Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Noojhem

Ass Kiermes zu Noojhem - ass dat e Fest fir d’Musekfrënn. Dem Duerf seng Musek war 1906 gegrënnt ginn an zielt haut iwwer 30 Memberen. Hiren éischten ëffentleche Concert war 1909 an am Laf vun der Zäit kruten hir Memberen och Spaass um Theater spillen. Erënnere mer hei fir di Noojhemer an aner Musekfrënn un e Saz vum fréiere Kultur-Minister Robert Krieps: ‘jiddfer Bierger huet e verbréifte Recht op Kultur am aktiven a passive Sënn!' Den Hämmelsmarsch ass hei Traditioun an e Kiermesconcert ass deen Dag Mëttes ee Véirel op véier.

Noojhem «Nagem» am Kanton Réiden hat ufangs 2011 genee 218 Awunner, 106 Fraen an 112 Männer (an 2005…223) An 1848 haten hei souguer 333 Leit gewunnt. Et läit ënner den Héichte Kräizbierg, "Kimm", Noojhemerbierg an "Trausch" (zur Osper Säit hin) am klengen Dall vun der Fresbich, déi zu Réiden an d’Atert leeft. ‘t huet am Duerfkär nach ee Bauerebetrib, an nieft dem Noojhemerhaff eenzeler di nach niewebäi Béischten halen. Interessente vu landwiertschaftleche Maschinne vu no a wäit fannen iwweregens hei am Duerf e Geschäft,  d'SA Wantz (Ets). 1892 kruten ënner anere Lannen et Nagem fir den Amé-na-gem-ent vu Pavé–Reversen e Subsid, d.h. eng staatlech Ënnerstëtzung vu jee 200 fr.

Der Noojhemer Kierch hire Patréiner den hl. Eligius gouf als geléierte Goldschmadd a Bëschof de Schutzhär vu Schmatten. Ënner hirem Mobilier fält de Priedegtstull op a Kielech-form vum Nicolas Greef-Roesdorf, an deem den Här Walin den ‘inventeur du style Greef‘ op der Recherche vum Perfektionement gesäit an en Artiste ‘qui sait émouvoir’. Bei den Evangelisten am Bas-Relief huet dem Markus säi Léif e mënschlecht Gesiicht - wouran de buedemstännege Kënschtler wahrscheinlech eegen Dreem verschafft huet. Hir Kierchefënschtere vun ëm 1952 si vum Gustave Zanter; se stelle beispillsweis nieft Maria mam Kand, de gudden Hiert oder den hl. Willibrord duer. D’Duerf war nom 30 järege Krich eng ‘Einöde’… Den Noojhemer Här Krippes hat zwësche Ruedt, Rammerech an Noojhem en anere ‘coin perdu’ situéiert, e längst verschwonnend Duerf ‘Hülscheid` dat Dokumenter 1665 ernimmen.

Am Spott gouf ewell iwwer d’kleng Uertschaft gesot “Noojhem wär fonnt ginn, wéi der vu Réiden an de Bësch Laf schäre goungen” ...wat vill Bëscher viraussetzt. Mat am Bësch geschäerte Laf war wahrscheinlech sougenannte ‘Laubstreu’ gemengt. Eng al ironesch Bezeechnung fir d’Plaz war dem Engelmann sengem Dictionnär no ’Narenhausen‘, ofgeleet vun der fréierer Nummform ‘Nierenhausen, oder Noirhusen vun 1473. (Op der Ferraris Kaart steet et 1777 als Nagern, op dem Caré vun Osper.) Mä Noojhem hate schonn d’Réimer peupléiert, well hei gouf e réimeschen ‘trésor monétaire’ fonnt. ‘t gëtt ugeholl, dass dësen am 3. Jh. ( präzis gesot no 263) aus Angscht virun Iwwerfäll vun Alemannen vergruewe gouf... hei, grad wéi zu Kohler, Räichel oder Duelem. Dozou passend hat den Antoine Namur 1854 hei sougenannte ‘Substructions romaines’ d.h. réimesch Grondmauere fonnt. Och kleng Uertschaften hu geschichtlech Hannergrënn unzebidden!

P.S. Eeler Haiser wëssen nach vum 24. Dezember 1944, wéi hei d ‘Amerikaner um Wee op Bungeref passéiert sinn. De 25. war owes de Kanton Réiden bal nees ganz ‘feindfrei’. D ‘amerikanesch Zaldote kruten dunn an engem rouege Moment d’Christmas Wënsch vun hirem Generol; ‘t war fir jiddereen eng Käertchen do - an dat deemools verfaasste ’Gebiet vum Generol Patton mam ofschléissende Wonsch ”and establish Thy justice among men and nations. Amen….” gëllt och an eiser Zäit an driwwer eraus.