Suessem
Suessem hat de 14. Juni 2008 eng feierlech Mass fir den 200. Anniversaire vu senger Por. Et war virdru laang zougehéireg zur Uewerkuer’er mat de Nopesch-Dierfer Déifferdeng, Niederkuer, Lasauvage an Hussigny… ‘t ass also esou laang eegestänneg Por wéi dem Beethoven seng 5. Sinfonie al ass… D’Duerf huet eng ganz laang Geschicht, Grafplakken un sénger Kierch erënnren u fréier Suessemer Barongen…. A säi Schlass huet wéi d’Schicksalssinfonie… Nidderlagen an Triumph, jo, éiweg mënschlech Schicksalskämpf vu Leed an Erléisung materlieft!
Den heitege Suessemer Kierche-Chouer mam Okulus staamt aus der fréierer Muttergottes-Kapell aus dem 13. Jh., En huet eng spéitgotesch Kléiblatverzierung a steet ënner Denkmalschutz. 1570 hat hei ee Visitator 3 Altär ernimmt, 2 Kielecher, eng Monstranz an eege Por Bicher. E Johrhonnert duerno 1674 fanne mer d’Katharina vun Alexandrien als Titularin. En anert Dokument erwänt 25 Joer drop e Geeschtlechen am Zesummenhang mat zweemolgem Exorzismus. Mam neie Kierchescheff sollt 1738 den Tréirer Weibëschof 3 Altär aseenen. An der nächster Étappe (1766) entstoung den häitegen Tuerm. Am aktuellen Intérieur, erënnert relativ wéineg u fréier. No der grousser Restauratioun vu 1953 krut d’ Suessemer Kierch e neien Altor an eng Kommiounsbänk, (aus Steen a Marber) a nom Konzil e nidderegen Altor aus Fer Forgé an eng Rei modern Glaskompositiounen vun Deville a Bertemes. Di zwou al Klacken, d’Katharinen- vun 1851 an d’Dräifaltegkeets- vun 1861 maachen nach ëmmer hiren Déngscht… an den Tornaco Gediechtnes-Altor aus der aler säitlechplaçéierter Schlasskapell huet zënter bal 250 Joer hei eng Plaz. D’Kierch huet ëm 150 Plazen an hanner de Still stinn 3 Reie Bänken fir eeler Leit.
D’Suessemer Schlass, d.h. seng fréigotesch Käerbuerg, gouf 1306 éischtmools an engem Akt erwänt. De Bau ass awer méi al, an hat als Waasserbuerg e véiereckegen Tuerm, deen den 1250 ernimmten éischten Här Theoderich I. vun Zolver bewunne sollt. Hien hat am Bannenhaf en Dauweschlag an Häiser fir d’Déngerschaft gebaut. 1552 sollten d’Franzousen d’Buerg a vill Häiser hei an zu Zolver zerstéieren. Se goufen am Laf vu Jorhonnerte méi wi eemol frësch opgebaut. D’adeleg Hären hunn de Waassergruef zougeschott, d’Réngmaueren ofgerappt, d’gotescht Gebäi an de Park ausgebaut. D' Buch 'Sentinelles de l'Histoire' vum Roger Bour beschreift säi Site am Detail. D’Famille vum Arnould- François de Tornaco koum 1753 heihinn. Si war enk mat der Geschicht vum Land verbonnen. De Baron Victor de Tornaco war vun 1860 un siwe Joer Staatsminister; un hien erënnert haut en Denkmal.
Wat kaum ee wees: am Joer wéi d'lëtzebuergesch Verfassung mat hirer équilibréierter 'Balance zwëschen de Staatsgewalten' entstoung hat de Baron de Tornaco hei e Bam geplanzt... Genee gesot ass aus dem Schlasshär sengen1848 hei geplanzte Bouturen rapid eng schéi Wäissweid gewuess! Den Uewerfieschter hat 1902 hire Stack-Ëmfang vun 3,24 Meter op Broschthéicht notéiert an der Lann beim Schlass hire mat 5,10 Meter. Wéi d'Schlassgebäi 1950 un d'Escher Gemeng goung fir 5 Millioune Frang (ronn 124.000€) koum e Weesenheem dran. Kanner deenen et virdrun net esou gutt goung goufen elo a Schlassmaueren ëmsuergt. D'ëmgenannte 'Kannerschlass' gehéiert zënter 1985 dem Staat a bitt en herrlechen Ubléck. Haut ass de 'Centre Virtuel de la Connaissance sur l'Europe' dran. - Sanem ass d'Ofkierzung vu Sassenheim wat eng Zort Homonym huet mat Sassmannshausen a Nordrhein Westfalen an e 'Namensvetter' an Holland. An 't fängt iwweregens mat deene Buchstawen un mat deenen den Elsass ophält, e Numm dee Sass(e) mat Insasse erkläert an deen op 'Edelsitz' baséiere soll.
P.S. Hippolytkult gouf hei grouss geschriwwen, grad wéi och zu Keel, mä de Suessemer war verbonne mat enger Pressessioun. De Beschützer vu Päerd gouf hei fréier 'Pueles' genannt. Haut lackelt am Juni d'Gaardenausstellung 'Ambiance & Jardin' Blummefrënn 'pressessiounsweis' an de Schlasspark. Do bidden iwwer 70 Aussteller aus fënnef Länner dräi Deeg laang Blummen an apaart konschthandwierklech Accessoiren un.