Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Schieren

Schieren heescht der Nordligne hir Statioun virun Ettelbréck. Et läit 29 km vun der Stad an ass mat Biertreng a Colmar-Pont eng Uelzechtdall-Gemeng mat 320 Hektar Bësch, eegene Quellen an enger Héichtendifferenz tëscht 199 an 356m. Hire Gemenge-Buet heescht ‘de Louis’ - d‘Awunnerzuel stoung 2010 bei 1555 an de Bilan vu lokale Veräiner bei 16. Recherchen no bedeiten norddäitsch Flouernimm, déi mat “schier” ufänken, ‘kloer a glat’, mä och splécken, trennen oder Schéier a Scheed. Am Rénert steet e Saz voller Symbolik ëm d’Verb schieren: "Schéifer si kliger als Schof, well d'Schéifer, kuckt déi schieren …an d'Schof gi geschuer"! D‘Lokalitéit geet an d'Réimerzäit zréck a war ville Schéifer, munnche bessren Hären a waakrege Kanner en Doheem. Ob een hei an de Pausen mol nach “Bim Bam Bieren, d’Klacke lauden zu Schieren” héiert, e Reim aus Zäite, wou gedréckte Kannerliteratur rar war? E gudden Afloss op d'Schouljugend dierft hire flotte Schoulhaff hunn, un deem d'Stëftung Hëllef fir d’Natur matgeschafft hat.

Zenter 1993 féiert de Contournement Ettelbréck-Ierpeldeng mat senger 400m laanger Bréck laanscht Schieren. D‘Gare vun der fréier Atertstreck war ewell 1979 ofgerappt ginn, d’Uertschaft huet also relativ wéineg Passage. Biertreng zielt es nach manner, och wann Touristenhiweiser säi ‘Mäercheschlass‘ luewen. Et steet säit 1775 mat sengem goteschen Tuerm aus dem 14. Jh.. Bekannt waren hei ëm 1362 de Schlasshär Johannes vu Biertringen a spéider de Baron Félix de Blochausen, dee Staatsminister war vun 1874-1885. Um Duerf sengen Ufäng sti Fragezeechen an Hypothesen an dëst och iwwer en1994 entdeckten impressionnante Kapitell.  Skulptéiert aus lokalem Sandsteen an dekoréiert mat ‘Bärenklau’-Blieder a ‘Wann‘, ass dëst 74 cm héicht Säilestéck en Iwwerrescht vun engem Kastell aus der Zäit vum Viichtener Mosaik. 't wier falsch, aus Manko vu geschichtlechen Detailler unzehuelen, d'Mënschen hätte fréier kaum “Profil” gehat.. Notéiert ass an der Zäit vum Ancien Régime um Haff Aanven 1746 den Doud vum Gaspar, Florent de Breiderbach, co-seigneur de Schieren, Wiltz a Grenzingen. Opschlossräich ass och de Schierener Wopen. Säin Ankerkräiz verréit eng Relatioun zur Herrschaft Larochette. De gewellte bloe Floss symboliséiert d'Uelzecht an di zwou schwaarz Blochausener Lilien an d‘gréng Planz weisen op d'Schlass vu Biertreng hinn.

Schieren gouf 1806 vun der Por Ettelbréck getrennt a mat senge 550 Awunner eegestänneg. A senger grousser neogotescher Kierch vun 1878 fanne 500 Leit Plaz. Iwwer der Entrée waacht e Relief mam Chris-Roi an Symboler vun den Evangelien. Hiren imposanten stengen Altorblock aus de 1960ger mam skulptéierte Kräizmedaillon léisst de Bléck fräi op de schéinen holzen Altor mat 4 Hellegen op goldenem Fong. D‘wäertvoll Chouerfënstre mam Häerz Jesu, a Maria a Jousef (v. Charles Arendt) hat d‘Herrschaft Biertreng gestëft, grad wéi de kostbare Kielech, deen eemol am Musée mat reliéiser Konscht ausgestallt war. Um Kierchepatréiner, dem hl. Blasius, sengem Dag gouf den Affersu fréier hei e ‘Bliesche’ genannt. Haut ass eng Cité beim neie Wee no him benannt. D’besonnesch Veréierung vun dësem Nouthelfer zu Schieren confirméiert 1811 de Bréif vun engem Zaldot u seng Elteren kuerz vru sengem Doud zu Perpignan: "Ech well Iech wëssen doen, dass ech nach e Bittgang schëlleg sinn op ‘Schiërren’, zu Éire vum hl. Blasius". (Dëse beschützt och Wollaarbechter, déi d’Schoofswoll kämmen – “a war en op enger Plaz gutt ugesi fir den Halswéi, dann zu Schiren..“ (schreift den Alain Atten.)

Ir d‘Schierener Kierch stoung ware reliéis Zeremonien an der Kapell ënnen um Kierfech. Wéi dës baufälleg gouf gesouchen déi Responsabel d’ideal Plaz fir e Neibau zwëschen Nidder- an Uewerschieren… an der haiteger Duerfmëtt. Eng vun den ale Stader Jesuiteklacken hänkt haut an hirem Tuerm. Am groussen Härenhaus nieft der fréierer Duerfkapell wunne momentan d’Patre vun der portugiesescher Communautéit. Op der Kiercheplaz refletéieren d’Skulpture vum Bonifatius Stirnberg - d‘Rousefra, e Kéifockert mat Källefchen an e Jong, deen d’Klack laut - typesch lokale Patrimoine. Virun 100 Joer goufen hei aus der Rousenziichterei järlech ronn 500.000 Rousestäck exportéiert. Duerch e Besoin no lokale Pompjeeën entstoung hire Veräin 1894 an hat no dräi Joer ewell 29 Memberen. Seng al Pompel vun 1896 sollt bis iwwer 2007 eraus fonktionnéieren. Méi Historesches iwwer d’polyvalent Nordstatgemeng kann ee noliesen am Buch "200 Joer Par Schiren“ - an Intressantes iwwer d’Atert-Ligne an d‘Schierener-Gare am Fernand Keiser senger Erzielung "Bim, bam, biren... fuer mat mam Prënz op Schieren". Laang onbekannt archeologesch Richessen ëm d’Schierener Wis’chen an eng Réimervilla beschreift den André Schoellen an der Brochür ‘D'Duerf, séng Musek, séng Leit’ (1947-1997).

P.S. D’Gemeng Schieren entstoung 1850, wéi Guillaume III. d’Sektiounen Nidder- an Uewerschieren a Biertreng vun Ettelbréck détachéiert hat. Den éischte Buergermeeschter gouf den Dominique Toussaint vun der Schierener Millen zu Biertreng. D‘Baugeschicht vun der Stad Lëtzebuerg (v. J.P. Koltz) ernimmt d‘éischt Stathal „mit darin betriebenen Schieren“, (d.h. „zesummeklappbare Verkaafsstänn“.) Tëschenduerch dauchen Nummvarianten op wéi Skiren, Schirn oder Schüraa, wat mat Scheier korrespondéiert. Den Ingénieur-Agronome Vic Fischbach ernimmt reckbléckend d’Leit aus 132 ale Schierener Haiser: ‘t waren 20 Baueren, 23 Doléiner, 6 Händler, 5 Schmätt, 5 Schouster, 5 Wiert, 3 Päerdskniecht, 2 Géisser, 2 Schneider, 2 Museker, je 1 Schlässer, Daachdecker, Suedler, Usträicher, Fierschter, Bannhidder, 1 Metzler an 1 Epicier. - De Naturfrënn gefällt de lokalen Autopedester duerch d’pittoresque Ëmwelt. D’al Baamallee tëscht dem Biertrenger Schlass a Schieren, existéiert just nach un där rietser Uelzecht-Säit. Den neie Schierener Gemenge-Logo leet als zoukënftegen Nordstad-Deel Wäert op eegen Identitéit. Säi geschwongenen S symboliséiert d’Uelzecht, de grengen N Naturschutz a Nordstad a kritt e perséinlechen 'Touch' duerch d’Klacke-Silhouette fir d’Bim Bam Biere-Lidd, an d’ugedeite Biertrenger Schlassmauren an de Brécke-Bou representéieren d’Vergaangenheet. Dës Detailler hätten dem hei gebuerene Léon Blasen, (+2000) dem nieweberufleche Kultur- a Musek-Chronist, sécher gefall!