Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Reckeng op der Mess

Reckeng heescht e sympathescht Duerf un der Mess mat fränkeschen Urspréng. Et läit un der Dräikantonsstrooss an enger Landschaft wéi een s'op Tableaue fënnt. D‘Geschicht vun der Por geet zréck an d'10. Joerhonnert a war laang mam verschwonnenen Dierfche Rüsseng verbonnen; béid haten am 13. Joerhonnert alt emol Streidereien wat fir eent vun hinnen dat wichtegst wier! Wéi Rüsseng spéider ausgestuerwen ass, hu Klausner do gelieft an no der aler Kierch gekuckt. Reckeng gëtt warscheinlech wéi de Schweizer Uert mam selwechten Numm ofgeleet vu "Rekko", der Aufrechte, der "Recke" an -ingen verréit d'Relatioun zu sengem Stamm. “Reck” bedeit an der Toponomie och “plaine”. Om Reckenger Wope bezéie sech diagonal blo Wellen op d'Duerf an d'Mess, dräi kleng Märelen op Wickreng an e goldegt Ankerkräiz op schwaarzem Fong op Lampech.

Den Zousaz ‘op der Mess‘ mécht Reckeng onverwiesselbar mam Uert Recken am Kanton Miersch. D’Mess entspréngt beim Schullerbësch, fléisst iwwer Spréngkeng, Betten a Reckeng, kritt Verstäerkung vun der Eschbaach, der Pissbaach a Klausbaach a passéiert Wickreng an Éileng. Duerno leeft se no 12 km bei der Lameschmillen gemittlech an d’Uelzecht. Éischt Aschreiwungen aus der 1000 järeger Porgeschicht datéiere vun engem Geeschtleche vun 1274. Seng Kierch war joerhonnertelaang d'Schwesterkierch vun Zéisseng – bis d'Duerf 1808 nom Konkordat tëscht Roum an dem Napoleon definitiv eng Por gouf mat Riedgen a Piisseng. 1933 gouf di nei Kierch gebaut an Nord-Süd-Richtung vum Architekt Deitz um Terrain vun der Virgängerin an engem Nopesch-Grondsteck vun der Famill Gindt. Iwwer der Aganksdir fällt e grousst Steekräiz op mam Christuskapp vu Profil vum Claus Cito. Hir Patréinesch Adelgonde (+30. Jan. 684) war Grënnerin an Äbtissin vum Klouschter vu Maubeuge. De neiromanesche Bau haten deels Spende finanzéiert: 128.000 F d'Kierchefabrik, 53.000 F Privatpersounen an 20.000 e staatleche Subsid. Aus der aler Kierch vu 1698 kommen d‘Klacken (vu Mabillon,vu 1920), een akustescht Wouerzeeche vum Uert. Och d‘barock-Altär vum Papp a Fils Greeff goufen iwwerholl; e Medaillon um Marienaltor weist den Datum 1704. Di typesch Engelskäpp gläiche sech an drapéieren d‘Flillecken ëm d’Gesiichter. D‘Renovéierung tëscht 1968 a‘70 huet kënschtleresch Wäertvolles harmonesch un d’Erneirungen ugepasst.

De ‚Musée diocésain’ hat d’Quirin-, d’Niklos- an d’Hubertusstatue geschenkt an de Beschof d’helleg Barbara. 1971 gouf de Raum nei konsékréiert; an nei Statue vu Maria a Jousef koume no. Eng Kierch "déngt de liturgesche Feieren an ass e Symbol, dat zum Himmel weist" hat de Bëschof Hengen 1983 gesot; an zur Chorale, di sou al ass wi d'Kierch… "Si soll de Gesank vum Vollek stäipen a féieren". D’Sänger sinn houfreg op hir somptuös Uergel vun der Eupener Firma Schumacher, déi am Mee 1996 ageweit gouf.

D'Brochure "Portrait vun engem schéinen Duerf" vun 1983 bréngt eng Chronik vun den Duerfhaiser, dokumentéiert de Bau vun där neier Kierch a veréiwegt och déi al.. Erënnere mer drun, dass d'lëtzebuerger Grofen Terrain zu Reckeng haten a Partien vum Reckenger Recht a Besëtz un hir trei Gefollegsleit, d'Häre vun Zolver, Lalleng, Riedgen an u lokal Hären ofginn hunn. E puer honnert Joer drop huet d'Fraeklouschter Mariendall Gidder hei kaaft mat der Flicht de Chouer an deelweis d'Kiercheschëffer vu Reckéng a Rüsseng z'ënnerhalen. Fir weltlech Froe ware Generatioune spéider d'Herrschaft de Geysen a fir d'Lännereien d'Münsterabtei zoustänneg. Reckeng gouf am Laf vun der Geschicht dann och ofhängeg vun der Maison d'Aspelt, de Tavigny, a vun de Lampecher- an Zolwer Seigneurien… Dat sinn ‘tempi passati’... Mä zur Lokalgeschicht zielt och d’Legend vum Schatz beim holze Kräiz. Zwee Couragéierter wollten 'mol owens hiert Gléck do probéieren... wuelwëssend dass beim Gruewen d’Schwätze verbuede war. Een huet geliicht an ee gekappt bis en eppes Haardes fonnt huet… an den aanre spontan sot "Hal op"! Dee Moment war d'Lach nees zou an e groussen Hond louch op der Plaz. An net vergiess ass d'Spéchwuert "Wien emol d'Waasser vun der Mess geschmaacht, kënnt net sou séier dervu lass."

vP.S. An der Mëtt vum 14. Jh. hat Reckeng 150 Menagen, 2001 da 560 Awunner an 2010 ewell 825 (…mat 78 % Lëtzebuerger Päss.) D’Gemeng ass 1784 entstanen an hat zäitweileg Leideleng derbäi; haut kritt se mat hire sechs Dierfer Luef fir hir erfrëschend Gréngzonen. Am Juli 2011 war hei d‘Inauguratioun vum Sentier-Mess, engem chemin mixte, deen Uertschafte matenee verbënnt an Veloen erlaabt d‘geféierlech N13 z‘evitéieren,. ‘Pëtzenhaus’ heescht de lokale Centre culturel op Nr. 1, rue de la Montée. D’beschtbekannten Dräikantonsstrooss passéiert tëscht dem Wandhaff a Bus d‘Kantone Kapellen, Esch a Réimech. Se mécht e Bou a südëstlecher Richtung a verbënnt d‘N6 mat der N2. Se kräizt dräi Autobunnen, geet iwwer eng Rei Brécken, iwwer 8 Baachen an duerch 8 Rondpointen. Hiren Ufangs-Projet weist 1849 am Memorial op eng grouss ‘Anterpris’ hinn.. an den Zäite wou 1 kg Miel 0,27 F kascht huet an 1 kg Botter 1,25 F… “Réckes“ ass zu Iechternach iwwregens (dem Engelmann no) d’Ofkierzung vun ‘Heinrich’.