Peppeng
Peppeng ass en ale ‘Village circulaire’ an dee Schema recommandéiren haut Urbaniste fir nei Pläng. Et läit an enger grénger Ceinture südlech vun der Stad, a seng zwee Museen, de Baueren- an de Kutschemusée, passen excellent am Réiserbann seng landwirtschaftlech Vergaangenheet. De “musée rural" hat an 10 Méint ronn 600 Visiteuren; a grad souvill Bicher a senger Bibliothèque zum Thema Agrikultur a "Landliewen". Den zweete stellt nieft ale Calèchen och Accessoiren, Lanteren, Mallen a Reesartiklen aus. Fréier si jonk Leit gereest fir am Ausland ze stodéieren oder "am Déngscht" ze sinn. De Wernesch Jang hat esou zu Paräis als Usträicher geschafft a gehollef den Eiffeltuerm usträichen. Dobäi sinn alt emol e puer Drëpse laanscht gefall – a per Hasard krut esou dem President Poincaré säi Kostüm e puer Flecken! Mä well dëse vun Nanzeg koum an de Peppenger Gesell kannt huet, war seng Reaktioun "Ah Du bass et Jang, dann ass et näischt!" Vläicht hat jo de Jang och beim President ugestrach...
Historiker vermudden, dass de Numm Peppeng op d’Pippiniden, wahrscheinlech op Pépin le Bref, de Jéngeren zréckgeet; mat him koumen 751 d‘Karolinger am Frankeräich un d’Rudder. De Fils vum Karl Martell a Papp vum Charlemagne wollt hei op senge Lännereien e Juegdschlass an eng kleng Kierch. Seng Ierwen hunn de Leit, di rondrem wunne koumen, d’Gotteshaus geschenkt, an d‘Duerf sollt als Merci nom Pippin benannt ginn. Virun him - ewell 739 - hat d’Bertsinda (Duechter vum Grondhär Radowin) der Abtei Iechternach Gidder zu ‘Pippingen‘ geschenkt.. Siddlungsreschter, Urnen a Spengelen aus der Spéitbronzezäit erënnren u fréier Bewunner vum Peppenger "Keitzebierg. A Faktesammlungen (deels aus dem Staatsarchiv) erwähnen dass d’Klouschter Bouneweg 1274 dem Godfrid vu Peppeng säi Besëtz krut an 1278 dem Nicolaus a senger Fra Jutta hirt Peppenger Ierfgutt. 1317 ass hei laanscht d‘Uelzecht eng ‘magna via Kemene’ vu Beetebuerg hir ernimmt. Haut féiere moleresch Velopisten a Spazéierweeër dohin mat Vue op de gréissten Uebstgaart vum Land.
1495 gouf beim Ziele vun den 12 Feierplazen niewebäi erkläert, pro Plaz wäre fënnef Persounen akalkuléiert. Am 16. Jorhonnert huet Peppeng a seng Nopeschdierfer zur Landmeierei Beetebuerg gehéiert. 1567 ass säi Meier Nic Clensch ernimmt an 1659 koume Peppeng a Crauthem als Dependence vu Roudemaacher ënner franséisch Influence! A wéi de Maréchal Créqui 1684 Lëtzebuerg belagert hat, goufen d’Leit vun heirëmmer op Diddenuewen evaquéiert, schreift d’Réiserbänner Chronik.1806 hat d’Duerf 110 Awunner, 1895 knapps 250, a kuerz nom Millenium hat 1/3 vun senge 643 Registréierten 47 Nationalitéiten.
Kléischter stinn wéi Insele vu Rou laanscht Duerfstroossen. D'Peppenger Benediktinerinneklouschter krut 1906 seng haiteg Form; d‘Buch "Peppenger Stackhäiser" veréiwegt eng Zeechnung vu senger Kapell. De ‘Laacher’ Brudder Notker Becker hat se mat Schüler 1928 dekoréiert, hir herrlech Fresken dominéieren d’Christusfigur, de Benedikt an d’Scholastika. D’Statue vun den zwee leschten, der Muttergottes als Äbtissin mat Staf an der Cecilia zielen zum reliéise Kulturierwen. - D’Initiative zu Paräis e Benediktinerinnenuerden vun der éiweger Ubiedung ze grënnden hat 1653 d’Regentin vum mannerjäerege Louis XIV.. mam Hannergedanken,‘t sollte fromm Fraë fir d'Land an de Kinnek bieden. Dës koumen 1854 vu St. Germain op Tréier an hunn do hire Liewensënnerhalt verdéngt mam Entretien vu Kierchewäsch a Landwirtschaft. Wéi se net do bleiwe konnte koume se provisoresch an de Säitentrakt vum Beetebuerger Elisabetherinnenhospitz an duerno hu se d’geraimegt Peppenger Haus Knepper kaaft. A wéi seng Scheier 1882 engem Neibau Plaz gemat huet, koum e Grondsteen mat enger Mënz vu 1775 zum Virschäin! De neogotesche Flillek an d'grouss Kapell entstounge no Plange vum Sosthène Weis. Een Deel vun de Schwestere goung zréck op Tréier, déi aner hu sech en Numm gemat mat Bitze vu konschtvolle Messgewänner a Veräins-Fändelen, z.B.1921 dee fir d’Peppenger Pompjee’en (zum Präis vun 2.100 Fr.) Am Krich waren déi 55 Uerdensfrae fort, an hir Kierch gouf zur Turnhal degradéiert. D'virsiichteg mat Kallek gewäisste Freske goufe spéider nees fräigeluet.
Zu Peppeng liewe säit Juni 2011 ‘blo Schwesteren’! No hirer Installatioun veréieren d’an Argentinien gegrënnte ‘Servantes du Seigneur et de la Vierge de Matará‘ och eis Consolatrix. (Si hu Frëndschafte geschloss ronderëm, an ‘t koume Sonndes ufanks 5 an no engem Joer 30 Leit an hir Mass.) - D‘onopfälleg Peppenger Hubertus-Kierch ass éischter eng Kapell an eng Filial vu Réiser. Nom Brandschued vun där aler, 1838, koum e laangwieregen Opbau… D’Duerfleit hunn dann 1850 den Haaptaltor am Spéitrenaissance-Stil aus der Stater Mëchelskierch kaaft an 1874 den ale Réimecher Priedegtstull. Hir Fënsteren hunn Ornamenter, Blatwierk an Drauwen am Ronnbou. D’Peppenger Duerfschoul entstoung 1868, de Lokalveräin 1890, an kuerz drop gouf d’Reglement ausgeschafft fir d‘Benotze vum neie Wäschbuer!
P.S. No gréissere Restauréirunge gouf zu Peppeng am klassizisteschen Haff "Iewescht Meesch" e „Guttland-Baueremusée“ ënnerbruet. D‘Réiserbänner Geschichtsfrënn hunn dofir Miwwel a Maschinnen aus dem 19. Jh. an d’Rei bruet. Säin Entourage beliewen e Göpelwierk, e Kräidergaart, e Beienhaus, eng Weekapell, a seng Eiseschmelzanlag a Schmatt si béid fonktiounsfäheg! Den neie Kutschemusée ass eemoleg an engem Ëmkrees vun 200 km. E presentéiert am ewell 1541 dokumentéierten Haff “ënnescht Meesch“ iwwer 20 Kutschen (mat exoteschen Nimm wéi Phaeton, Victoria, Milord, Vis-à-vis, Stadcoupé oder Omnibus.) En ëmfaasst vun der Bauerekutsch bis bei d‘fürstlech Carrosse d‘ganz Villfalt vun den ale Gespänner - an déngt esou den Eeleren zur Erënnerung an de Jonken zur Entdeckung!