Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Steebrécken

D’Besiidlung vun eiser Virgeschicht iwwer d'Réimerzäit bis an de fréie Mëttelalter kann nët no haitege Grenzen beuerteelt ginn. De Mënsch war deemols forcéiert sech de natierleche Konditioune vum Terrain unzepassen. D' al Steebréckener, Féitzer a Biergemer Leit (..besser gesot hir Ancêtren) haten dat Bescht aus hirer Situatioun gemat a sech an engem geschützten Dall niddergelooss, ronn 300 m iwwer dem Mieresniveau. D'Héichte goufe méi spéit bewunnt wéi eis Dierfer un der Mess. Steebrécken war 1267 als ‘Stenbruke’ oder 1320 als Steynbruch agedroen. Bruke bedeit als Verstümmelung vun Bruch "fiicht Gewan"! Säin Numm goung nodreeglech a Stee-Brécken iwwer. 1885 waren hei 170, am Mettendall aacht an zu Féitz dräizeng Awunner agedroen… an hir Variante fir Kiewerlek war hei “Kiewernéckel”.

D’Sich no eise Wuerzelen erfuerdert iwwerregional Recherchen a verschiddnen Epochen. Erfuerschen di Schëfflenger al Regesteren, musse si och zu Keel, Biergem, Steebrécken a Monnerech nokucken.… A man d’Steebreckener Anefuerschung, si Studien zu Schëffleng, Leideleng a ronderëm néideg. Eis Recherche huet en "Thilo von Steinbrücken" entdeckt, een 1254 ‘urkundlech ernimmte’ Stater Bierger, dee Lännereie vum Abt vu Münster kaaft hat. Engem Visitatiounsbericht no hat d’Duerf an der Landmeierei Beetebuerg 1570 eng Kapell mam hl. Péitrus als Patréiner. 1629 goufe säin treie Séilenhiert an de fromme Koschter gelueft an 45 Joer duerno krut e Pierre Beving vu Steebrécken vum spuenesche Kinneck d'Héichgeriichtsbarkeet vu Wickreng. Alles houng deemno enk zesummen.. Den eelsten erhalenen Deel vun der haiteger Kierch ass vu 1737. Hire Chouer war dunn ënner dem Bauhär Anton Feller gebaut ginn, engem Neveu vum Abbé Feller aus der Stater Nikloskierch. E Steen am haitege Chouerbou huet deen Datum. Se hat Plaz fir 100 Gleeweger an am Ufank eng Klack, e Kielech, an di néideg liturgesch Gewänner. De Kierfech ronderem war agemat fir d'Déieren auszespären. - Aus der Franséischer Revolutioun staamt d'Notiz, dass e Mathieu Krongten am Kanton Bascharage ëm 1800 bei enger Vente aux enchères sechs Steebrécker Kierchebänken, e Käerzestänner, dräi kleng Altär an eng Statu gesteet hat - wahrscheinlech fir se spéider zréckzeginn. Fënnef Joer drop, wéi nees Rou an d'Land koum, hält en Dokument d'Grënnung vun der Por Biergem-Steebrécken fest mat Porsëtz zu Pierrepont! Do louchen d'Gebaier zentral, Foetz a Mettendal a seng Weiere mat abegraff. (Dräi Joer drop gouf Féitz dann Monnerecher Filial.)

Déi jetzeg Kierch mam Daachreider ass de vergréisserte Chouer vun där aler Kapell! 1847 hat de Monseigneur Laurent se geweit. A seng Zäit zréck ginn iwwregens d'Ufäng vum Seminär, op d’mannst ee Katchëssem an d’«Himmelsharfe», de Virleefer vum Magnificat. Fir d'150 Joer Kierch koum baussen a bannen eng komplett Restauréierung ënnert der Leedung vum Architektebüro J. Clemes. Iwwer dem Kofferportal kann een en neien Hubertus-Mosaik bewonneren. Wéi d’Entrée gouf och den Interieur vum Schëfflenger Kënschtler Ady Deville mat phantasieräiche Wierker modifizéiert. Do impressionéiren den (zu Idar-Oberstein gemate) stiliséierte Liewensbam um Altordësch an d'nei konzipéiert Dafkapell mat de véier altestamentaresche Paradäisflëss. Hir equilibréiert Faarwe faszinéieren a stimuléieren säit 1997 zu intensivem Kucken. ‘Dans chaque petite chose, il y a un ange’ (Georges Bernanos). Jidder klenge Mosaiksteen ass wichteg, an hiert Zesummesetzen erfuerdert Kréativitéit an Engelsgedold! De Kräizwee harmonéiert excellent mat der aler Bausubstanz. Den apaarte Radliichter gëtt dem einfache Kiercheraum e weidere liturgesch-kënstleresche Plus a seng zwielef Luuchte symboliséiren déi zwielef Paarte vum himmlesche Jerusalem.

D’Chorale Ste-Cécile Steebrécken-Biergem-Wickreng gouf den 19. Dezember 1954 duerch e Grupp vu Gesank- an Theaterbegeeschterten gegrënnt. (Säit 1985 begleet si d’nei Uergel, d.h. d’”Instrument mam längsten Otem vun der Welt”.) Als Chorale mixte sengt si ënner aanrem regelméisseg sonndes d’Mass an der Zithakapell mat sangesfreedege Schwësteren. (Zu Steebrécken goufe scho munech symbolesch Brécke gebaut; (dëst ware mol eng Mass mat Taizée-Lidder, mol d'Aktioun Rucksackbibliothéik fir d’‘Solidarité Tiers Monde’ oder Pelerinagen op Iechternach.)

P.S. 1970 goung déi éischt vu véier Etappe vun der Escher Autobunn op fir de Verkéier; d‘2,5 km laang ‘kräizungsfräi a richtungsgetrennt’ Streck louch tëscht dem Escher Zementwierk a Steebrécken. Wéi ‚säi‘ Bëschelchen op der Héicht a Richtung Leideleng deemools verschwonnen ass... huet hei näischt méi de kalen Nordostwand ofgeschiermt (...sou stoung an der Zeitung!) D’A4 huet vun hei 12 km op Hollerech. Si ass fir déi haut 1033 Awunner (mat de 75 % Lëtzebuerger) en Zäitgewonn, mä och e Landschaftsverloscht... (esou gesouch den Carlo Hemmer de Stroossebau.) Eist Pontpierre huet e puer Homonymen am Ausland: een an der Lorraine mat groussem Golfterrain, un der Loire den "Clos de Pont-Pierre", dann en “Namensvetter” am Mansfelder Land a Sachsen… an zu London heescht eng Gare “Stonebridge Park“. Als ‘Štêbreken’ war d’Duerf 1906 am neie Wierderbuch (betitelt ‘Luxemburger Mundart’, Druck M. Huss) agedroen –an als ‘Steinbruch’ op der Kaart ‘Luxemburg mit der Gegend auff 2 Stunde’ vu 1717 - vum Augsburger Kartograph G. Bedenehr.