930 offiziell gegrënnt an haten no 75 Joer iwwer 100 aktiv Memberen. Engagement fir Anerer, Respekt fir d’Ëmwelt, Asaz fir Gerechtegkeet a Fridden sinn essentiell am Scoutismus. Näischt mat hinnen ze dinn huet den Ausdrock “Schëffleken”.. Vläicht hunn eeler Awunner vum Mäertesbierg de Begrëff ewell héieren, deen am Weimeschkiercher Mäertesgrond Schong heescht.. op ‘Jéinesch’! De vereelsten Uertsnumm verréit dat éischt bekannten Dokument ëm d’Uertschaft tëscht 795 an 798: en Don vun Terrain sis à «Scuffelingen» vun engem gewëssen ‘Hericus’ un d‘Iechternacher Abtei!
Schëffleng war bis an d'10. Joerhonnert Deel vun der fréimëttelalterlecher Por Keel. Et gouf dann 983 eng eegestänneg St.Mäertes-Por (mat Esch als Filial). E gudde Millenium méi spéit war dann hei eng speziell Mass am Fräien: Well si „learning by doing“ praktizéieren an opsinn fir chrëschtlech Wäerter waren d'lokal Scouten am Kader vun hirem 75. Anniversaire am Juli 2005 zoustänneg fir eng 'Radiosmass‘. Zitéiere mer dozou den humorvolle franséische Scout a Schrëftsteller Guy de Larigaudie "Il est aussi beau de peler des pommes de terre pour l'amour du Bon Dieu que de construire des cathédrales!" Schëffleng hat natierlech ni eng Kathedral, gouf awer 1287 an de Rang de «Ville neuve» erhuewe vum Duc Ferry III. vu Loutrengen. D’Duerf um Bord vun der Uelzecht war dee Moment ‘fräi’ an huet sech gutt développéiert. D’deemoleg Kierch mëtten um Kierfech um Mäertesbierg war e wichtegen Zentrum well, zur Por gezielt hu nieft Lalleng, Biergem, Udeng, ‘Mittenthal’, de Moulin Lamesch a wi gesot Esch. (Am 13. Jh. haten d’Bouneweger Klouschter an de Mariendall hei Gidder.)
An de nächste 400 Joer goung d’Evolutioun am Schrëtttempo virun. Eng Fiederzeechnung skizzéiert dem Abt Bertels säin Androck vun der Plaz um Enn vum 16. Jh. Ufangs de 1740ger gouf Esch vun der Por getrennt an d’Kierch geschwënn komplett restauréiert. Wéi napoleonesch Truppen se dann zerstéiert hu koum 1822 eng nei fir déi deemools 500 Awunner an den Zentrum; 1852 hat e staatleche Subsid vun 325 Frang hir Vergréisserung ënnerstëtzt. Där aktueller hire Bau gouf 1939 ugefaangen, a nom Krich fäerdeggestallt. Hiren Tuerm ass ee vun den héchsten am Land! Si huet ënner aanrem nach signéiert Greeff-Greisch Statue vun der hl. Marguerite an der hl. Madeleine. D‘Fënstere vum Frantz Kinnen si vun ëm 1955, déi um Duxal wierdegt d’Krichsaffer an huet e monumentale Charakter. Bléckfank am Chouer ass e konschtvolle Mosaik ëm d’Kräiz. Eng Virstellung vun aaltestamentaresche ‘Paradäisflëss’ vermëttelt e Mosaik vum Ad Deville an der Dafkapell.
No 1822 hat eng nei Epoque am Süde vum Land ugefaangen. Virum Bau vun der Schmelz an der neier Schoul war d‘rue basse‘, d’Niddeschgaass, (1862) verbrannt an d’Cholera ausgebrach. Duerch d’Exploratioun vum ‘terrain minier’ an internationalen Zouwuess ass de rurale Charakter verschwonnen. D’Mënschen waren ‘débrouillard‘ an de ‚Stolsektor‘ huet Räichtum versprach… Schëffleng gouf dann 1876 eng onofhängeg an ‘unisectionnaire’ Gemeng. (Déi un d’Chamber adresséiert Petitioun mat 1000 Ënnerschrëften hat gewierkt..) Et war kuerz an d‘Escher komm, wéi de Baron de Tornaco säi Schëfflenger Terrain un d’Häre vun Esch an de Bervard cédéiert hat. Et zielt flächeméisseg mat 771 ha zu eise klenge Gemenge, mä steet a punkto Populatioun un néngter Plaz. Weider wichteg Date sinn 1912 d’Moderniséierung vun der Schmelz an d’Grève vun 1942, déi dem Stiedchen den Titel «Cité de la Résistance» abruet huet. (Geschwënn no der däitscher Okkupatioun war ëm de Schoulmeeschter Albert Wingert eng Widerstandsbewegung entstanen, déi um Kierfech eng Dreckerei, e Waffelager an e Geheimsender verstoppt hat. Nom Krich konnten d’Leit dank hirem legendäre Schaffenseifer opliewen. Um noen Dumontshaff ass neierdéngs der Associatioun ProActif hire Sëtz. Säi Beréng huet mat véier Haiser ronderëm zum verschwonnenen Dierfchen Héideng gehéiert, un dat zu Schëffleng d’’rue de Hédange’ erënnert. (Deels aus de ‘Kierchtuermscauserien’ vun 2008)
P.S. Am Schëfflenger Bierg leien d’Minetteschichte manner déif wéi zur Déifferdenger Säit. 150 Millioune järegt Eisenerz war heirëmmer an engem flaache Mier ofgelagert ,wat d’fonnte Fossilien erkläert. D’bëschbedeckten Héichte sinn deels opgeschott, nom Erzofbau koume landschaftlech Verännerungen mat enger groussen Planzen-diversitéit. Bei der rezenter ‘Bëschcrèche‘ fällt dem Nico Hienckes seng beweeglech Skulptur op: eng Wäschléngt vu fréier mat Gezei aus Metall! D’8 km laang Promenade duerch de Bësch féiert laanscht verloosse Grouwen bei d’«Plakeg Kopp»; kloert Wieder erlaabt do beim Orientéierungsscheld e Véierlännerbléck aus 404 m Héicht bis op Arel. Um Réimerwee erënnere Spuren un e Legiounslager. Méi aktuell sinn de ‘sentier de l’écureuil‘, e ‘Planéitepad‘ an d‘Promenade Brill. Am Naturschutzgebitt Brill huet d’Uelzecht no der Renaturéierung e Summer- an e Wanterbett! D’no ëm 200 järeg Bestgensmille gouf an d’Reih gesat. Eng un d’Plaz adaptéiert Wiederregel mengt ‘stinn d'Inte Mäertesdag om Äis vun der Uelzecht.. mussen s'ëm Krëschtdag am Dreck stoen’!