Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Randschelt

Randschelt ass dat klengsten Duerf am Land a läit net wäit vum Napoléonsgaart. Et huet eng Kierch an dräi Haiser - genee gesot en eelere Bauerenhaff, e Paschtoueschhaus an eng al haut transforméiert Schoul. Am butzegen Uert mat der Postleitzuel 8831 ass haut just eng Persoun ugemeld. (D’Schoulgeographie vun 1987 hat do 7 Awunner uginn.) Do wou alles ronderëm ‘Ländlechkeet ausotemt’ falen de neien 1,5 km laange ‘Randschleider-Pad’ op an neierdéngs en apaarte klenge Bistro.

D’Grondpor Randschelt (mat oder ouni d...) war 959 Akte no Deel vum Äerzbistum Tréier an dem Dekanat Miersch. Si hat am Laf vun der Zäit muunch Schreifweisen. D’Leit vun Rynsleiden oder virdru ‘Renneslete’ sinn am 14. Jh. op Iechternach gepilgert. De Stater Scheffen Philippe d’Elvange hat d’Plaz als Pand kritt. Wéi hien 1434 Commandeur vum ‘teutonesche Ritteruerde’ gouf hat en dësem Uerden seng Gidder a Rechter vu ‘Ranselet’ vermat. Aus där Zäit sinn de gotesche Kierchechouer an di eelst Fresken, ( 't heescht vun ëm 1437.) Dës spéitmëttelalterlech Wandmolerei veréiwegt hien a Rittergestallt op de Knéien zu Féiss vum hellege Péiter.

D’Kierch entstoung aus enger romanescher Kapell a verschiddenen Epochen a war ufanks 11 op 5,30 Meter grouss. De ruralen Tuerm mat de massive Mauere koum no, a vun 1537 staamt d’Verbreederung zum dräischëffege Bau mam herrleche gotesche Kräizrëppe-Verwëllef! Dëst wiisst wéi eng Palm aus de Sailen, säi Schlusssteen mat Pietà erënnert un d’Baaschtnecher Verwëllef aus St.Pierre an ass mat Fresken iwwerzunn. D’ ‘haut-relief’ Maske sinn de Kapitellen ugepasst - aus engem Mond hänken d’Zong eraus an Zweigen un deene Figure schwiewen. Si stelle Symboler duer, an erméichlechen grad ewéi d’‘Chasse de St. Hubert’ an di aner Dekoren an deem verstoppten Dall konschtgeschichtlech Etuden. Di kostbar Wandmolereië goufen 1952 erëm-entdeckt. Ähnlecher valoriséieren e puer aner eeler Duerfkierchen. Se si gemat fir d’Éiwegkeet a net transportabel wéi Statuen. Hir faarweg Episoden, hir Multitude vun Engelcher an deels ondéfinéiert Helleger sinn Témoin vu fantasieräiche Kënschtler. An der Blanche Weicherding-Goergen hirer Monographie vu 1974 dréien iwwer 30 Säiten eleng ëm d‘Wand-Molerei! Si hat hire Papp, den Edmond Goergen, begleet beim Restauréiere vun de Fresken a gouf zur Expertin. Zu Randschelt hunn d’symbolräich Zeenen an helleg Gestalten am Kiercheschëff a Chouer d’Volleks-Bibel illustréiert an Zäite wou nach net jidderee liese konnt! Mäzenen hunn domat gehollef gläich nieft enger bekannter Éisleker Maartplaz de ‘Sens du beau’ z’entdecken. Haut hëlleft dobäi en Audio-guide.

Dem Héichaltor vun ëm 1700 säin Tableau ass ‘dédiée à tous-les-Saints’. Di populär helleg Hubertus an Willibrord stinn dorop am Viirdergrond. (Pilger aus dem westlechen Deel vum fréieren Herzogtum Lëtzebuerg goungen deemols op Saint-Hubert an de Bistum Lüttich, an d’ëstlech Gebidder op Iechternach, dat zum Bistum Köln gezielt hat.) Net manner intressant sinn d’Informatiounen vum Kult ëm ee ‘Wonnerbuer’ bei deen all Joer eng Precessioun koum. De Willibrord hat sengerzäit hei Leit bekéiert... (an ‘t housch fréier, «bei der Häddekiirch lääft Wäin an der Krëschtnuet.») Wéi den angelsächsesche Mönch, Missionar a spéideren Hellege Willibrord d‘Chrëschtentum an eisem Land verbreet huet koum en och op Randschelt... mä d‘heednesch Populatioun huet iwwer hie gelaacht. Dunn huet en d‘Gëtzebiller vun den Altär geholl, d‘Hand an e Feier gestreckt a gläich goungen d‘Flamen aus. Wéi keng Reaktioun vun den heednesche Gëtter koum, hunn d‘Leit säi Gott fir dee méi Mächtegen ugekuckt an hunn him vertraut. (N. Gredt) - !” Betruechter kënnen sech hei an um Kierfech mat den alen a neie Griewer aus Schifer oder Sandsteen an d‘Ambiance vun diversen Epoquen zréckversetzen. Wéi ëm 1950 bei Aarbechten an der Ranschelter Kierch ënner anerem dat stengent Verwëllef am Klackentuerm erneiert gouf, hat d’Kommissioun vu "Sites et Monuments" dem Léon Peller säin Talent am Schaffe mat Natursteng erkannt. Ufanks Hierscht 2010 krut dat idyllescht Dierfchen nach e Plus, 't huet säithir e Meditatiounswee. Dëse fänkt bei der Kierch un a symboliséiert duerch e Rad mat 12 Spächen 12 Statiounen. D‘Idee hat e Modell aus Éisträich inspiréiert.

P.S.: Een attraktive Plus fir Ranschelt ass haut d’Thillenvogtei. Si koum no 2014 vu Wal an d’Haus Nr. 3, an den fréieren Haff Grisius - genannt «An Hoppsch». Aus der Famill Ney hirer wäertvoller Sammlung vun Altertëmer goufen ewell eenzel Stécker als Filmrequisite benotzt. A vill Schoulklassen hunn do selwergebake Brout giess, de Kolonnenuewe bewonnert a gesouchen do wéi virun 100 Joer gewäsch gouf. - An de Mauere vum klenge Ranschelter Bistro op der Nummer 2 war zäitweileg e Schoulsall, an zäitweileg hu Schwäin dra gegruunzt. Haut fënnt een do an engem e bësse spezielle Kader nieft enger phantasieräicher Menuskaart och gelegentlech musikalesch Gourmandisen. - An der Äifel existéiert iwwregens eng Lokalitéit Schleiden, aus där den Humanist Johannes ‘Sleidanus’ gestaamt huet. Dësem 1556 zu Strooßbuerg verstuerwene Geschichtsschreiwer an Diplomat säin Numm verréid awer net d’Bedeitung vu sengem Numm. (09.05.2021)