Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Suewelbuer

Bei eise Stippvisiten duerch d’Land ass d’Rei u Suewelbuer, engem klenge Punkt op der Landkaart mat haut 22 Awunner. 1881 hat et där 45. Aus 3 vu senge 7 Häiser gi Kanner an d’Miedernacher Schoul. ‘t huet mat 2 Gemengen ze dinn… ee vu senge Bauerenhief zielt zur Waldbëlleger, (am Kanton Iechternach).. di aner zur Miedernacher. am Kanton Dikkrech. D’Chapelle de Savelborn ënnerstoung der Münster-Abtei an der Justiz Rollengen an se huet eng aussergewéinlech Geschicht. Suebel misst hei speziell Qualitéiten hunn… well en den Uertsnumm inspiréiert huet!

Suewelbuer steet an Dokumenter als Savel- oder Schawelborn! Hei ass Kiermes den 1. Mee mat där Miedernacher. Seng Albinnes Kapell ass ganz al. Vun dësem fromme Beschof heescht et hie wär jee no Ëmstänn streng oder noosiichteg gewiescht! Eng Wort-Notiz vu 1936 annonçéiert zu sengem Fest eng Houmass fir Pilger. Prëssessioune koume regelméisseg vu Miedernach heihinn, well hei och de Quirinus veréiert gouf.

Eng Brochure iwwer d’„Weekräizer a Monumenter” aus der Gemeng Miedernach erzielt douzou-gehéireg Geschichten a lëtzebuerger Sprooch, a weist als Beispill ee Kräiz vu Suewelbuer om Gemenge-Site! Si presentéiert 1996 am Kader vum Duerfentwécklungs-plang e Bilan vum lokale Patrimoine… Hir Auteure ware frou well dee Moment verschidde 'Kleindenkmäler' fachgerecht virum Verfall gerett gi sinn. ‘t steet beispillsweis ee Weekräiz an der Duerf-Kapell, déi speziell fir eng Photo-Ausstellung renovéiert gouf. ... ‘t gëtt méi wéi eng Brochure iwwer Suewelbuer. D’Origine vu senger aler éierwierdeger Kapell mam gotesche Chouer Bou an Daachreider sinn tragesch. Op hirer Plaz gouf en onbekannten Edelmann vu sengem habgierege Jeeër a Knappe erstach.... an ‘t gouf duerno d’Gelübte erfëllt als Bouss ‘e Kierchlein’ ze bauen, well op dëser Plaz keng war! D’Verbriechen aus der Zäit vum 30 jäerege Krich ( 1618 bis 1648 ) hat de Fielser H.A. (Heinrich-Adolf) Reuland 1884 zu Pabeier bruet.* An am leschte Joerhonnert gouf d’Geschicht no erzielt an der Warte (vum 28.2.1950). E stommen Zeien vun 1609, d’Steekräiz mam Numm Steiben huet eng onbekannt Geschicht. 

Deels gefaasste Quellen südlech vum Uert zielen zum Quellgebitt vun der Halerbaach. AN hei huet all Haus um iwwer 360 Meter héige Suewelburer Plateau säi Pëtz! Un der Strooss op Miedernach gouf um Flouer "Paleschmaierchen" an den 1840’ger e Mosaik fond mat Flechtbandkniet. Bei Fouillen no ale Schätz um noe Réimerwee kréien haut Viirgeschichtsfuerscher Häerzklappen. Do koumen Zillen un d ‘Dagesliicht aus Zäite wou Tréier d’ ‘capitale politique, religieuse, administrative et économique’ aus der Regioun war. Obwuel am Krich hei Front war, gouf just een Haus beschiedegt, mä an der Keelt hunn d’Befreier Holze-Biedem verfeiert fir sech ze wiermen. E Buer am Suebel ass eng OASE, a Suewelbuer eng vun den eenzege Plazen am Land, déi nom Krich net verbaut gouf… Et ass dofir eng ‘zone reclassée’…. e Kleinod mat Architektur, déi et z’erhale gëllt! ‘t hat fréier eng Molkerei, déi 1899 souguer 300 fr. Subsid krut fir e Revers aus Pavee! Produits du terroir’ sinn heirëmmer haut Kéis, Äeppeljus, Saucisse a Gromperen. Vu Suebel, Suewel, gëtt et gielen oder wäissen, an ‘t heescht am ‘Suebelbuedem kommen d’Grompere gutt! Aktuelles nach: d'Gemenge Miedernach an Iermsdref preparéieren eng Fusioun, déi 83 % vun den Awunner approuvéieren! Hire neie Numm gëtt Aerenzdallgemeng.

P.S. * Un deeselwechte Muerd an enger korrigéierter ,ëmgedréiter’ Versioun erënnert dem Carlo Hemmer säi besënnlech kritescht ‘Luxemburger Wanderbuch’. Zitéiert sinn doran d’Nofuerschunge vum Miedernacher Professer Kass ëm e Buurschter Damian Heinrich Zandt v. Merl. Dësen Här hat säi widerspenstege Kniecht 1654 hei erschoss. ‘t geschouch um Heemwee vun der Musel …mat Muselwäin am Bagage! Dee Buurschter hat d’Affer an der Kapell begruewe gelooss a Liesmassen gestëft fir säi ‘Seelenheil’!