Saeul
Sëll, Saeul, läit un der Kräizung vun der Réidener Streck, der N 12 mat der N 8... déi al Kaarten ewell ‚voie ancienne‘ tëscht Arel a Miersch nennen. Alem Wëssen no erstreckt et sech um Fouss vun enger keltescher Fortifikatioun, dem "Kaschelt", ënnert der Quell vum "Bour". ‘t hat fréier zu Useldeng gehéiert a Pëtten an Deels zu Simmer. Vum geologesche Point de Vue aus verleeft hei de nërdleche Bord vum lëtzebuerger Sandsteen. De rapide Wuesstem vun der Gemeng an hiren Dierfer weisen d‘Demandë vu Baugenehmegungen: virun 2000 lougen där pro Joer zwou vir an duerno 20 bis 30...
Sëll läit 13 km nordëstlech vun Arel tëschen dem Attert- an Eischdall... an zielt 744 Awunner. Ëm seng majestéitesch Wanter-Eech op Hëlzent, mam decke kuerze Stamm an der gigantescher Kroun, ëm den elegante Calvaire vu 1920 an de restauréierte Wäschbuer invitéiert haut eng Parkanlag an zum Flanéieren. D’Waasser vum "Goldkneppchen" leeft do an en 200 m² grousse natierleche Weier. Mëndleche Témoignage no stoung d’haut drëttdéckst Eech aus dem Land fréier hei net als ‘Solitaire’, mä no bei siwen aneren an ‘t goufen op där Plaz no 1846 Véihmäert ofgehalen. - 10 Deeg no deem vun der Cap gouf hei am Hierscht 1887 e staatleche Postbureau mat Telephon installéiert. Eng Busverbindung an d’Stad bestoung zu Sëll vu 1929 un - ufangs vun zwee, duerno vu véier Bussen vun der Entreprise Frisch Frères. Hir robust Diesel-Motore waren net kleng ze kréien a sollten deemools ‚unkaputtbar‘ genannt ginn. (Haut assuréieren iwweregens landeswäit 850 Autobussen 4/5 vun eisem ëffentlechen Transport.)
Déi 1701 konsékréiert Kierch vu Sëll gouf mam Entourage 1968 als Monument National klasséiert. Hiren orange-rouden Daach gëtt hir eng ‚note de gaieté‘... mä soss wierkt de spéitromanesche ‘basilikale’ Bau sober. E setzt sech zesummen aus dem Mëttelschëff aus dem 13. Jh., dem barocke spéider erhéichte Klackentuerm vu 1733 an zwee ugebaute mat Säile getrennte Säiteschëffer. Hire Chouer weist Spure vun urale Fresken an huet eng gotesch Tabernakelnisch; soss falen en Dafsteen aus dem 15. Jh. op an eng Pietà vum Type ‘Religieuse’. Als éischt Paschtéier waren hei tëscht 1390 an 1470 e Gottfried vu Käerch, e Walter vu Simmer an en Thilmann vun Esch ernimmt. An d’Abteien Oeren an Iechternach waren länger Zäit d‘kierchlech Autoritéiten.. Der mëttelalterlecher Kierch hir 23 dekorativ Fënstere vum Edmond Goergen (vu 1966) hu keng narrativ Funktioun an aacht vun hinne sinn iwwer de Säitendiech. Ronderëm d’Kierchen-Insel mat Blummen an barocke Kierfechs-Vestige leien d’Gemeng, d’Post, d‘Schoul, e Bistro, eng Banque, eng Tankstell, e Festsall fir d’Veräiner an d’ëm 1800 gebaute confortabel ‘Maison Rouge‘ an där fréier emol e Relais war fir Postkutschen.
De Sëller Paschtoueschgaart bitt um Nationalfeierdag de Kader fir der Musek hiert traditionellt Duerffest. Vläicht gëtt sech dann un de lokalen Ausdrock ‘kippéieren’ erënnert... deen hei emol fir ‘kippen’ gebraucht gouf. An den Numm vum Uert mat der équilibréierter Struktur? Dee kéint op e Propriétaire Caelius an e gallo-réimeschen Domaine zréckgoen. An iwweregens steet ‘Selles’ als Variante vu Salle (d.h.‘demeure fortifiée’) an ‘celle’ bedeit ‘petit monastère’.
P.S. D’Landstrooss Lëtzebuerg-Sëll-Wolz gouf vun 1849 bis 1858 gebaut... a wéi de Schiller sengerzäit vu Stroossen sot féiert si wéi jidder aner och ‘ans Ende der Welt’! D’no Allée tëscht Brouch a Säil mat den ëm 250 Lannen, Ahornbeem a Platanen war fréier am Schnéi e Weeweiser a sollt am Summer Schied man. Dëst kann och e Weidepavillon; Gaardefrënn kruten hei emol demonstréiert wéi dës gréng Schiedhäisercher entstinn... Promenade sinn hei fir all Uspréch a jidfer Saison. Bei d’Kierch koum 2010 eng interessant Tafel mat hirer Geschicht. Dem renovéierte Kierchenhunn huet de Buergermeeschter kierzlech gewënscht laang Joere stolz iwwer d‘Uertschaft ze kucken.