Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Rammerech

D’Gemeng Rammerech entstoung den 1. Januar 1979 duerch d’Fusioun vu véier ‘anciennes communes’, de Nopeschgemengen Uerschdref, Bungeref, Foulscht a Pärel. Hire neie Wope vereenegt Kräizer, Losangen an de ‘chef d’azur’, d.h. wichteg al Symboler ëm déi zimmlech bekannte gëlle "rose quintefeuille" fir Bungeref an d‘sellwer "perle en poire" fir Pärel. Zesummegerechent erginn hir Niewestroossen haut 400 km, d.h. souvill wéi d’Distanz vun hei op Paräis. Rammerech selwer läit 38 km vun der Stad am ‘mëttlere’ Weste vum Land, un der “limite de partage nord-sud” - un der 19,1 km laanger N23 vu Räichel op Maarteleng. Um haitege Veloswee hunn tëscht 1890 an 1953 genee 29,5 km Schinnen Näerden mat Maarteleng verbonnen a waren eng Nieweligne zur Streck Péiteng-Ettelbreck.

Rammerech war fréier schonn en economeschen an amtlechen Zentrum. An der franséischer Revolutioun war et grad wéi Useldeng souguer kuerz e Kantons-haaptuert deen no engem Joer den Osper Kanton gouf - an huet 1795 Uertschafte regroupéiert, déi haut a senger Gemeng sinn! Intressant Daten erlabe kleng Zäitreesen an d’Duerfchronik. D‘hollännesch Herrschaft huet d’deemoleg Mairie de Rambrouch 1823 an d’Foulschter Gemeng incorporéiert. 1831 koum eng Notairsétude heihinn an d‘Joer drop huet e Maart d’Leit mat allerlee Wueren a vläicht mat ‘Ramburen‘ ugezunn. De Maart war ufangs 3 mol, an herno 12 mol d’Joer, krut Volleksfestcharakter an iergendeemol e Stand vum Gréiwelser Zockermisch. Al Postkaarte weisen d’Maartplaz! En arrêté royal grand-ducal huet 1861 de ‘sieur Jean-Edouard Brassel, candidat-notaire à Rambrouch’ Notaire fir de Kanton Réiden nominéiert, à la résidence de Rambrouch. D’Vokatioun als regionale Centre commercial favoriséiere bekanntlech gutt Stroosseverbindungen. Um Enn vum 19. Jh. war hei e ‘Postrelais, eng Eisebunnsgare an de Passage vun Diligencen.. (A propos Postkutschen: si hate banne 4-8 Sëtzplazen an uewendrop Plaz fir Gepäck. Bréiwer goufen an enger gespaarter Valiss transportéiert, déi un der Kutsch befestegt war (Evy Friedrich.) Rammerech ass iwweregens eng vun 67 Lëtzebuerger Uertschaften a Plazen aus dem Rénert.

Stroosse mat flotten Nimm wéi rue Janglisbunn, Aeppelwee, Kiirchepad, an der Huel oder rue du Bril verbiergen mol Lokalgeschicht - mol feieren s’an d’Landschaft, déi de Buergermeeschter e “véritable paradis pour promeneurs et amateurs de nature” nennt. E sot och, dass ‘t sech am neie Gemengegebai gutt schaffe léisst! Um Duerfkierfech erënneren dräi Griewer un dräi Crew-Memberen aus engem Royal Air Force Halifax Bomber, déi nobäi beim Crash vum 10.9.1942 ëmkoumen. A fréiren onrouegen Zäite koume réimesch Legioune um Wee vu Lonkech op Tréier heiduerch. Hire Begrëff “Ramosa compita” d.h. ‘chemins qui s’embranchent’ kéinnt Uertsnimm inspiréiert hunn. Wuertvarianten a verdréiten Endsilbe wéi brouch a bourg man dëst och, wann s ‘op typesch Detailler baséieren. (Den ‘dictionnaire de pomologie’ vum A. Leroy nennt 1873 d'appellation «Rambour» eng Déformatioun vum Duerf Rambures an der Somme. Kurioserweis kéim deen Numm vum ‘Gaulois Rambor signifiant Pomme’. Enger anerer Trouvaille no stoungen och Ramburebeem, déi kaum Uspréch u Buedem a Klima haten, an den Ardennen.)

D’Rammerecher Kierch zielt zum Dekanat Osper; hir Virgängerin krut 1895 e neit Verwëllef, e Mosaikbelag an Molereie ( ë.a. d’Evangelisten) nom Entworf vum Stummel vu Kevelaer. Extra ervirzehiewen ass hir konschträich 1.825 Frang deier Marber Kommiounsbänk vu 1912 (déi 1967 nei opgestallt gouf). An de 1920ger krut se zwou nei Klacken, de Kräizwee mat Relief, d’nei Sakristei an di schéi Beichtstill. Si an d’Porhaus haten am Krich staark gelidden. Se gouf 1958 nei opgebaut, huet nach den hallwen Opsaz vum Haaptaltor an d’Molerei zum Deel. D’Speziellt an hir: dem Kiercheschëff säin Niveau ass hanne méi héich wéi vir, dass een och hannen gutt gesäit. Méi wichteg wéi de Rang vu Kierchen ass hir Gestaltung: ass näischt onnéideges an hir an dat Schéint nëtzlech... ”l’oeil embrasse simultanément les objets qu’il voit.” (M. Barrès). Hiren Haaptpatréiner Egidius, St. Gilles, war als eenzege vun de 14 Nouthelfer net als Märtyrer gestuerwen. Säi Graf war schonn am 11. Jh. sou berühmt wéi Santiago de Compostela!

P.S.: Rammerech krut 1946 de Siège vun engem Transportbetrib, kuerz drop en Dokter an eng Apdikt, 1954 Gravièren an eng ‘centrale de beton’, lues a lues e puer Banquen an 1987 eng Gendarmerie–Brigade. D’Erweiderung vu eisem 1999 gegrënnte Naturpark-Uewersauer koum no 10 Joer mat de Gemenge Wolz a Rammerech. An läit eng Plaz am Anzugsgebidd vun der Uewersauer, ass hir Zesummenaarbecht mat den Naturparkgemengen am Beräich vum Waasserschutz wichteg. Kann een hei och net d‘dramatesch Windunge vum Sauerdall observéiren, déi sech plazeweis ‘gegen den Eintritt in die Prosa des Flachlandes aufbäumen‘ (Simminger) ass et ëm Rammerech net flaach. Den noen Napoleonsgaart ass net just e Flouernumm, mä ee vun den héchste Punkte vum Land. Viru sengem denkmalgeschützte Wassertuerm aus dem Joer 1928 stinn Zypressen. Zum Schluss nach e sportlechen Highlight: Den traditionellen “Sylvesterlaf Rammerech” féiert säit 1984 als 10 km laang Stroossecourse op Schwiddelbruch an zréck (an 2003 haten déi schnellst Männerbeen dofir knapps 31‘30“ Minutte gebraucht!)