Riedgen
Hanner dem Numm Riedgen verstoppt sech normalerweis e klengt Rad, an zu dësem hätte mer e flotte Sproch aus Griichenland: ‘Dat Rad, dat sech dréit, setzt kee Rascht un’! ’t ass ëmmer ëm de 25.4. dem Kalenner no Kiermes an der Uertschaft Riedgen an zu Reckeng, an et dauche bei munch engem do Erënnerungen op u fréier. Den Hämmelsmarsch héiert ee Samschdes mëttes vun der Reckenger Musek vun engem Won erof… wann een zoufälleg op der Terrasse setzt, de relativ neien Trottoir kiert oder iwwer den Autopedestre trëppelt.
Riedgen a Roedgen ënnerscheed sech um Stroosseschëld just duerch ee Buschtawe! An et läit an der Gemeng Reckeng op der Mess, e bëssen hannerum Schléiwenhaff. ‘t hat am Joer 1848 genee 86 Awunner, haut zielt et där 321 - ronn 40 méi wéi 1981. D’rechteckeg Kapell vu Riedgen mam klenge säitlechen Tuerm ass vun 1872 an dem Apostel Thomas geweit. D’Riedger Por-Leit hu fréier (bis ëm d'1770ger ) zu Réisseng gehéiert, engem Nopesch-Duerf dat ewell duerch d'Pescht géingt 1640/50 ausgestuerwe war. Dunn koum et bei d'Por Reckeng, kuerz zur Leidelenger a gouf 1808 dann definiv Filial vu Reckeng. En eelere Visitatiounsberiicht vun 1738 dréit ëm d’ fréier Duerfkapell. Si entstoung wahrscheinlech am 18. Joerhonnert als haff-eegen Kierch. Riedgen hat zäitweileg eng relativ onbedeitend Herrschaft. A grondrechtlech huet d’Duerf bis d’franséisch Revolutioun zur Héichgeriichtsbarkeet ‘Mënster’ gehéiert. D'Kiermes ass um leschte Sonndeg am Abrëll mat där Reckenger. D'Kapell gouf an de 1970ger Joren komplett renovéiert. Zënter 1979 laut d’al Klack vun 1855 elektresch. D’nei d'Tabernakelsail, d’Rousekranzmadonna, an ënner anerem de Kräizwee stame vum zäitgenëssesche Sakralkënschtler Egino Weinert. (‘t sinn och nach e puer vun hiren ale Statuen erhalen, een hellegen Thomas aus dem 15. an en hellegen Celsus aus dem 18. Jorhonnert.) D’Eglise Protestante de France notzt d’Kapell säit 2007 fir hir Gottesdéngschter.
1226 hat en Akt d’Duerf fir d’éischt ernimmt,.. ënner der Bezeechnung ‘Runneke’. Aner Nimm waren am Laf vun der Zäit Overuthe an Rutsche. Uertsnimm, di mat -röd ophalen, gi meeschtens op ëmfaassend Bëschruedungen zréck. Zu Fulda ass Rötacker eng al Flouerbezeechnung, an do steet Röd (Röth) oder Röde fir fiichten Aacker… Eng botanesch Notiz leed den däitsche Blumme-Numm 'Rade' vu Kornrade, der 'Wann', an der Faarf rout of di op englesch red, op schwedesch röd, an op latäin Rutilus heescht. Dës Erklärunge wäre vläicht e Gespréich-Thema rondrëm munch e Kiermesdësch. Iwwregens heesche Plaze wou Fräsche läichen, Ried-Gebidder. - Haut stinn hei eng Rei méi a manner modern geraimeg Haiser mat allerlee Facen, zweckméisseg a schéin, vu klenge Grengzonen encadréiert! De Sir Francis Bacon hat sengerzäit philosophéiert ‘Häuser baut man zum Wohnen und nicht zum Anschauen; deshalb hat auch die Zweckmäßigkeit den Vorrang vor der Schönheit, ausgenommen, wo man beides vereinigen kann!’ …Eng iwwer 380 Joer al Ëmschreiwung vu Liewensqualitéit! De Spottnumm 'Riedger Kréien' ass net negativ, well dës schwaarz gefiedert Zweebeener ganz intelligent sinn - an souguer Rollen a Märercher hunn!
P.S. Riedgen ass eent vun de wéinegen Dierfer no bei der Stad, dat nach Duerfcharakter huet. Kaum ass een aus Märel eraus, ass ee schonn op dem Land. Hoffentlech bleift dat nach laang esou! Op der Kiermes 1905 huet ee fir d’éischt den Hämmelsmarsch …vun der neigegrënnter "Harmonie Reckange-Roedgen" an de Stroosse vun eisen zwee genannten Dierfer héiren „Musik trägt am meisten zur Verbrüderung der Völker bei“ sot de Rubinstein… (‘ t ass sous-entendu dass si grad esou der Kollegialitéit zwësche Nopeschuertschaften déngt.) D’Musek war zum Beispill och beim „Heemount wéi fréier“ zu Riedgen derbäi.