Reisduerf
Di pittoresk Uertschaft Reisdorf läit um Bord vun der Sauer, 46 km vun der Stad an ëmgi vu gréngen Hiwwelen an engem Kranz Bëscher. Et fënnt een do vill Promenaden, ‘t ass nämlech eng vun den Entréeën vun der lëtzebuerger Schwäiz an en idealen Ausgangspunkt fir Naturliebhaber. An Direktioun Héischdrefer-Bierg a Veianen steet d’sougenannte ‘Schlaangekräiz’, well do emol e Meedche vun enger Schlaang gebass gouf a gestuerwen ass, schreift eisen alen Dictionnaire! An de relativ neie Gemenge-Wope weist op d’Charakteristiken hin, d’Sauer an d’Kräiz.
Reisduerf hat fréier kierchlech zum Quartier d'Echternach gezielt… an zur Justice Eppeldorf. ‘t huet 645 Awunner an di Dosent Haiser am ieweschten Deel an d’kleng Nikloskapell sinn ‘Klengreisduerf’! ( An hir ass e raart Altorbild vum Abraham; d'Fro stellt sech hei beim Liesen: vum bibleschen Abraham oder vläicht vum Moler vun Orval, dem Brudder Abraham Gilson?) D’grouss Kierch gouf am Joer 1900 gebaut, hiren 1. Patréiner ass de Bartelméiss, an als zweet huet si d’Appolonia. (Virdrun war hei méi eng kleng Kierch op enger anerer Plaz.) Se huet eng Westenfelder Uergel, klassesch Altär an eng héichintressant Wand-Molerei am Chouer. An de Biller vum Moler Neumanns, engem Schüler vum Brücher, läit eiser Geschicht dran... vum Schëtzel, der Amalberga, dem Martinus a Willibrord bis bei de Péiter vun Uespelt. D’Wierk aus de 1930ger gouf no 30 Joer iwwerstrach an uganks de 1990ger vum Patrick Kremer fräi geluet a renovéiert! Di 10 Fënschteren vum Zanter datéiere vu 1954 an illustréiere Liewenszeene vu Maria a Jesus.
Reisduerf läit an der ‘Vallée de la Sûre’, iwwer déi e belsche Site fir Camping Frënn schwäermt. «S'il est un paradis sur terre, peut être allez vous le rencontrer ici» An “En effet le Luxembourg est l'un des plus petits, mais des plus beaux pays qui soient.” En Text vum Historiker a ‘savant humaniste' a Mécène, dem Abt Bertels, di zu Köln gedréckten ‘Historia Luxemburgensis’ vun 1605 insistéiert op dem Sauerdall säin agréable Klima! An en ernimmt bei Iechternach hir vill Fësch, Piggen, Goujongen, Kaarpen, Éilen a Saumon… an donieft de Wäibau! Zu Reisduerf heescht och eng Plaz ‘am Wangert’. Fréier war hei och eng Millen an eng Gipskaul, mat enger klenger Binnchen fir den Transport. All dës lokal Detailler sinn wéi Puzzle-stécker. Hei nach een intressant: Wéi 1888 –‘89 di 9 éischt kommunal Telephons-Kabinen a Betrib koumen, war ënner hinnen, de 27.9.1889 eng zu Reisduerf an der Post - an deeselwéchten Dag och eng zu Befort. Säit de leschte 50 Joer ass den ale Cachet vum Duerf passé, mä eng schéi Schoul, eng nei Sportshal an aner néideg Infrastrukturen hunn et opgewäert. An der 'ancienne ferme Gillen’ aus dem 18. Jh. ass beispillsweis de Centre Communal a Culturel mat Garage fir d’Pompieren. Net ze vergiessen: Den ënneschten Dall vun der Wäissen Ernz, vun Iermsdref op Reisduerf, gëtt och als ”Tal der Mühlen” bezeechent. Di meescht stamen aus der Mëtt vum 19. Joerhonnert, hunn hei Miel gemuel, Planzenueleg gepresst oder Stroum fabrizéiert fir d’Nopeschdierfer. An Tourismus ass hei dem Begrëff vum Erwin Koch no…‘angewandte Geographie’.
P.S. De Carlo Hemmer verréit a sengem ‘besënnlech – kritesche Wanderbuch' vu 1974 säi memotechneschen Trick fir di 2 Iernzen, (di wäiss an di schwaarz) net ze verwiesselen... “ Reis ass weiss, a Reisduerf läit un der wäisser Ernz”, déi hei an d’Sauer fléisst. Dee Gedanken héiert sech einfach an zouverlässeg un. D'Buch iwwer d'Schéinheet an d'Eegenaart vun eise Landschaften kléngt haut wuel nostalgesch, ass awer eng erhuelsam an opschlossräich Lekture.