Roudemer
Bis zur Fusioun mat der Gemeng Jonglënster, bis Januar 1979, war Roudemer mat Beidler, Eeschweller a Gonnereng eng eegestänneg Gemeng. Hei hu 1970 just emol 50 Leit gewunnt, an elo 114. Fir d’Kiermes am Juni spillt d’Lënster Musek um Virowend hei den Hämmelsmarsch a kritt dee Moment mat Hëllef vum Duerf-Gesank eppes an d’Caisse. Hei sti stilvoll Bauerenhäff aus dem 18. a 19. Jorhonnert nieft méi modernen Haiser. ‘Monument classé’ sinn zu Roudemer d’aalt Paschtoueschhaus an e Bauerenhaff, béid an der rue d ‘Eschweiler.
D’Kierch vu Roudemer zielt zum Porverband Jonglënster. Hir Chorale sengt op der Kiermes mat der Guedber zesummen… zu Guedber d’Kiermesmass. Um Triumphbou vun der barocker Roudemer Porkierch steet den Datum 1755. Wéi si entstoung war de Benedikt Filtz do Paschtouer. Si gläicht vum Stil hir deene vu Jonglënster, Käerch a Munneref an huet Rokoko-Altär a Chouerstill. Mat dësen dräi éischtrangégen an engem Otemzuch genannt ze ginn ass ewell e Luef! D’säitlech Duerchgangsdiere beim Haaptaltor hu Reliefer vun den Apostelfürsten an um Priedegtstull ass eng rar Un-Uerdnung vun den Evangelisten, zu zwee an zwee. Dëst a méi schreift e kulturelle Weeweiser, dee Roudemer 9 Zeilen dediéiert… d.h. grad souvill wéi dem Mierscher Méchelstuerm.
De Numm Rodenbourg oder Rodenborn kënnt der Iwwerliwwerung no natierlech vun engem spezielle Buer mat roudem Fong, well do eng Schicht verleeft wou Eisen dran ass. D'Roudemerbaach mam Code 499 gouf renaturéiert, leeft deels net méi ënner der Strooss erduerch a verännert d’Bild vum Duerf. S’enspréngt 900 Meter nërdlech vun den Haiser, huet 2 Quellen, eng am Bësch Läschend an d’Déischelbaach… a leeft no 3,5 Kilometer bei Ouljen an d'Sir. Dat eelst Dokument iwwer d’„Rodenburner Mühle“ ass 1317 am Inventaire vum Klouschter Mariendall. D’Mille war mat 10 op 7 Meter relativ kleng, hat keng Wunneng, just eng Millekimmerchen als Openthaltsraum awer si hat den 1. Stroum… Si konnt elektresch muelen… dank enger Turbinne. Dës gouf ëm 1930 un d’Wanderscheider Duchfabrik verkaaft. Nom éischte Weltkrich war mam ‘Mille-stierwen’ d’Enn vun hirer 600 jäereger Existenz komm. (De leschte Mëller vun hei, den Anton Erpelding, ass 84-järeg an der Mille gestuerwen.) Aus hire Maueren entstoung op Initiative vun den Eelste vun de Geschwëster Didier e geraimegt Wunnhaus, genannt „Villa“; d’Millerad ass verschwonnen.
De berühmte Schrëftsteller an Nobelpräis-Lauréat Ernest Hemingway (1899-1961) huet als Krichs-Korrespondent vun der Ardennenoffensiv nom 17. Dezember 1944 dräi Wochen an der Villa, dem deemolegen Haaptquartéier vun der Rundstedtoffensiv gewunnt. Hie sollt d’Battle of the Bulge am ETO, dem European Theater of Operations couvréieren. Mä wéinst enger Longenentzündung souz en fest zu Roudemer, an wi déi geheelt war, waren d’Haaptschluechten eriwwer… an him hat d’Reserve Masswäin d’Zäit verkierzt! Eng Stèle erënnert zanter 1989 nieft der Millenafaahrt un hien an di mémorabel Deeg. Dee leschte Bauer am Duerf, de leschte vun 12, weess nach villes vun deemools z’erzielen…
PS. Den herrlechen Triptychon vu Roudemer versuergt de Staatsmusée; en datéierrt aus dem fréien XVI. Jh. a staamt wahrscheinlech aus enger schwäbescher Wierkstad. Déi di deemools hei d’Soen haten waren also Konschtkenner an hunn op hirer Plaz eng Basis geschafen zu eisem ‘héritage culturel’ - dem Lien tëscht ‘passé a futur’! Bei de Kierchefënschtren vun 1939 aus dem Munnerefer Atelier Linster falen der zwou op mat den Hellegen Willibrord an Hubertus. Ob just visibel oder gräifbar Undenken, si an d’Erënnerung «réinventent le passé» mengt e franséische Sproch.