Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Rued/Sir

An der franséischer Revolutioun krut Rued eng gewëssen Importenz als Kantonalhaaptuert. ’t krut dunn eng Gendarmerie, eng Post, eng Gemeng, en Dokter, e Veterinär an souguer e Joermoart. Eng deemols bekannte lokal Perséinlechkeet, de Joseph Remacle Baltia, war bei 8 Militär-Expéditiounen a 29 Schluechte vum Napoleon derbäi. Ëm 1900 hat Rued/Sir en Dokter, eng Épicerie, jee ee Mëller, Bäcker, Schmatt, Schräiner an och e Schneider, e Wiewer, zwee Schousteren a véier Wiert. Fréier Kaarte weisen d’Uertschaft als en typescht laang gezunnent Stroossenduerf mat Uertsdeeler ‘Riedgen’, ‘Stronk’, Sauerwiss a Brill. Et hat 1972 just 335 Awunner, huet sech a ronn 20 Joer verduebelt an 2002 erstaunlecherweis 1206 Leit gezielt, dat heescht ‘t ass a kuerzer Zäit ëm 81 % gewuess!

An der Nokrichszäit huet sech d'Fro gestallt, ob di kleng al Rieder Kierch nach zäitgeméiss wär, an dorophi gouf tëscht 1963 an ’68 ënner dem Abbé Adolphe Krier ee Kierchebauveräin gegrënnt. Zéng Joer drop, am Summer 1976 gouf dann de Grondsteen vun der neier ‘Rieder’ Kierchekonstruktioun no de Pläng vum Architektenteam Haagen-Ewert-Jegen geluet! Sensibel Responsabler haten ‘t fäerdeg bruet, datt si ouni kleng Kulturrevolutioun a Widdersproch acceptéiert gouf. Geweit ass se wéi hir Virgängerin Jacques ‘dem Eeleren‘, dem Pilger mat Bengel, Buch a Muschel, ëm deem säi Graf Saint-Jacques de Compostelle entstoung. Rued zielt säit 1999 zum Porverband "Widdebierg", dee nom 386 Meter héijen noen Tafelbierg benannt ass. ‘t feelt hei ni u gudden Ideeën.. beispillsweis där vum Grupp Humanitaire op Äschermëttwoch owes nom Déngscht mam “Äschekräiz” en einfacht Faaschteniessen z’offréieren fir eng sozial Aktioun.

D‘modern Rieder Kierch gouf am Oktober 1978 feierlech vum Beschof Hengen konsekréiert a krut e Joer drop eng nei Uergel. Hire Cader an d‘excellent Akkustik ginn iwwer d’lokal Grenz eraus staarkt appréciéiert fir klassesch Concert'en. Hiren extravaganten Tuerm deit aus der Distanz eng Kräizform un an ass e Wouerzeeche vun der Uertschaft. Den Aurélien Scholl sot emol, dass "Gott selwer e bësschen Publicitéit bräicht… an dofir d'Klacken hätt!" Zu Rued/Sir hänken 3 Neier mam "Te Deum"-Motiv; déi am Juni 1978 zesummen 30 Pätteren a Giedelen haten. De Bau mam amphitheaterfërmege Schëff huet 33 hell buedemhéich Betonglas-Fënsteren (fräi Kompositioune vum Georges Calteux an Ad Deville), Holzbänken a wuchteg holzen Dunnen. Vu 1988 sinn d‘fräischwiewend Altorbild, den Tabernakel an de Kräizgank vum bekannte Sakralkënschtler Egino Weinert. Dem apaarten Hängekräiz säi Medaillon dekoréieren eng Säit d‘Féisswäschung an déi aner d‘Kräizegung. Den Altor an d'Chouerstill sinn eenheetlech a vum dozou passende Liespult aus ginn d'Evangelium an d'Fürbitte virgedroen an d'Priedegte gehalen. Ënner dem Abbé Jean Leyder hu Biller vum Roger Bertemes de Kräizwee ergänzt.

Den Numm Rued gëtt et méi wi eemol am Land, seng Wuerzele komme vu Rod, (“Neiland”) "roden" oder ausrotten, well iergendeemol fläisseg Familljen hei aus Bëscher Ackerland gemat hunn… an op esou Plaze goufen a ginn dem Humboldt no ‘Verbindunge vu Mënschen dem Liewe säi Wäert.‘ Eng Kierch zu Rued ass am Joer 1083 genannt, wéi d'Aalmünster-Abtei entstoung. De Grof Konrad vu Lëtzebuerg (+1086) sollt hir d' "ecclesiam de Rode" schenken.. Zum Vergläich: d'Nopeschpor Betzder war 1140 am Besëtz vun der Tréierer Abtei Sankt Maximäin. D'Por Rued sollt dann och emol zum Landkapitel Miersch gehéieren.. Präzis Donneeën iwwer Kierche stinn am Steierregester zur Zäit vum Baldouin vun Tréier vun ëm 1330. Mä Detailler aus deem emol Roodt, Roth, Rhoda oder Rhodt geschriwwenen Duerf si rar. Gewosst ass, dass ënner Philipp IV. de Kierche-Chouer baufälleg war, de Paschtouer al an e Kaploun ugefrot gouf. Ënner dem Louis XIV an dem Paschtouer Joh. H. Lenert war d'Land ëmmer nach aarm, Rued hat véier uerdentlech Haiser an d'réi Kierchemauren haten e knubbelege Steebelag um Buedem. E Beriicht vun 1738 ernimmt de wierdegen Zoustand vun der Kierch um Hiwwel, an dass véier Ouljener Haiser zu Rued gehéiert hunn an d‘Laaschte vun der Por hu misse matdroen. Den ale lénke Säitenaltor huet d‘Opschrëfft: P.W. 1728 – d‘al klassesch Rieder Kierch ass manner al, s'entstoung ënner éisträichescher Herrschaft an dréit d‘Joreszuel 1757 am Verwëllef - a vun 1887 datéieren d‘Fënstere mat Blatwierk–Ornamenter. 1808 ass Ouljen vun der Por ewächgefall a Menster koum derbäi - bis et 1858 eegestänneg gouf.

P.S. Wéi 1861 d‘Zuchstreck Lëtzebuerg - Waasserbëlleg - Tréier bestoung... housch et si hätt Rued/Sir vill nei Aarbechtsplaze bruet. Den Historiker Jemmy Koltz hat laangfristeg grouss wirtschaftlech Avantagen erwähnt, déi d’Verbesserung vum ale Wee op d’Musel an de 1720-ger iwwer Nidderaanven, Rued a Betzder op Gréiwemaacher bruet hat. Vum Bau vum Wee Lëtzebuerg-Tréier gouf dann tëscht 1771 a ’77 gesot, d’Duerf hätt doduerch vill nei Awunner kritt. Duerch d’Verbindung un d'Belsch an Tréier louch si nämlech un der Post-Strooss Bréissel - Wien! Bis Februar 1819 hat Rued/Sir iwwregens e Relais vun der Militär- an Zivilpost, deen zoustänneg war fir ’Kavalerie-Ordonnancen’. Ëm déi Zäit war dann do och am Rieder „Petryhaus“ e Postkutscherelais. Dat sinn Tempi passati... mä d’Sir huet op hiren 32 km bis op Mäertert ëmmer nach 17 kleng Niewebaachen an eng Héichtendifferenz vun 154m opweises. Last not least, säit Mee 2011 huet Rued den éischten natuernoen zwee Hektar grousse Bëschkierfech aus dem Land; do schwätze momentan déi ënner wuchtegen Eechen bäigesaten Äeschen eng Sprooch ouni Wierder...