Saassel
Saassel läit tëscht Huldang a Clierf an 82 km vun der Stad. Dem Sosthène Weis säin Aquarell "Vallée de Sassel vers Maulusmühle" vun 1938 gëtt eng gewësse Nostalgie vun den Ardennen erëm an huet donieft eng ‘valeur documentaire’. 't waren 2004 am ganzen 43 Leit do ugemellt a vu senge 17 Haiser der 13 bewunnt. (Boukelz hat där dunn am Vergläich 44 an d'Pommerlach 48.) D’Dierfche läit tëscht 400 – 450 m Héicht um Ënnerlaf vun der ‘mäander-räicher’ Trëtterbaach, déi nobäi an d’Woltz fléisst. Hiren Dall gehéiert zum europäesche Natura 2000-Netz vu schützenswäerte Gebidder. Si huet vill Gefäll a fréier verschidde Millen ugedriwwen.
Saassel war ëmmer Deel vun der Por Asselbur an zielt mat 27 aneren Dierfer säit 1977 zur Wëntger Gemeng. D’Kanner vun hei ginn an d’Wëntger Schoul – di Saasseler krut 2007 nei Fensteren an Diiren a gëtt genotzt als klenge Centre culturell, dee verlount gëtt fir Familljefester an.. d’Chorale hält do hir Prouwen! E Veloswee am Weste vum Éislek féiert friddlech Cyclistë via Maulusmillen duerch den a Beem agebetten Dall an d’Duerf. Tëscht den Uertschaften erënnert säitlech vum Wee e belsch-britescht Monument un en ‘englische Fliger, deen den 21. März 1945 bei der Maulesmillen om Réckflug va senger Missioun a Brand geschoss guff’, schreiwt en Temoin; an ‘dass Sassel e Bollwierk fan de Resistenzler a viran allem fan de Passeure wor’. Um Plateau geet et weider vu Saassel an Richtung Ëlwen – wou ähnlech Pied opreegend Geschichten erlieft hunn.
Al Kierchebicher erënneren un d'Zäit ëm 1789 wéi d'Kapléin Kneip a Leonardy d'Saasseler Leit betreit hunn. Hei war deemols schonn eng eeler a kleng Kapell aus dem 16. Jh.. Hiren Alter verréit haut e Steen mat der Joreszuel 1590…. där hir zwou lescht Ziffren duerch de Beworf laang onlieserlech waren. Am Steen iwwer der Entréesdier fanne mer den Datum 1761. Vun deemols stamen de neien Agangsberäich an d’Chouererweiderung an den Altor. Den Tuerm mat den zwou ale Klacken a senger sechseckeger Spëtz staamt aus derselwechter Epoch. Wéi d'Face ofgeklappt an nei gekallekt gouf, si Spure vu fréier fonnt ginn an Differenzen an de Fënsterstäng, déi nei si méi donkel. Baussen an der Fassade kënnt de bal 80 cm grousse stenge Christus no der Renovéierong gutt zur Geltung. An d'Saasseler Kapell ginn 60–80 Leit, si ass an der Gréisst dem Duerf ugepasst. Hir Patréinesch ass d'hl. Luzia, vun hir existéiert eng schéin al hëlze Statu. Si beschützt speziell d’Aendokteren an d’Elektriker. Vu Luciendag bis d’Helleg Nuecht ginn d’Deeg en Hunneschrëtt mi grouss. An der Lorraine heescht et am Vergläich «à la Sainte-Luce les jours augmentent du saut d’une puce». Mindestens sou vill Veréierer wi si hat hei ëmmer den hl. Valentin a "Vältesdag" gouf ëmmer dann d'Kiermes gefeiert, fréier.. Saassel soll als eenzeg Plaz am Land eng Reliquie vun him hunn an enger klenger Monstranz mat hebräesche Chiffren a Lettren, déi kee méi liese kann. De populären Hellegen ass Patréiner vu Verléiwten a Beienziichter.
E Bléck an eis Zäit verréit, dass Saassel 1979 eng elektronesch Uergel amplaz vum traditionellen Harmonium krut an 10 Joer drop geschnëtzte Statiounen aus Holz. Seng Chorale gouf 1962 gegrënnt; Hir 10 Membren, inklusiv der Verstäerkung vun der Maulusmillen, verstinn eppes vu Gregorianik. Eemol am Mount hält de Cinqfontainer Pater Schumacher donneschtes hei eng Mass, ee Brauch deen an d’16. Jh. zréckgeet. - Eng intressant Siicht vum Lex Jacobi gesäit an ale Kapellefënstren d’Ae vun de “Maueren aus deem Steen, deen net kucke kann”. E fënnt, dass sech an hinnen Dag a Nuet an d'Zäit spigelen an dass al Kapellen “aus deem Steen dee net schwätze kann” net stomm sinn! Dës Gedanke (a.d. Heft ‘Kapellen a.d. Kliärrfer Kanton‘) passen excellent op den Uert, deem seng Mauere munches erziele kéinten.
P.S. Ee Chamberextrait vum Oktober 2008 ernimmt d’Uertschaft am Rapport mat eise 14 offene Steecarrièren - mat ënner aanrem Gilschdref, Konstem, Léiler, Kielen, Foulscht, Iernzen, Altwis, dem Briddel an dem Sennengerbierg. Saassel mat sengen ëm véier Dosen Awunner däerf sech vergréisseren, ’t huet méi Hausnummeren wéi Haiser! Wéi säi Périmeter erweidert gouf kruten d’Bauplazen eng Nummer an aus der Haus-Nummer 10 gouf d’20! Äeppel vu Beem déi hei wuessen ginn iwregens e gudde Kompott, an ass emol e Viizfest, ginn dofir Äeppel akaaft. A klengen Uertschafte komme méi séier Gefiller vu Solidaritéit op, well an hinne Wäerter wéi Zefriddenheet, Modestie, Freed an Dankbarkeet gräifbar sinn - (Et besteet och e Sassel am Schwäizer Kanton Waadt mat ëm 145 Awunner, dat éischtmols 1163 dokumentéiert ass; säi Numm soll vu saxum, d.h. vu Fiels oder Steeblock derivéiert sinn. D‘’reine des plages’ de Sassel ass net hei ze fanne.. mä an Algérien!)