Reiland
Well den 31. Oktober 2010 keng Kiermes um Kalenner steet presentéiere mer eng zimlech kleng Uertschaft wou Nokiermes ass. Si heescht Reiland, läit an der Gemeng Hiefenech an op der Landkaart genee tëscht Miersch an Tréier. D'Explikatioun vum relativ noen däitschen Uert Reuland sengem Numm ka fir eis opschlossräich sinn: Engem Wierderbuch vun 1834 no weist d’Wuert-wuerzel vu 'reuten' op ‘urbar machen’ hin... Einfach a plausibel, wann een et weess!
D’Uertschaften Hiefenech a Reiland sinn zwou vun den eelsten am Land. Reiland ass fir d’éischt 896 erwähnt; seng Kierch hat am Mëttelalter zur Herrschaft Meesebuerg gehéiert. Mä se gouf och laang vun Hiefenecher Temporairë verwalt. Seng heiteg Kapell huet en Daachreider an en Tuerm - a no der leschter Renovatioun vun 2003 eng agréabel Atmosphär an zäitlos Harmonie. Vum neogotesche Kierchemiwwel sinn hëlze Statuen vum hl. Jakobus, dem Cyriakus an der Immaculata erhalen. De Christoph vu Baden, een daperen an erfollegräiche Markgrof, krut als Statthalter vum Herzogtum Lëtzebuerg ëm 1488 d’Herrschaft Reiland geschenkt. Dëst ass e bekannten Extrait aus der Geschicht. Spéider Trouvaille sinn deels vergiess; z.B. déi vum Reilänner Mëller an den 1840ger. Hien hat am Schutt vun der galloréimescher Plaz Aalbuerg en Hirschkapp mat enger Schell, eng Urne a Mënzen entdeckt. Intressant fir Fuerscher vum Patrimoine! 1935 hat hei deen aus Hiefenech gebiertege Éiter Schoulmeeschter Nicolas Thill (1885-1967) zesumme mam Natur-Geschicht’s-Musée en archeologesche Schaz fonnt, no bei der schwaarzer Iernz a Richtung Mëllerdall...! Nieft engem Sandsteenabri - bei der Plaz Reiland-Loschbur war do e gutt erhalene mënschleche Skelett - en ëm 1,60 M grousse jonke Mënsch aus dem End-Mesolithikum begruewen. Hien ass dee bis haut eelste Lëtzebuerger! En hat virun 8000 Joer gelieft a krut de Numm “Loschbur-Mann”. Den “Ötzi“ zielt ronn 5300 Joer; d’Mumie aus dem Eis huet wuel e puer dausend Joer manner, mä war net nëmme fir d ’Medien eng Sensatioun.
Den Alter vun der Lann bei der ‚Woneschkapell’ gëtt mol wéi dës a Relatioun bruet mat der Pescht Epidemie vu 1668, no där d’Planze vun engem Bam ernimmt ass - mol mat enger Hochzäit vu virun 250 Joer! (..genee vun 1760.) Deemools soll eng Braut eng Plänzchen nieft d’Kapell gesat hunn. Dëse Symbol vu Reiland mat ‚kanoneschem’ Alter (..wahrscheinlech ass den 2. Datum dee richtegen), hat e Stuerm deels gebrach. E gouf gestutzt, mä steet ëmmer nach – an ass am supplementaren Inventaire vun eise nationale Monumenter. Mat him kontrastéiert di fonkelnei Maison Relais vun der Croix-Rouge. - D’Kiermes vu Reiland ass den 28. Oktober op Simon a Juda–Dag, mä gëtt sonndes virdru gefeiert. D’befrënnt Jonglënster Musek annoncéiert se Samschdes mam Hämmelsmarsch. An ’t heescht dann ’..sinn Simon a Juda verbäi, ass de Wee fir de Wanter fräi’! Am August ass en Duerffest fir di 295 Reiländer Awunner, an dat organiséieren déi dynamesch Dëschtennisspiller.
P.S. De 7. Oktober 1935 hat am Musée den Telefon gerabbelt an den opgereegten Nic Thill huet onzesummenhängend gesot.. “ech hunn en...” an weider “...de Männchen”! Säin Dram hat sech erfëllt an domat huet d’Virgeschicht den ëffentlechen Interêt vum Public fonnt’, mengt e Presse-Commentaire. Lokal gesinn ass en anere wichtegen Dag hei den 1. Mee: säit 1954 ginn dann traditionell Päerd an Autoe geseent. An d’Reilänner Millen? An hire Mauere war emol e Restaurant dee bekannt war fir säi lëtzebuerger Kascht; haut bidd d'Haus Asylanten en Doheem.