Rëmeleng
D'Rëmelenger Gemeng ass 6,84 Kilometercaré grouss an hire Käbbi war laang landbekannt. Wéi d'Minettsgéigend ëm 1900 vill Leit unzéie sollt, hat et 4.600 Awunner an 2010 da 5.015. D'Wuert "Minette", kleng Minn, bezeechent de Gisementer hire geréngen Eisegehalt (d.h. 20 - 35 %.) An der ‘Stad vun de roude Fielsen‘ féieren zwou Promenaden zréck bei d'Geschicht vun eiser Eisenindustrie. Am Musée des Mines weise säit de 1970ger Aarbechtsgeschir a Maschinnen, al Kaarten a Schrëftstécker d'Ofbau-Technik; an do wi an der Kierch waacht d'helleg Bäerbel als Patréinesch. Mam Uert associéiert gëtt de Numm Emile Kirscht, dee réusséiert huet “säi Kënschtlerliewen mam Alldag vum Schmelzaarbechter an Aklank ze bréngen..” (P. Bertemes). De Minnettsbuedem huet hien zu engem sensiblen a fantasievollen "art du pays des Terres rouges" inspiréiert.
Ale Schrëfte no kruten 1384 d‘Rimlinger’Zisterzienserinne vun den Déifferdenger Matschwësteren d'Recht eng Kapell ze bauen. D'Origine vun der Por ginn op de Gehaansbierg an op Keel zréck, et war mol als Rumelacha (699) mol als Rumelenges (1297) agedroen. Detailer sinn am "déiwe Bour vun der Zäit versonk".. schreift de Fernand Lorang. Nom 30-järege Krich waren der Kapell hir Maueren ënner dem Stréihdaach baufälleg. Eng Zäit duerno gouf e Geeschtleche reklaméiert, dee Franséisch schwätze misst, well d'Rëmelenger keen Däitsch verstanen hunn. Hei huet vum Mëttelalter un den Duché de Bar un eisen Duché gegrenzt, an d’Uertschaft war zäitweileg an zwee gedeelt. No der Franséischer Revolutioun huet de Napoleon eist Land vum Bistum Tréier getrennt an zu Metz gesat. 1803 blouf Rëmeleng net méi bei Keel a gouf autonom Por. Op kommunaler Basis gouf et 1891 vu Keel getrennt a selbstänneg!
De Grondstee fir d‘nei neogotesch dräischëffeg Kierch gouf l895 geluecht. Hir Tuermhauf flankéiere véier pyramidefërmeg Spëtzen. Den Architekt Jean-Pierre Knepper hat hire monumentale Stil dem Boom vun der Uertschaft ugepasst. Preziséiere mer, dass 1824 den Dummeldenger Schmelzhär Collart déi éischt "conzession minière" um Territoire genannt "Hënnescht Haed" kritt hat. De Réistoff gouf eng Weil exportéiert. Wéi no 1886 fir d'éischt hei am Land den "Thomas-Procédé" ugewant gi konnt ass d'Minettsgéigend iwwer Nuecht opgebléit. Al Photoe weisen als Temoin 1876 e Rëmelenger "Carnevalszug" an 1908 d’Maison communale. Nach e puer Detailer: 1875 hat de Grouwebesetzer Nic. Gonner e Spidol an eng Wis gebaut‚‘t koume geschwënn eng Spuerkees heihin, dann an den 1890er d’Entreprise Kihn an d’Zementfabrik, déi spéider bis zu 100 Aarbechter beschäftegt huet.
1907 hat d‘Metropol vum Keeldall iwwer 5300 Awunner a krut den Titel ‘Stad‘ vum Grand-Duc Wëllem IV.. Si hat awer nach kee Veräinshaus, an dëst koum 1910 op Initiativ vum Paschtouer Schiltz. Nom Rouegstelle vun der Schmelz hunn an der Wirtschaftskris (1932) hirer Aarbechter de Stadpark ugeluecht. D'reliéis Praxis goung zréck. Awer déi di gegleeft hunn, waren dynamesch: De Porträtist Nik Brücher krut 1931 d'Commande d'Kierch mat biblesche Biller ze dekoréieren. Seng Erfahrung koum vum Stummel-Atelier, der Antwerpener Konschtakademie an dem Ausmole vun der Kathedral vu Plock a Polen. Déi zwielef Zeenen am "esprit idéalisant des primitifs italiens" (M.Schmitt) mat beispillsweis der Biergpriedegt goufen an de 1990er restauréiert. Harmonesch wierken dem "Älterhännes" Jean Decker säi stilvollen Haaptaltor mat de Kierche-Patréiner Sebastian an Roch, d'Niewenaltär vum lokalen Ebenist Jean-Michel Weber an de Calvaire vum Rëmelenger Sculpteur Albert Hames am Quierhaus. D'Chouerfënstere si Kreatioune vum Atelier Pierre-Hippolyte Linster, engem Pionéier vun der lëtzebuerger Glaskonscht. 1947 gouf d'Klackespill duerch e 5 Tonne schwéiere Bourdon beräichert. De Minne-Propriétär Berens hat am KZ d'Versprieche gemaach, wann en heemkéim eng Klack ze stëften, di méi schwéier wier wéi di dräi al zesummen! De niddregen Zelebratiounsaltor an den Ambo aus Minettssteen sinn aus dem Atelier Poekes. Haut gehéiert d‘Rëmelenger Kierch zu de wichtegsten neogoteschen Edificë vun eisem reliéise Patrimoine… an zum Porverband "Kayldall" mat Keel an Téiteng wéi virun 200 Joer! Si illustréiert d‘reliéis Gefiller vun der Epoch, an där se gebaut gouf. (a.d. Kierchtuermscauserien v. 31.10.2004 )
P.S. Den dekorativen 1908 gebaute Rëmelenger Waassertuerm ass haut net méi a Betrib; e steet wuel op Téitenger Terrain, mä sollt just d’neit Stiedche versuergen a net d’Nopeschgemeng. - Den hei gebuerenen Alphonse "Foni" Tissen war nom Krich Zeecheproff am Escher Jongelycée an hat nieft gréissere Konschtwierker 30 Timberen entworf. Schrëfte vu 1906 ernimmen den Dr. Flesch, Vize-Präsident vum Rëmelenger Collège-Medical, an den Apdikter Schroell an enger staatlecher Examensjury. Net ze vergiessen, d‘südlechst Uertschaft vum Land krut 1927 en Tram (bis 1950) an a kuerzen Intervallen dann e Kiosk, eng Schikrisfabrik an eng Bued-Anstalt. De rezente Parc transfrontalier ‘Fenderie‘ wäert säit 2007 Industriebrooche vun de Gemengen Ottange–Rëmeleng op. D’Plaz wou fréier d’Keelbaach gestaut war gëllt haut als ‘fantastesch Jonctioun’ tëscht zwee Länner. De Georges Hausemer wonnert sech allerdéngs (2009) a senge „Luxemburger Grenzgänge“ iwwer déi e bësse komplizéiert Grenzsituatioun, an där e Grenzsteen um Trottoir eng onsiichtbar Ligne markéiert - an dee Mamme mat Kannerkutsche kaum appréciéieren...