Pëtten
Un Hand vu klengen Detailer loossen Duerf-Geschichte sech zesummesetze wéi e Puzzel! ‘Pëtten’ erschéngt als Pittange ëm 1054 an der Biographie vum hellegen Thiébaut vu Provins, well deen zäitweileg am Pëttener-Bësch als Eremit gelieft hat. Pittange war deemools zou gehéiereg zur Diözes Tréier. De Pëttener-Bësch ass haut Naturschutzgebitt, an zwar dat eenzegt dat aus enger ehemooleger ‘Wandworffläch’ entstoung. Säin Deel nieft der Nordstreck gouf 2006 klasséiert als Ausgläich zur Strooss, déi hei Natur zerstéiert huet.
Traditionell geet op Kiermesssonndeg d’Donatipressessioun vu Miesdref op Pëtten. D’Jonge vum Duerf rëschten d’Kapell dofir ronderëm mat Fändelen an Dännen. D’Uertschafte Miesdref, Pëtten an Essen ware virun 200 Joer eng eege Gemeng a säit November 1843 eng Por. Haut zielen se zu där Mierscher... A well nieft Pëtten och Essen Kiermes feiert, entstoung e neie Brauch: di 5 Pëttener Baueren an di 2 vun Essen invitéiere sech ofwiesselnd Kiermes-Méindes op d‘Kiermesham! Am Duerfkär, op der Plaz vun der 1570 ernimmte Margareten- oder Schlasskapell (mat den 3 Altär) läit d'heiteg Pëttener Kapell. Si gouf 1725 opgeriicht an dem Donatus geweit, 1903 vergréissert an e puermol restauréiert. Ënner hir soll Iwwerliwwertem no eng Krypta sinn mam Graf vum mysteriéise nobele Klausner Theobald. (Den Engelmann schreift, dem Theobaldus seng Hütt hätt bei enger Virgängerin vun der Änelter-Kapell gestanen.) Him zu Éiere war laang op Kiermesméindeg hei eng Mass. E Guide vum Musée mat eise Schutzhellegen ernimmt 1983 der Kathedral hir Statu vum Thiébaut!
Eng Pëttener Festung ass schonn am 10e Jorhonnert beschriwwen. Hir Fondatioune sollen aus dem Fiels gehae sinn. De Numm vun hire Seigneurë gouf associéiert mat groussen Evenementer vu Lëtzebuerg. Beispillsweis war de Pottier von Pittingen op der Ermesinde hirer Hochzäit. Der Buerg hir Stäerkt waren iwwer 2 Meter déck Maueren, an ëm 15 Meter breet déif Waasser-Grief… Hire mächtegsten Tuerm mat 45 M Ëmfang huet ee vun der Stad gesinn, d.h. 19 km wäit. Et waren hei méi Häre mam Numm Arnold, een 1243, en Zweete war Seneschall (d.h. Gidderverwalter) um Lëtzebuerger Haff a gouf 1311 ënner Jang dem Blanne Riichter iwwer säi Beräich. Een Drëtten hat der Ermesinde hir Urenkelin Marguerite de Roussy bestued; Duerch d’Hochzäit vun där hirem Fils (Arnould le Jeune, IV.) senger eenzeger Duechter Irmengard goung d’Herrschaft 1368 un dee Fielser Jean de Créange!… Nach ze soen: 1582 gouf d’Pëttener Herrschaft eng Baronie an d’Buerg restauréiert, nodeem 100 Joer virdrun d’Eisträicher se zerstéiert haten.. ‘t entstoung duerno vill Schued am 30 jäerege Krich, vu 15 “Fräie Gidder” bloufen der 10 iwwereg. 1683/84 huet Louis XIV. seng Garnisoun hei placéiert! Engersäits hat hien de Jesuiten 12.000 Pond geschenkt fir d’Vergréissere vu Schoulen a Gäert… an d’Uschafe vun de Kriechinger a Pettinger Hären hirem Stad-Haus. Anerersäits gouf op säi Kommando 1685 d’al Waasserbuerg vu Pëtten zerbommt! Dat nach visibelt vun där quadratesch ugelueter Schlassruine mat Réngmauer ass säit 1947 Staatsbesëtz. Nieft dem fréiere Waassergruef, der Renaissance-Puert, Ecktierm, (wouvun een eng Hufeiseform hat), dem Pëtz, Kichen-Trakt a Bakuewe steet nach d’uraalt renovéiert Doléiner- oder Hierdenhaus. Last not least läit am Pëttener Bësch de geographesche ‘centre de gravité’ vum Land. Op deem Punkt hält eis ausgeschnidde Landkaart nämlech d’Balance op enger Nolespëtz… verréit dem Marc Thill am Mariekalenner 2009!
PS. Den Evy Friedrich ernimmt 1970 am Revue-Artikel “Pettingen - Ein Dorf das Stadtrecht hatte” schonn am Titel en onbekannten Detail an de Jean Engling beschreift hei en antike Bronze-Fonnd vun 1877. De Stader Musée versuergt dësen ënner dem Numm Pittigero Mazini.. (Mazin ass allerdéngs en Diminutif vu petit mas, d.h. eng 'exploitation agricole'.) (Allerdéngs war de Beréng schonn 1850 verfall.) Besëtzer war zäitweileg duerch Mariage de Max-Gaétan de Bertrand de la Pérouse, Schmëtthär vu Bissen, deen de Biisser Héichuewen nees a Betrib geholl huet... 1837 goung den Ierwen vun der ehemoleger Adelsfamill Pittingen- Criechingen hir Propriétéit un de Fürst von Arenberg… deen donieft och Meesebuerg kaaft hat.