Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Monnerech

D’Franken hunn al Duerfnimm iwwerholl a germaniséiert; d’Silb Mun oder Mon vu ‘Munderchingen’ oder Monnerech ass en uraalt Waasser-Wuert! Der Gewan ronderëm hire schwéiere Buedem war gutt fir ale ‘Monnerecher Kascht’ geegent, d.h. fir Bounen an Iertsen!  Kiermeskascht gëtt et do säit 1848 definitiv Sonndes no–Laukes Dag. ‘t housch zu Monnerech fréier iwwregens “Keng Ouschtereeër, kee Fliëdchen, kee Päischtkränzchen, kee Kiermesdänzchen..

En offiziellen Akt vu 965 beleet d’Schenkung vum Siegfried a senger Gemahlin Hedwig hirem geierfte Monnerecher Besetz inklusiv der Kierch un d’Iechternacher Mönchen. Am Joer 997 gouf den Don vum Landgutt bestätegt. Dee Lien un d‘Abtei huet d’Por obligéiert jäerlech op Iechternach ze pilgeren. Eng Kierch gouf 1148 zu Munderdinga erwänt. Hire ‘17 järege Pfarrer’, dem Piechter vum Abtei-Gutt säi Fils, hat laut Bericht vu 1570 nach keng Weien, d’Déngschter huet dofir säi Kaploun Willibrord Dunkerait gehalen! D’Monnerecher Geschicht war am Mëttelalter mouvementéiert. D’Duerf hat 1635 virun der Pescht 66 Famillen an duerno nach 26… Haut zielt et 3335 Awunner! De Baumeeschter Sigismond Mungenast hat 1738 hei eng schlicht Kierch gebaut op Bedreiwe vum Curé Antoine Feller, dem Neveu vum Stader Här Feller. D’Schëff goung zu Laaschte vun der Abtei an de Chouerraum ...aux frais du Curé. Nei Klacken hätt den alen erhéichten Tuerm net gepackt - d’Porleit hunn dofir e neien offréiert aus Däitsch-Oth ‘er Hasteng. Dëse war da mat senger barocker Zwibbelhauf 1752 fäerdeg zum Präis vu 406 Daler. Den entretemps installéierten elegante barocken Héichaltor (mam Maria-Himmelfahrt-Bild an der Willibrordstatu) - an di zwee säitlech mam Franz Xavier an der Muttergottes si Wierker vum Nic. Anseaux a Frédéric Biver. De Mobilier beräichere Régence Beichtstill an e klassesche Priedegtstull vum Nicolas Jacques mat den Evangelisten a St. Méchel als ‘Seelenwäger’. Den zäitgenëssesche Kräizwee mat 15 Statioune vun 1982 war dem Albert Hames säi lescht reliéist Wierk. Krëschtdag 1985 huet de Monnerecher Lokalradio ‘104‘ di virdrun ‘life’ enregistréiert Metten um Mëtternuecht gesendt... D’Barock-Kierch steet säit 1960 ënner Denkmalschutz a gouf 2003 am Fong restauréiert.

1960 hat de Léon Krein de Monnerecher Kannerchouer gegrënnt (an dirigéiert bis 1988.) Wéi d’Prinzessin Marie-Astrid 1970 seng Marraine gouf ass en no hir benannt ginn. Haut sicht de 'Kanner-a Jugendchouer‘ Nowuesstalenter vu 6 Joer un. Senger Highlighte waren eng Rees a Japan an e Concert an der Philharmonie! - Viru gutt 22 Joer goufen ‘op Mauseréck’ Mënzen, Gewiichter a Reschter vun enger gallo-réimescher ’villa rustica’ entdeckt an d’Wandzeechnung vun enger gallescher Damm ‘Malussa’; Een Hiwäis, dass och d’Ëmgéigend vum Tëtelbierg besiedelt war! 1804 stoungen 80 Haiser ëm de Monnerecher Duerf Zentrum. Haut wäerten eng zentral Plaz, neierdéngs e Moart an eng gutt Wunnqualitéit dësen op. Nobäi an der Lampecher Strooss sinn eng Kartingspist, de Siège vun der FLF, der Lëtzebuerger Football Federatioun, an d’Footballschoul mat engem Terrain fir intensiven Training. - Erënnere mer nach un typesch lokales, hei war z.B. bei ‘gefuusster Mëllech’ de Ram ofgeschäfft - an gewosst vum mysteriéise Monnerecher Kraitchen ass, dass et eng excellent Wierkung huet op de Mo!

PS.  Di typesch baucheg Monnerecher Zwibbelhauf gläicht där vum Mierscher Tuerm… an deene vum Kreml zu Moskau. Sengem Hinnchen seng “spuenesch Bauart" erwänen Zeile vun 1879... Net laang virdru war d‘Populatioun hei deels aarm wéi eng Kierchemaus a konnt sech just eemol d’Woch Fleesch gënnen. Et gouf soss, wéi e Sprooch et seet „Mueres Zopp, Bungen drop, mëttes Brach, Bungen nach, owes Bräi, Bungen dobäi“. Dëst an och nach eng speziell Bounentoart mat ‘Sauboune’ waren emol d‘sougenannte ‚Kost von Monnerich‘!