Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Osper

Zu Osper passéiert op den éischten Bléck näischt opregendes, ‘t koum Mëtt Juni 2013 allerdéngs op 357 Awunner. Et zielt zum Kanton Réiden, mä war virun dësem vu 1796 un ee vun 27 ‘chef-lieu de canton’ am Département des Forêts.. (wat 1803 offiziell confirméiert gouf.) Réiden huet et 1841 an där Funktioun ersat. Et hat fréier souguer e Geriicht. Seng Dekanatskierch mam herrleche Kräizverwëllef erméiglecht haut Studien vu Baustiler op engem klenge Raum. A Charakterstudien? Doriwer hat de Professer Hess sech mol Gedanke gemat. Soten eeler Awunner "Dat ass mir e Schéinen", hu se wierklech e "Schlëmmen" gemengt!

D'Lëtzebuerger Aart an Onaart hängt mat hire baierlechen Originnen zesummen. D'Verklausuléiere wéi "Wann ech soe soll, e gefält mir, da misst ech léien" staamt aus Zäite vun der Friemherrschaft an war "deels duerch Mësstraue bedéngt" hat de bekannte Sproocheprofesser weider erkläert. Gemeinsam Bekannter sollte fréier heefeg ënnereneen handelen ..an sou hat z.B. 1307 de Ritter Gervasius vun Osper säi Besëtz vu Betzder a Bierg un den Aegidius vu Berburg verkaaft. An hirer Epoche war den Wiertuerm mat senge Schéissscharten, den haitegen Osper Kierchtuerm, scho gutt 200 Joer al. Osper gouf 1461 zur Zäit vum Burgunderherzog Philipp an enger Chronik dokumentéiert als ‘umb Oszburren‘ an e Joer drop ass d‘Incorporatioun vun senger Por an d’Tréierer Abtei St. Maximäin ernimmt.. Om Wee tëscht Baaschtnech a Lëtzebuerg waren deemols Akte verschwonnen, déi Stadprivilegië confirméiere sollten. Den herzogleche Buet war grad do vum ‘Straissenrauber Back‘ iwwerfall ginn.. (beriicht d’Chronik vum Fr. Lascombes.) Eng Schreifweis vu 1467 war Oiszborn am Hiweis op eng Quell an der Grousswiss.

Zu Osper fanne Besucher eng vun eise schéinste gotesche Kierchen aus dem 16. Jh. mat remarquable Wandmolereien an deels net fräigeluete Fresken. D'Schëff an de Chouer vun 1543 sti vermutlech op réimesche Fondatiounen. Seng Verwëllefsrëppe wuessen aus elegante schlanke Säilen. Dës, d'gotescht Sakramentshaischen an de Rokokomobilier sinn herrlech Zäitzeien aus enger kreativer Epoch. (a just zwee 2 Joer manner al wéi dem Michelangelo säi ‚Jéngst Geriicht“ an der Sixtinescher Kapell - an säi Saz „Gott huet der Erënnerung eng Schwester ginn an se Hoffnung genannt!“). Um Enn vum 17. Jh. gouf den Haaptaltor mat Dréitabernakel an expressivem Antependium installéiert. D'Wierk mat der rustikal-defteger Abendmahlszeen staamt vum Skulpteur Michel Welter. Wäertvoll sinn och véier Reliquaren, d'barockt Kiercheportal vu 1768 an d'Holztäfelung vu 1770. D'Harmonescht Bild am Chouer kompletéiere spéitgotesch Fënsteren. D'Schëffswand baussen dekoréiert e mysteriéise réimesche Relief - iergendwann als "Genius an Delphin" bezeechent - inspiréiert vun engem fréiere Schutzgeescht an engem Symbol Christi - a wéi d‘Fësch en intelligent a raffinéiert Wiesen... An dëst sollten d‘Osper Leit, am Volleksmond als "Luusserte" bekannt, och sinn! (De Carlo Hemmer gesäit am Bild allerdéngs e „Reider op graziösem Séipäerd“ mam Kapp no ënnen, symbolesch fir d’Iwwerwanne vum Heedentum.) De Kierchepatréiner heescht St. Rémi; de Beschof vu Reims (+533) ass hei duergestallt beim Deefe vum Frankekinneck Chlodwig. Nieft him gouf hei och den hl. Hippolyte (den ‘Pëltgen‘) veréiert als Beschützer vun de Päerd. Beschreiwunge baséieren op Faiten a maachen d‘Lieser virwetzeg. ("D'Opmierksamkeet soll d'Kand vum Virwëtz an de Papp vum gudde Gediechtnes sinn" sot en amerikanesche Geeschtlechen...) Gutt Observateuren erkennen am neien Osper Altor "versus populum" Deeler aus der fréierer Kommiounsbänk an, dass de Wiertuerm vill méi al ass wéi d’Kierch. Seng ursprénglech Duebelfënstere mat Entlaaschtungsbou goufen 1928 an neogoteschem Stil erhéicht. An der Tuermbasis aus dem 11. Jh. waren eng éischt Choueranlag, e Sakramentshaischen a gotesch Fresken. Eng Kräizigungsgrupp an den Dafsteen vu 1417 sinn och aus deem eeleren Deel, der haiteger Dafkapell. Ural sinn och di zwee réimesch Sarkophagen un der Kierfechsmauer. Relativ nei, vun 1938, ass d‘Nord-Extensioun (e Quierbau, deen net jidderengem gefällt..) – Déi néng Lannen no beim Centre culturel koumen 1986 op den "Inventaire supplémentaire des monuments nationaux - an d‘Kierch 1968. Eng kleng Randnotiz verréit, dass de fréieren Dechen Rodesch ufanks vu senger Carrière, virun 1825, "Curé de 2e classe zu Messancy" war mam jäerleche Gehalt vun 1000 Fr. Duerno sollt hien sechs Joer zu Osper wierken, mä säin neie Verdéngscht ass nët gewosst.

P.S. Duerch eng Partie tipp topp restauréiert Gebaier, säi gedeckte Wäschbuer, schéin ländlech Weekapellen, déi un den Duerfcharakter adaptéiert Stroossebeliichtung a gutt intégréiert nei Haiser huet Osper säin ale Charm conservéiert. Am Uertsnumm läit eng gewëssen Hospitalitéit, dat laténgescht Wuert ‘hospes’ an Osper hunn ëmmerhi 4 Buschtawe gemeinsam. D’Duerf an d’Heidekaul, d.h. de noe Fensterhaff, haten 1848 ewell 342 Awunner, mä 1981 louch hir Zuel nëmmen nach bei 210. - D’lokal Expo "Cartes et sous-sol géologiques" vun 2004 war geduecht d’Schüler aus dem Atertdall iwwer ‘d’structure en minéraux du sol an d’couches de roches des sous-sols’ ze renseignéieren. Wéi dës a gudder Erënnerung an approuvéiert ass eng speziell Réidener Gemengerotssëtzung aus dem Juni 2007: d‘Osper Schoul gouf duerno zum Précoce, a seng Spillplaz mat de Champignonskulpturen hunn d’Osper Leit selwer entwéckelt. Hiren Terrain ass en Deel vum fréieren Dechensgaart an ideal fir Schoulfester.