Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Mënsbech

D‘Awunnerzuel vu Mënsbech huet sech an 100 Joer bal verduebelt, ugangs Juni 2014 koum s‘op 655 Leit vu jidder Alter. D‘Kaart ‘Luxemburg mit der Gegend auff 2 Stunde‘ vu 1717 weist ‘Minesbach‘ um Bord vum Grengewald, nieft dem Wee no Grevemaacheren a südlech vu Senhingen. Wéi si entstoung gouf et d’Mënsber Schlass nach net - dat entretemps mat sengem Park op den Zousazinventaire vun den nationale Monumenter koum.. D’Mënsber- oder Miinsberbaach soll net klasséiert, mä renaturaliséiert ginn, proposéiert d’Verwaltung vun der Waassergestioun. D’fréier onopfälleg Uertschaft mam Lehmbuedem, an de ‘Lämtreppeler‘ (wéi d’Awunner emol houschen), huet haut quasi eng fléissend Grenz mat Schëtter a mat Iwwersiren. D’Duerf läit 36 km vun Tréier, 14 vun der Stad, no bei der A1, no beim Findel an dem Kierchbierg. Am Mëttelalter war hei d’maison de Munsbach, eng Vogtei, dokumentéiert. (Eis Grofe ware weltlech Schirmhäre vun der Abtei St. Maximäin iwwer d’Gebitt Schëtter, Schrasseg a Mënsbech.) Hirer Amtsmänner, de Michael Sirrig an Dietrich vu Landscheidt ernimmt d’Buch ‘Sentinelles de l’histoire‘ (R.Bour).

D’Duerf hat mat der noer Ëmgéigend zur Urpor Schëtter gehéiert a krut selwer keng Kierch. Fir d’Festung auszebauen huet et 1463 missen Holz liwwere fir de Kallekuewen (ë.a. wéi Hassel, Hesper, Réiser a Siren.) Säi Weekräiz vum Greef vu 1747 zielt wahrscheinlech zu de Votivkräizer an huet d’Initialen AM am Medaillon. ‘t steet an der Haaptstrooss an ass méi al wéi d’Schlass am barocke Landhausstil - dat säit 2002 den ’Institut Universitaire International (I.U.I.) abritéiert. Seng Geschicht ass wuel Vergaangenheet, mä dem Kierkegaard no kann d‘Liewen nëmmen „in der Schau nach rückwärts verstanden und in der Schau nach vorwärts gelebt werden“. An der Statistik vun 1880 fënnt een 6 mol de Familljenumm Minsbach a 5 mol Munsbach; (en ü konnt laut Statec deemools net gedréckt ginn.) D’Silb mine huet ënner diverse Bedeitungen och déi vun der galloréimescher Kaatz.

Iwwer der aler Schlass-Entrée steet Ignaz von Biber, 1775, den Numm vum Erbauer, (de Mann vun der Marie de Cassal an Nokommen aus enger Neuerburger Ritterfamill.) D’Haus an d’dozougehéireg Ferme vum deemolege Conseiller provincial a Commissaire aux vivres à la forteresse goung u säi Fils Jérôme. Intressant Zeile vum J.P. Koltz ernimmen de Baron von Biber, Jurist an Här vu Mënsbech, Iwwersyren a Schrasseg, deen 1794 d’Bouneweger Schwesteren a sengem Stad-Haus an der Hl. Geescht Strooss opgeholl hat. D‘franséisch Revolutioun hat hien als Agriculteur an „citoyen Biber» zu Mënsbech verbruet an housch duerno nees de Biber. 1829 hat den J.-B. Thorn-Suttor, (avocat et personnage clé de la révolution belge,) de Besëtzer vum Schëndelser- an Huelmesser Schlass, den Domaine kaaft. Aus senger Epoche, vun 1834 staamt d’Fresez-Lithographie (ouni d’Tierm!) - Nächst Proprietaire waren d’Notaire J.-B. a Jacques Funck an den Théophile Funck-Brentano, dee gehollef hat d’Croix Rouge grënnen. Säi Fils Frantz Funck-Brentano ass 1862 do gebuer, mä seng Wahlheemecht sollt Paräis ginn. Tëscht 1863 an 1878 housch de Schlasshär Paul de Scherff-Pescatore, e Bayer deen naturaliséiert a Chamber-Président gouf, an d’Schleife vun der Festung an d’Ausbauen zur moderner Stad iwwerwaacht hat. D’belsch Famille Le Jeune hat de Beréng 1878 kaaft; ee vun hire Filsen hat als Ambassadeur vum Roi des Belges den offiziellen Titel «Jules Le Jeune de Münsbach». Ënner him, dem Jules junior krut de Manoir ëm 1900 d’haiteg Schlassform duerch Trapentierm an eng Tourelle. Hie war de leschte vun de ‘châtelains notables’ ir d’Gebaier 1927 un d’Irma an de Justin Zender goungen.

De Wuesstem vu Mënsbech koum am leschte Joerhonnert. Zu senge gudden lokalen Adressen zielen d’1902 gegrënnte Familljenentreprise vun de Bridder Bertrand mat ë.a. dem ’atelier de sculpture’ fir Grafmonumenter; (nom gréissere Productiounssite vu 1982 krut se 2011 e neit Gebai an d’Industriezone am Parc d'Activité Syrdall 1.) Moschter ënnerem Numm 'Moutarde de Luxembourg' ass e Mënsber Fabrikat... an d’Nofolleg vum Betrib, deen (vun 1922 bis ‘86) an der Pafendaller Muerbelsmille bestoung. Do hat d'Famill Munhowen de Betrib 1976 iwwerholl, ass geplënnert, an huet sech just virum Millenium restrukturéiert ënner dem Roland M. als Chef. Elo produzéiert e jäerlech ronn 250 Tonne Moschter a véier Varietéiten ouni Konservéirungsstoffer - net ze schaarf an net ze séiss! Eng Naturata-Filial koum an d’rue Gabriel Lippmann. De moderne, fonctionnelle Mënsber centre de recyclage presentéiert eng (42 Säiten deck) Online Brochure! D'Gare Mënsbech op der sougenannter Tréierer Streck, läit tëscht där Éiter an Rieder Gare an huet e gratis "Park & Rail"- Parkplaz. De Schoulcampus "an der Dällt" zu Mënsbech rehausséiert der Manon Bertrand hire Skulpturenensembel “Bichelgréitchen” säit 2012. Dräi Kannerfiguren mat Buch, Flütt a Ball illustréieren Educatioun, Kultur a Sport, de Legendepersonnage ass e Lien mat fréier.

En Temoignage aus dem Krich (vum E.T. Melchers) erënnert drun, dass d’erschöpften amerikanesch Zaldoten sech de 24. Dez 1944 (no der Truppenofléisung un der Ënnersauer vum 11., 12. an 10. Regiment) no extrem haarden Deeg am Raum Buerglënster-Mënsbech erhuele konnten.

P.S. Op de Wonsch no Suen koum fréier plazeweis de Rot ‘bei de Monni op Mën(z)bech ze goen’. D’virdrun ernimmten Famill Zender, d.h. d’Madame, hat iwwregens an den Dependence vum Schlass eng Distillerie fir 'Liqueur Bernardine' hirzestellen. D’Haffgutt gouf virum Krich verkaaft. An no der Libération goufen dem Schlass seng Besetzerrechter gekläert. Finalement gouf et 1956 Staatspropriétéit an dann Weesenasyl, genee gesot eng Filial vun der Rhumm, bis 1979. Véier Joer drop war ze liesen „le château fût mis à disposition de l’Institut d’Europe Luxembourg (IE). Et krut also eng international Renommé... a gouf duerno wichteg als ’Institut Universitaire International'. (Intressant Daten an Zesummenhäng regrouppéiert de Site: Château de Munsbach Historique - IUIL. Fir Dokumentatioune wéi dës gëllt theoretesch och d‘Malraux-Zeil: Wer in der Zukunft lesen will, muss in der Vergangenheit blättern...  Net ze vergiessen: de "Schëtter Nössmaart" krut zu Mënsbech eng Renommée nationale.