Rëmeljen
Beim Éisleker Uertsnumm loossen d‘Awunner den "n" um Schluss ewech. Hiert "Rëmelje" läit op ronn 466m an enger „Dällt“ a just 1,2 km vu Saassel. Engem Reglement no sollte beim Restauréiere vun alen Haiser an dem Bau vun Neien hei wéi an den aanren ‘Diärefer opgepasst giän, datt se agepasst goufen an daat waat do besteet.‘ D’lokal Awunnerzuel geet ewéi d’Landschaft erof an erop: se louch 1981 bei 64, zeng Joer drop bei 75 an 2005 bei 115, d.h. bei engem méi ewéi 1848! E Legilux-Extrait vun 1846 nennt d’Zuel vu sengen élèves réels 14 - déi vun den élèves fictifs 42 ..an en hinnen zougedeelte Subsid vun 11 fl. (Gulden)... E weidere Chiffer: 1911 gouf et fir d’Chaussée Boxer-Remëlje-Stackem eng Ënnerstëtzung vun 1200 F. An eng Trouvaille vum republikanesche Kalennerblat: de 14. Fructidor vum Joer III (den 31. August 1795) stoung d’Duerf ënner dem 35. Département des forêts, d.h. dem Clierfer Kanton, als Reimmelingen an 1822 am Distrikt Dikrech als Rimlingen!
Am zweete Weltkrich goufen d‘Dierfer Rëmeljen an Asselbur gréisstendeels verschount. De ‘Landwirt‘ Jos. Neumann krut 1862 hei eng Loumillen un der Nidderbaach genehmegt. Dës kleng Baach huet d’Trëtterbaach gespeist... an hat s’an de Summerméint wéineg Waasser, krut d’Aasselburer Bannmille Prioritéit... De Mëller Neumann huet da misse beim Schuele-muelen op d‘Waasserkraaft verzichten. (Haut iwwerwuchere Brennesselen d‘Reschter vum Bau, deen um Georges Eicher senger Millekaart ëm d’Lerresmille figuréiert.) Virum Januar 1977 huet Rëmeljen zur Gemeng Aasselbur gehéiert an duerno zur frësch fusionnéierter Wëntger Gemeng. Dee Moment koume méi Kontakt.. an en Ideeën–Austausch. ‘t kann een z.B. liesen: Nodeem d’Awunner „aus den Uertschaften Aasselburren, Eimeschbach a Rëmeljen hirren Stroossen virron e poor Joër Neem giän honn, koumen an anneren Diärfer aus der Gemeng d’Lékd beieneen fiir och hiir Stroossen nei zë benennen.“ Haut existéieren hei eng place des Bruyères, eng rue St. Joseph an e Wee „Am Eck“, mä verschidden Nimm stinn nach mat Hausnummeren am Telefonsbuch. Am Dictionnär fënnt een d’Duerf tëscht Rëmel, Rëmëléng a Rëmchen, fir Remi. (Dat éischt soll Schmotz am Gesiicht sinn, a Rëmmel mat 2 m ass plazeweis eng Variante vu Rommel, wat ironesch fir grouss Täschenauer steet.) De Rëmëlgerbësch indikéiert d’Landkaart säitlech iwwer der noer Golfplaz.
Rëmeljen zielt zur Por Asselbuer a war grad wéi Saassel ni eegestänneg. Et huet eng kleng eeler Kierch, eng wéi s‘an der Baaschtnecher Géigend ‘églisette’ heeschen. Hir Entrée ass am relativ niddrege mat Schifer verkleeten Tuerm.. mä an hirer Simplicitéit huet se kuckeswäert Detailler! A punkto Glaskonscht fällt hir modern ronn Tuermfënster op, en ondatéiert Wierk vum Robert Emeringer. D’Theme vun hire siwe Ronnboufënstre vun ëm 1910 weisen dem Jean-Pierre Koppes säin équilibréierte Bildopbau; am Fotoband ‘Kierchen aus der Gemeng Wëntger‘ vum Claude Fandel sinn ë.a. dräi vun hire klassesche Biller, (beispillsweis d‘Immaculata an d‘Bernadette vu Lourdes.) Den Alter vum schlichte Laanghaus mat Still ass onkloer, mä geschat op iwwer 150 Joer. Et huet en héije barocken Altor, deen ë.a. zwee polychroméiert Engelskäpp, e Medaillon mat Gottvaterbild an véier Saile mat verguldte Kapitellen dekoréiren! Konschtwierker wéi si sinn Elementer vun eiser Kultur, an hunn hei méi wéi eng esthetesch Roll. (D’Wuert Konscht dréit ëm Créativitéit, Wëssen a Wäisheet an ass bekanntlech ofgeleet vu Können!) De Raum huet keen traditionelle Beichtstull.. awer en an d’Holztäfelung vum Chouer integréierte Beichtgitter. (Esou gouf Plaz gespuert a fir d‘Anonymitéit vum Beichtvater an der Sakristei gesuergt.) Ob hei déi nom Kierchepatréiner benannte Mattheis–Mooss bekannt ass wéi z.B. zu Wuermer a Lenneng? Si hat Zeilen aus ‘Mosella Sacra‘ no stéits eppes weider wéi d’Mooss vun der Abtei Aalmënster.
En alen Ausdrock vun heirëmmer ‘hän hatt sich vertässelt’, bedeit dass een zevill giess huet - „ëmrafen“ heescht zougräifen, oder soss kritt ee näist. (‘do gefëttert kommen‘ steet fir huschen... an d’Gripp erdëmmelen ass se mat Medikamenter ënnerdrécken.) Ginn al Ausdréck net ganz vergiess hängt dat vläicht mam Vic Fischbach sengem Saz zesummen, dass d‘Solidaritéit ëmmer am stäerksten um Land war, well do fréier d‘Grousselteren d’Kanner erzunn hunn. D‘Elteren hunn d’Feldaarbecht gemat an „‘t gouf allkéiers eng Generatioun iwwersprongen - wat den traditionelle ländleche Konservatismus erkläert!“ D’Geschicht ëm d‘spontan Revolte vum Klëppelkrich (1798) sollt näischt opfälleges ëm d’Duerf un der Nidderbaach zréckbehalen, awer d’allgemeng Nationalgefiller stäerken.
P.S. Zwou Promenade vun 12 km, de KULTURWEE ASSELBUR-Rëmëljen an de méi neie Wanderwee "iwwer Land" hate Berliner Touristen inspiréiert zum Luef “Wanderparadies wartet in Luxemburgs Norden“ an zur Remarque “Luxemburgs Ardennen liegen fast vor der Haustür!” Vis-à-vis vun der erneierter Kierfichtsmauer, op der Strooss op Boxer, bitt sech e wonnerbare Bléck op d’Rëmeljer Haiser. D’Wichtegkeet vum gudden Entretien vun öffentleche Plazen a ‘Kirichen’ ënnersträicht e Gemengerapport: "si dron jo derzou bäi, datt eis Diärefer esou ausgesinn, datt d‘Lékt sich gudd do féilen, déijéinig, déi do wanen an déijéinig, déi op Besuch kommen!“ D’Duerf feelt natierlech net am Internet-Archiv vun den Uertschaftsnimm Lëtzebuerg/Arelerland. An d‘Schwäizer Duerf Rümlingen soll vum Uertsnumm hir op en alhéichdäitsche Persounennumm Rumilo zréck goen; vläicht haten och hei emol Leit vun engem räiche Rumilo oder Rumali d’Plaz besiedelt...