Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Recken

Recken bei Miersch läit am Kranz vun den aacht Uertschaften, déi d'Gemeng Miersch ausmaachen. 1806 hat et 370 Awunner, 1824 iwwer 500 (an am Januar 2014 ewell 769 Awunner.) Et zielt zou de relativ rouegen Dierfer am Dall vun der Äisch. Et huet en typeschen Duerfkär a prächteg 200 järeg Haiser mat stilvolle Renaissance-Ornamenter aus dem "Éisträicheschen Goldenen Zäitalter". (Dem Professer Hess no housch de Steemetzer vun de schéinsten Direkadren vun hei a Miersch J. Feierstein.) Recken bléckt global gekuckt op eng laang Geschicht zréck, mat gudden a manner gudden Deeg. Mam Engebrandus vu Reckingen ass 1135 seng adeleg Herrschaft fir d’éischt erwähnt. Eng Ordonnance iwwer d’Conservatioun vum gemenge Bësch vu 1724 weist, dass d’Regierung ëm säin Zoustand besuergt war a verbueden huet ‘häuslech Braken’ dran anzeriichten. Conçernéiert waren do nieft dem Mëllerdall d’”Terre et Seigneurie de Mersch et Reckingen”, wou “toutes sortes de gens” sech a fënnef Heipen zréckgezunn haten.

Den Numm Recken kënnt vu Recko oder Rocco, engem germanesche Stammvater an Aventurier, deem seng Sipp d'Reckener gi sinn. An der Feudalzäit haten do nieft der Reckener Herrschaft véier aner Adelsfamilljen Haffgidder, déi vu Miersch, Huelmes, Useldéng a Pittingen. (Et housch „In Reckingen blühte nicht allein das Vogteiwesen, sondern auch die Mehrherrigkeit.“) D'Schlass war 1155 op Fiels gebaut ginn, 50 m laang an hat 58 Fënsteren.1366 daucht ënner aanren e gewëssen Gilkin oder Schiltz von Reckingen op. Ëm 1533 gouf den Heinrich Fock, Här vun Heeschdref, hei Schlassproprietär. An de Ritter Ernst Fock (+1573) aus där Sipp, e Ris vu Figur, sollt “der Volksmär no“ deeglech 5 Kilo Speck a 6 Brout iessen.“(J. Haan) De leschten adelegen Ierwen housch Charles de St. Boussaut an hat d‘Herrschaft Reckingen 1699 verkaaft. Ee spéidere Besëtzer (de Jakob Blum, Grond- a Schaffherr vum Haff Recken) hat d‘Theresianesch Katastererklärung vu 1766 signéiert. D‘Gréisst vun de Schlass-Parzelle louch doran bei ronn 100 ha Land mat verschiddne Propriétairen. (Engem säi Fils koum net erëm vum russesche Napoleon-Feldzuch.)

De Visitatiounsberiicht vu 1750 erwähnt net laang virdrun eng Schoulstëftung duerch e gewësse Peter Salentiny. Recken hat ewell ufangs vum 18. Jh. eng Wanterschoul am Kaplounshaus. (Wéi d’Duerf 1848 dann en neit Schoulhaus krut gouf et eng Jongen- an eng Meederchesklass.) Nach wichteges zum Schlass: 1823 goung säi Beréng un de J.B. Thorn, de Schëndelser Schlassbesëtzer an duerno un de Baron de Blochausen. Last not least gouf d’aalt herrschaftlecht Gebai 1870 duerch e neit Wunnhaus ersat, d'meterdéck Maure vum Keller, de Schlassverléiss an de Pëtz bloufen erhalen. - Di éischt Reckener Kierch bestoung well ëm d'Joer 1000. Am Mëttelalter ware 25 Haiser do agedroen. Eng Notiz vun 1686 beschreift dem Bau säi gudden Zoustand. Dëst gouf 1739 confirméiert an en eegene Kaploun ernimmt. Am Verwëllef vun der haiteger Kierch erënnert d'Joereszuel 1746 un hiren Ëmbau. Hiren Haaptaltor mam Dréitabernakel vum Skulpteur Bartholomäus Namur datéiert vu 1751. D'hl. Gertrud an d'Kierchepatréiner Hubertus a Wendelin hate laang Zäit hir Plaz drop. (Eng Bauereregel seet "St. Wendelin verlass' uns nie, schirm' unsern Stall, schütz' unser Vieh.")

1856 krut d'Reckener Kierch en drëtt Joch an en Duxall, an jiddfer Renovéirung vum 20. Jh. war eng Beräicherung. ‘t koumen z-B. Säitenaltär aus der deels verbrannter Noumer Kierch. D'Altor-Bild vu Schëndels war géingt Terracotta Statue getosch ginn. D‘al Holzskulpture vum Späicher kruten nees hir Éiereplaz. Fir d‘fälleg Sakristei hatt 1949 eng Famill den Terrain geschenkt, en Architekt gratis Plangen entworf an de Geeschtlechen Daubenfeld d‘Geld ginn. Nei Fënsteren, d’eenzeg Rei Kierchebänken an d'nei Uergel datéieren aus den 1960ger an ‘70ger. Aus dem konschtvolle Priedegtstull gouf e niddregen Altor. Déi zimmlech eemoleg Klackestory baséiert op enger Noutligen: di Reckener konnten an der franséischer Revolutioun eng Klack retten fir d’Kierchenauer; well se där awer keng haten gouf erkläert, se wär a Reparatur a 1796 séier eng Nei bestallt! Dee Moment war d‘Klack justifizéiert…an dës laut wann néideg nach haut! D'Kierch ass eng vun de raren, déi un e Wunnhaus ugebaut ass, an béid hunn eng gemeinsam Fassad. Säitlech donieft weist e Gedenksteen op den ale Kierfech vu viru 1730 hinn. - Bei enger intressanter Fouille vun 2001 gouf um noe «Béisenerbierg» zu Recken e ronn 3 m laange Menhir fonnt. Ëm deen éischten attestéierte Megalith aus dem Land, e Megasteen mam fantasievolle lokalen Numm ‘Blospiecht’ (d.h. ‚Äisvull) grad wéi ëm d’Gestalt vum ‘Recko’ ranke sech munch Geheimnesser.

P.S. Der Eenelter Kapell hirt Recht jäerlech no ‘Kräizerhéijungs-Dag‘ (d.h. de 15. September) e Maart ofzehalen ass 1180 dokumentéiert. Dës bekannt Kapell op der Gewan vun der fréierer Uertschaft Eenelter ass den Hellegen Donatus an Theobald geweit. D’Maartrecht hat s’am Mee 1802 verluer, duerno koum dëst attraktivt Evenement op Miersch.. Allerdengs organiséiert den DT Recken/Miersch am Duerfzentrum zanter 2008 en neien „Eenelter Maart“ mam Sujet Konschthandwierk. (D’aktuell Kapell entstoung 1897.) - Den 20.3.1848, wéi ronderëm eis Revolutiounsiddien opgeflamt sinn, goungen d‘Reckener Baueren op Miersch. Ënner dem Kommando vum Schéifer Martin Nilles wollte si dem Steierreceveur Trausch d’Gemengecaisse ofhuelen, mä dat Ganzt goung zu Enn wéi d‘Hornberger Schießen‘ d.h. ouni Resultat! An deem vum Professer Hess erzielte Fait divers ëm ’Reckinger Kuhhirten’, déi beim Kaartespill engem Klausner d’Affergeld ofgewonnen hunn, ass net kloer, ob domat d’Duerf un der Äisch oder un der Mess gemengt ass.