Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Mëlleref

Mëlleref a Steesel hu béid eng Kierch zesummen a feieren och zesumme Kiermes. Mir wëllen emol dat éischt ënner d’Loupe huelen; ‘t läit an Direktioun Hënsdref an ass mat Steesel zesummegewuess. ‘t weess bal kee méi wou dat eent ophält an dat anert ufänkt. Do sinn natierlech ugepasste Stroosse-Nimm… eng ‘rue des fraises’, de l’Alzette...  eng ‘An der Wollefskaul’ … oder ‘An de Bongerten’ .. an e moderne Centre de Recyclage!

Mëlleref oder Müllendorf (op franséisch Mullendorf) hat zur Zäit wou d’Ferrariskaart entstoung an de 1770ger knapps 20 Haiser a steet do als Millendorf. Di fréier modest Agglomératioun huet haut iwwer 1050 Awunner. (Am Vergläich ziele Steesel 2037 an Heeschdref 1740 Leit.) Där 73 km laanger Uelzecht hire fruchtbaren Dall läit hei op 226 Meter iwwerëm Mier an 8 Km nërdlech vun eiser Haaptstad. E gëtt hanner Walfer a Luerenzweiler méi breet an seng Häng eppes méi héich. De Goethe hat eise Floss am Rapport mat der ‚Petrus‘... ‘Elze’ genannt. D’Origine vun der Lokalitéit louche rondrëm de "Moulin Bintz"... Millen hate bekanntlech an de vergaangene Joerhonnerten eng wichteg Roll am Liewe vum Mënsch well Brout eng Haapt-Nahrungsquell war. An dofir hat och Steesel e Mille-Betrib, d’Werdels-Millen, déi no 1975 enger Zone Industrielle Plaz gemat huet. D’Mëller kruten ewell den 10. Juli 1374 vum Herzog Wenzel I. Privilegien zougestanen. (Dee Wenzel war e Fils aus dem zweete Mariage vum Jang de Blanne mat der Beatrix vu Bourbon.) An dës Privilegien goufen dann am Joer 1480 bestätegt. D’Chronik vum Här Lascombes erwänt, dass 1493 ‘d ‘Emgéigend vun der Stad onsécher gemat gouf well deemools Söldnerbanden (vun den ‚Arburscher Heren‘) zu ‘Mollendorf‘ und Staffel (fir Staffelstein) louchen. Am ‘ancien régime’ hu Steesel a Mëlleref de Grofe vu Lëtzebuerg gehéiert an Heeschdref der Abtei St. Maximäin. D ‘Puert am Wope weist op d’Stad hin, d’ ‘Anille’ op Mullendorf an d’Léiwen op Heeschdrefer Seigneuren. Eng Anille ass en typescht Milleneisen, e fer de moulin, an op seng Form baséiert de Sprangbuer virun der Steeseler Kierch.

D’Mëllerefer haten ewell ëmmer vu Steesel an Heeschdref profitéiert… d’berühmte Leit aus der Gemeng nennen si stolz an engem Otemzuch, z.B. de Willy Goergen, Sepp Hansen an Pierre Dupont. An hirer Virfuere gounge bei de Mechel Rodange an d’Schoul, deen ëm 1845 zu Steesel Schoulmeeschter war. Nach ze soen: Hei wuesse speziell d‘Grompere gutt, wéi zu Heeschdref d‘Rousen an zu Steesel den Äerdbier! An eng Zeil aus dem Mémorial vun 1875 déngt als ‚aide-mémoire‘, fir de Bau vun der Bréck Heeschdref – Mëlleref gouf et deemools ee Subsid vun 1000 Frang. Et fënnt een hei nach 4 – 5 déck Bauerenhäff, (...zu Steesel 2) a natierlech eng Fraisière, déi Leit ouni Emploi beschäftegt. “An ass s’och nach sou fruchtbar, d‘Äerd, ouni Kultivéieren ass et hir onméiglech eppes ervir ze bréngen…” sot schonn de Plutarch.

PS. …a wat sot dee griichesche Philosoph quasi am selwechten Otemzuch? “So ist es auch mit dem Verstand des Menschen. Ohne Erziehung ist er zu schwach, um die erwarteten Früchte zu geben”. Doriwwer nogeduet hat och den amerikaneschen Auteur a Mystiker Henry David Thoreau; (+ 1862), hie koum zur Erkenntnes, dass ‘Die Hochzeit der Seele mit der Natur den Verstand fruchtbar macht und die Phantasie erzeugt… ‘