Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Pënsch

"Stil hunn heescht ewächloossen, wat Onwiesentlech ass", sot de Ludwig Feuerbach. Ouni d'Medie géif villes net iwwer den Duerfkierchtuerm erausgedroen, mä dat Substantiellt aus der Noriichteschwemm eraussortéiren ass net ëmmer liicht. Vu Pënsch ass allerlee ze soen; hei hunn 1803 nei Klacken déi ersat, di d’Franséisch Revolutioun net iwwerliewe sollten, an heirëmmer haten Handwierker aus Tiroul am 18. Joerhonnert Maria-Theresien-Haiser an ënner aanren d’Kierche vu Konsdreff, Monnerech an Itzeg gebaut. Se hu sech hei niddergelooss a krute Privilegien. Nimm wéi Nagel, Lenz, Zangerlé an Hauser stame vun hinnen of. - Am Idealfall nennt den Thomas Mann d'Gléck vum Kënschtler no engem réusséierte Wierk “de Gedanken dee ganz Gefill, oder d'Gefill, dat ganz Gedanke ginn ass." Dës Wierder concernéire souwuel d’Poesie wéi d’Konschthandwierk, an eng Plaz wou Skulpturen déif Gefiller ausdrécken, ass d‘Pënscher Kierch.

Pënsch ass d’eelst Por vum territorial zimmlech grousse Porverband Kiischpelt (mat Äischer, Drauffelt, Lellgen, Siwwenaler a Wëlwerwolz) - deen 2002 Zouwues vun de Poren Eschweller, Kautebaach, Mierkelz a Knaphouschend krut. Dem klengen Uert seng éischt Kierch stoung wahrscheinlech schonn am 9. Joerhonnert. Si hat dem Uschäin no Attachen zur Diözes Tréier, well hire Patréiner, den hl. Maximin, (+346), den zweeten Tréierer Beschof war. Seng Statu bewaacht de Raum mat engem Bier, seng Roll war déi vun engem Conciliateur a Conseiller bei de Keeseren. Bei sengem Pelerinage op Roum, op Ieselsréck, hat e Bier hien iwwerfall an den Iesel gefriess! Doropshin gouf de Maximäin dem béise ‘Brongen’ Uerder säi Gepäck ze droën… wat säin Attribut erkläert! Zweet Patréinesch ass d’Apolline. (Der Obermoselzeitung vum 16.2.1892 no kruten hei net all Pilger Plaz... “die den Schutz der hl. Apollonia für Zahnschmerzen erstrebten".) – Bis Lëtzebuerg selwer eng Diözes war, d.h. virun 1870, war Pënsch un d‘Diözes Léck ugeschloss - a Kautebaach d’Grenz tëscht den Diözese Léck an Tréier. Kéint de massive romanesche Kierchtuerm vum ale „Pyntsch“ schwätzen, wéisst e vill z'erzielen… E staamt jo aus dem 11. Jh. an huet immens Evolutiounen erlieft. E steet theoretesch wéi e Monument an der Landschaft… eent vu villen am «tissu paroissial bien dense» vun den Ardennen. (M. Schmitt). Al Éisleker Bausubstanz sinn och d’Schiferkräizer a Graafplacke bausse laanscht de Bau.

No engem Brand hat den Entrepreneur Schlotter vu Woltz d'sobert Kiercheschëff 1738 nei opgebaut.. De Mobilier an d'Statue si vum Jean Georges Scholtus vu Baschtnech, dem deemols gréisste Sculpteur aus dem Duché (+1754). Wäertvoll duerch hir remarkabel Stilharmonie sinn de wuchtegen Haaptaltor vun 1738, d'Holztäfelung, an hir Relief-Duerstellungen, d'barock Entréesdiir, de Priedegtstull mat Schalldaach an d'Beichtstill mat Relieffer vum hl. Péitrus, Adam an Eva an der Marie-Madeleine. 1870 goufen d'Schëff zur Westsäit hi verlängert ëm zwou Fënstren an den Tuerm erhéicht. Am Ufang war de Chouer ënner dem alen “Tourchevet”, enger sougenannter Chouerhauf; elo ass d'Sakristei op dëser Plaz. Eng Opwäertung war och d'Opfrësche vun der 600-järeger Fresque an der Sakramentsnisch a rouden, schwaarzen an ockergielen Téin. D’Pënscher Kierch an d’Mülleruergel mat der restauréierter pneumatescher Traktur stinn ënner Denkmalschutz a si vum historesche Point de Vue kuckeswäert.

No der Ardennenoffensiv war eng grouss Restauréirong fälleg… eng intressant Aufgab fir den Abbé Hurt! 1981 koum eng Altorinsel an duerno nach dës an déi Renovéirung. D’Klacke mam ‘respektablen’ Alter haten en ënnerduerchschnëttleche Klang... Et gouf decidéiert si no der Rekonstruktioun vun der historescher Klackestuff z’ergänzen. No 200 Joer krut Pënsch dann bei déi zwou al dräi nei Klacken an e Bourdon! D'Zesummespill vun al an nei erginn charmant Deelmotiver wéi soss bal néierens am Land. (De Popst Sabinian hat ëm d'Joer 600 ordonnéiert, ‘t misst zu de siwe Gebietszäite gelaut ginn. An de Karel de Groussen (+814) hat dofir gesuergt, dass all Kierchen an Europa Klacke kruten…) De Begrëff "Kiischpelt" erkläert sech mat Kierchspill; d'Klacke vun der Pënscher Mammekierch hate nämlech fréier fir den Ensembel vun der Por vill ze lauden well d' Dierfer ronderëm käng haten! Eppes ännert ni, dass Pënsch mat Mënsch reimt, an do een den aanre gutt kennt. An, dass d'Baach mam selwechten Numm duerch eng reizvoll hiwwelech Landschaft an d'Clierf fléisst an dobäi e Gefäll huet vu 54 m.

P.S. Den dausendjärege Kierchtuerm vu Pënsch huet villerlee Mënsche gesinn a Spréch héieren! An e gesouch am 18. Jh. Tirouler Handwierker säin neit Kiercheschëff bauen! D’fréier Gierwerei bei der Pënscher Bréck zielt zu den eelsten aus dem Land. Hir Ufäng ginn zréck an d’Joer 1780... wéi den Henri Delvaux-Bertholet aus dem belschen Halleux hei mat senger Famill di éischt Tannerie opgeriicht huet! Dat haitegt Gebai staamt vun 1827, dunn gouf de Betrib éischtmols vergréissert. D’Hierstellung vun Uewerlieder huet 12 Méint gedauert, dat fir Schongsuelen 18 bis 24 Méint. Et war eng Kennschaaft di hei mat 24 Fossen bis 1934 produktiv genotzt gouf! Am Kiischpelt si nach grouss Fläche mat Louhecken, also sougenannten ‘Eechenniederwald’. D’Baueren hunn hei Häit vun de Béischte bruet a kruten dofir grafft Uewerlieder an zoliddes fir Suelen fir d’geneelte Wiertesschong.