Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Réiden

Réiden ass als Gemeng mat hiren 32 Kilometercaré flächeméisseg di 15.-gréisst am Land. Se huet 20 % Bëscher. 2003 ware vun hiren 2215 Awunner 1684 Lëtzebuerger, an ënner aanrem 166 Belsch- an 115 Portugiesesch Staatsbierger. Eng Charte ernimmt d’Duerf ‘Reddingen’ 1083, d.h. am Joer wéi de Grof Konrad I. d’Benediktinerabtei Almënster gegrënnt hat. Hiweiser op Uertsnimm déi mat Red ufänke si vague (Reed steet am englesche fir ‘Lëtschen, Supp, Mouer’ - Reet oder Ried bei de Westgermanen fir ‘Binse a Schilf’). Réiden hat fréier mat der Herrschaft Useldéng ze dinn a mat Simmer, Guirsch an Aansemburg, verréit säi Wopen. En Arrêté hält dësen Enn Februar 1989 offiziell fest: ‘roud selwreg hozizontal Sträifen mat diagonaler bloer Bande mat dräi giele sechszackege Stären’. Réiden hat keng ‘vocation essentiellement agricole’ wi seng Nopeschdierfer. Fir besser Verbindung huet vun 1890-1953 de ‘Jangeli’ gesuergt – op enger 30 km laanger Streck mat enger maxi Vitesse vun 30 à l'heure. (E Postkutscherekord vun 1888 war 23 km an der Stonn!)

An de Réidener Memoirë steet vill geschichtleches. Et war 1747 eng Por mat Lannen a Nogem. 't gouf 1841 no Osper Kantonshaaptuert a krut no an no néideg an typesch Infrastrukturen, inklusiv Spidol a Friddensgeriicht. Dëst hat 1887 d'Telefonsnummer 6 a war um Stater Zentralbüro ugeschloss. Abonnenten nieft dem Postbureau waren de Notär, den Aptikter, d'Gendarmerie an den Hôtelier Carels-Schleimer. Kuerz drop huet de Moler Munkàcsy och e Raccord fir d'Colpecher Schlass hei ugefrot. De Kantonshaaptuert krut no a no véier Banquen, e Kulturzentrum, eng Musekschoul e Kino vun 1948-1979, e Joermoart, e Centre Médical an eng gedeckte Piscine mat Glaskuppel. Nom Stagnéire vun der Entwécklung an den 1980ger Jore koum d'Iddi vum Syndicat "Réidener Kanton" mat de néng Nopeschgemengen. Al Bausubstanz ass duerno renovéiert ginn a seng Groussgaass wierkt relativ ‘städtesch’. De Carlo Hemmer sot emol seng Entrée hätt e „geradezu feierliches Gepräge“ an a senger Allée gesouch en eent vun de schéinste Naturmonumenter am Land!

Réiden huet eng schéin hell Barockkierch vu 1771. D'Konditiounen un hire Bauhär hu geheesch: bescht Bausteng ze huelen, e Fondament vu fennëf Schong breed a Säilen vu 14 Schong héich no der franséischer Mooss ze maachen. Dem Bauhär säi Loun: 725 Räichsdaaler. – Enn de 1920ger krut d'Réidener Porkierch e "Quierschëff" hannert der Entrée an 30 nei Fënsteren… an si wierkt elo richteg momumental. Den aachteckege Klackentuerm vun 1929 - eng Fantaisie vum Architekt - entsprécht dem Goût vun der Zäit –grad wéi den ale Musekkiosk vun der Leopold Plaz, deen 1978 vergréissert gouf. D'Kierch war 1975 banne restauréiert ginn. Hir barock Miwwel hunn Charme an d'Uergel historesche Wäert! Si gouf e puermol erweidert: se zielt elo 1322 Päifen, wouvun der 535 vum ale Bestand iwwerholl goufen. Kierchepatréiner ass den hl. Viktor, deen am Doum vun der Réimerstad Xanten um Rhein begruewe läit. (Vun hirer Virgängerin ass just gewosst, dass hiren Altor1470 gestëft gouf.)

Réiden läit um Hang vum "Krëschtbierg" a vum "Haardknapp" zur lénker Säit vun der Atert an der Iwwergangszon vun Éislek a Guttland. An hir sinn d’Däller grad wéi ëm Ettelbréck an Dikrech relativ breet. D'Fontaine mam Kropemann op der Gemengeplaz entstoung am Joer 2000 an ass vum Brugger Sculpteur Jef Claerhout (no engem Entworf vum Carlo Schneider.) Dës legendär Figur, de Kannerschreck a Copain vum Belschen "Henry-Crochet", soll ëmmer eng Virléift fir d'Atert a Réiden gehat hunn! Mä vum onsiichtbare Waassergeescht war bis elo héchstens e Schied z'erblécksen, oder e Plätscheren ze héieren, wann e seng Kleeder wäsche sollt! Op d’Kanner säi Gedicht vum Willy Goergen nach kennen? Réiden hat enger Statistik vun 2003 no 181 Kanner tëscht 5 a 9 an grad souvill 40 - 45-Järeger... Leit iwwer 90 sollten am Atertstiedchen dee Moment 20 wunnen! U vergaangen Zäiten erënneren de klasséierten Wäschbur an der rue d'Ell aus dem Enn vum 19. Jh. an d'Eisebunnsbréck vum "Jangeli" op der Strooss no Bieckerech. Net ze vergiessen, den 1926/28 retabléierte Grenzsteen op der Arelerstrooss huet d'Nr 118 - an bis op Arel sinn et just 12 km. (Deels aus de ‘Kierchtuermscauserien‘).

P.S. Wichteg fir dem Kanton Réiden seng zéng Gemenge war deen 1998 vun 23 Associatiounen a Gemengen am Atert-Baseng ënnerschriwwenen (a geschwënn duerch eng Charta ergänzten) Atert-Kontrakt. Säi But ass d’nohalteg Notzung vum 38 km laange Floss a sengem Baseng. Dëse Kontrakt hat der europäescher Waasser-Caderdirective’ vun 2000 virgegraff, déi d’Gewässer-Gestioun iwwer territorial Grenzen eraus traitéiert. - Vum September 2008 un fonctionnéiert dem Atert Lycée Réiden säi Schoulbetrib (..inklusiv Internat). Een Highlight war do am Juni 2012 d’Iwwerhuele vum erhalenswäerten 2001 gebaute Solarlabor aus dem ”Lycée technique des arts et métiers“. (Um Lampertsbierg gouf iwwregens an der fréierer Handwierkerschoul 1992/93 e Solarmobil gebaut!) - Eppes wat keen aneren huet ass Enn September e Kropemanns-Fest! (Dat éischt Volleksfest ëm d‘lokal Soegestalt hat 2012 Dausende vu Leit ugezunn. De Kropemann sollt fréier d‘Kanner vu Weieren, Baachen oder Pëtzer ewech halen. Haut erschéngt en als Beschützer vun der Naturlandschaft ëm d’Atert a waacht iwwer “d’ökologesch Integritéit vum Liewensraum 'Waasser' ...dat eis “Kraaft, Energie a Kultur schenkt.“ (Fabrizio Plessi).