Mutfert
De Numm Mutfert, Moutfort, schéingt keng Fortifikatioun als Basis gehat ze hunn a keng militäresch Bedeitung. Geschichtskenner no soll «fert» e Fuert duerch d’niddreg Sir bedeiten. Esou duerchfuerbar Plaze konnte fréier eng Bréck ersetzen a waren ënner aanrem fir militäresch Entreprise wichteg. (Fir se op hir Déift an op Lächer ze teste goufe Kéihäerden e puer mol derduerch gedriwwen, an domat de Flossgrond festgetrëppelt.) Moutfort ass an alen Texter heiandsdo och Montfort geschriwwen, an esou heesche verschidde bekannt mëttelalterlech Festungen. En lokalt Uzwuert "Muttferter Moustuckerten" verroden Zeilen ‘tëscht fréier an haut‘ vum Fernand Lorang.
Am Joer 996 hat d’gräflech Witfra Bertha, hir Dot, d. h. Mutfert mat Kierch, engem Härenhaff a villem ronderëm’ géingt d’Maximinescht Gutt am selwechte Gau getosch. Dëst erwähnen Zeilen iwwer de ‘Buchholz’ bei Duelem – an, dass no hirem Doud alles un d’Abtei zréckfale sollt. Laang duerno, 1712, hat de Blëtz an d‘Duerfkierch geschloen. Dem Claude Saugrain säin «Nouveau dénombrement du Royaume» indiquéiert 1720 en ‘comté’ oder eng 'seigneurie de Montfort et Médin' (d.h. Méideng) mat 15 Feierplazen. (Deemols war d’Grenz anescht wéi haut.) Am Versailler Traité (1769) hat de Louis XV der Maria Theresia Uertschafte cédéiert, déi säi Virgänger ageholl hat, ënner anerem Peppeng, Krautem, Hesper, Hassel, Montfort ou Mutfort, Welfreng a Fëlschdref. 1764 entstoung d’aktuell romanesch Mutferter Kierch duerch d’Tréierer Benediktiner (an där Munnerefer hire Grondsteen gouf geluet.) Gewosst ass och, datt si 1779 d'Agatha zur Patréinesch gewielt ...a véier Joer drop e Beichtstull am Klouschter Mariendall kaaft hat... An den 12.8.1792 hat d'Preussesch Arméi hiren Haaptquartéier zu Mutfert. Hiren deemolege Kinnek hat op der Duerchrees den 11. August am Porhaus logéiert an den 12. um Pläitréngerhaff. (De Goethe koum kuerz duerno an d’Land. Hien hat d‘Campagne géingt dat revolutionärt Frankräich als Krichskorrespondent nëmmen ongär begleet; e krut hei no schlëmmen Erliewnesser e Gefill vu Gebuergenheet an huet aus sengem Logis eraus intressant Vuen gezeechent!) D'Chronik verréit donieft, dass dunn all Stadter Steemetzer hu missen zu Hollerech Backiewe bauen fir d'Arméi vum Besätzer.
Eng kierchlech Notiz vun 1803 dréit ëm dem Mutferter Geeschtlechen J.Z. Wellenstein säi Cadeau un d’Por: eng der Agatha geweihten nei Klack. Dës koum allerdéngs spéider iwwer Hollerech 1876 op Roudersen. 1875 gouf den haitege Chouer ugebaut an 1960 krut de Kierchtuerm e barocken Zwibbelhelm. D'Chorale war 1894 gegrënnt ginn. (Den haut bal exklusiven Dammechouer ass befrënnt mam saarlännesche Gesang vu Merschingen). Beim Renovéiere vun der Kierch krut de Raum nei Still, eng nei Beliichtung an d‘al Greef-Statue koume riets an de Chouer. Den Dafsteen steet no beim Altor, an d'Tréischterin an der Dafkapell. Am Chouer dominéiert hanner dem niddrege Marberaltor en expressive Christusmosaik vum Gustave Zanter mat staarke rouden Téin. D'klassesch Fënstere vu 1936 stellen z.B. d’Immaculata, d’helleg Helena, St. Maximin an d'Patréinesch duer, hiert faarwegt Fënsterbild um Wee an d’Sakristei ass méi nei. Déi grouss vun hiren zwou Statuen hunn d’Pompieren an hirem Sall.. Déi Helleg vu Catania gëtt nämlech ugeruff géingt Feier, Broschtkränkten a Vulkanausbréch. Wéi hir Wonnen no hirer Tortur iwwer Nuecht geheelt waren, huet se missen iwwer gliddeg Kuele goen an dunn sollt den Aetna Feier späizen! Engem Brauch no goufen hei wéi plazeweis an der Schwäiz op hirem Dag Agathabréidercher verdeelt. Si ass nämlech säit 1688 och Zunfthelleg vun de Bäcker.
‘t ass hei Chrëschtdag Usus d’Altär an der Kierch mat Dännestraiss ze rëschten a beim Buergbrennen um ”Witteschbierg” kruten ëmmer déi dofir zoustänneg Schouljonge Pankech gebak. Eng Soo aus dësem Eck vun der Conter Gemeng geet ëm d'legendär "Bierkejëfferchen"! Si spréngt dem Jean Haan no munchmol a Gestalt vun engem schluetwäisse Schëmmel mat blenkegem Suedel ouni Reider aus enger Bierk eraus fir ze grasen.. Passanten hat se scho mol invitéiert ze reiden… fir si da mat der Vitesse vum Wand an de Pläitrenger Weier ze geheien. Di Couragéiert koume mam Schreck dervun... och wann eenzele vläicht bei Mutfort hiren Hutt fort fléie sollt.
P.S. An d'Joer, wéi d'Mutferter Kierch gebaut gouf, falen d'Erfindung vun der Dampmaschinn vum James Watt an d'Grëndung vun der Brasserie Funck, deemols Linden …am Gronn. Di al 30 m héich Eech bei der Sortie vum Duerf beim ‘Roudebesch‘ ass ähnlech al. Dat besonnescht un hir: si gouf nom zweete Weltkrich zum “Fräiheetsbam“ deklaréiert an geheegt a gefleegt. Protégéiert ginn hei och d’Fliedermäis. De Kierchespäicher ass ee vun iwwer 35 am Land, deen zougänglech ass fir dës flénk Insektefriesser, déi weder Villchen nach Maus sinn. - Intressant ass och d‘Info, dass d’Telefonsleitung Lëtzebuerg-Munneref 1886 iwwer Sandweiler, Mutfert an Duelem geluet gouf. D’Kurgäscht kruten den zweeten Uschloss am Land. Dëst a villes méi erzielt der Post hiert Buch zum ‘centenaire du telephone au grand-duché‘... d’Duerf selwer war dann Ufangs 1889 telefonesch z’erreechen.