Mompech
32 km vun der Stad, ländlechen Entourage, 193 Awunner a Gemengenhaaptuert, dat ass Mompech. De klenge sougenannte village-tas (oder “Haufendorf”) läit op engem schife Plateau ënner der Kopp vum Pafebierg. Seng Awunnerzuel louch 2010 bei 133 Awunner an ugangs Januar 2014 bei 193. Fréier hu sech hei ëmmer ëm 100 Awunner op 15 Bauerenhief verdeelt (an bis viru net laanger Zäit op 40 Eefamilljenhaiser.) Flächeméisseg ass d‘Gemeng Mompech hanner där Rousperter di zweetgréisst vum Kanton Iechternach. ‘t gëtt hei verschidden typesch Ausdréck, z.B. ‘Kornesch’ fir Cornichon, ‘Mugrittchen’ fir Maargréitchen a fréier haten d’Awunner de Spottnumm ‘Mompecher Fräschen’... Dëse passt net schlecht zu engem Uert mat ruralem Charakter- enger Ecole préscolaire, 6, um Buer an ökologescher “Niedrigstenergiebauweis“ mat engem wonnerschéine Wantergaart, dee d’Wäermt späichert!
Mompech läit ongeféier 2,5 Kilometer vun der Sauer ewech an ass am Süden, am Westen an am Norde vu grousse Bëscher agegrenzt. Seng Grënnung geet wahrscheinlech op d'Réimerzäit zréck, op den Treffpunkt vum Wee vun der Schanz mat der Streck Iechternach-Waaasserbëlleg.1970 goufen hei Reschter vun enger Réimervilla fonnt.. Et ass 1220 als Mombach agedroen, zur Zäit vum Balduin v. Tréier Mampach an duerno emol Maynpach (a Mainpach), wat grouss Baach bedeite soll! Vum 15. Joerhonnert un haten déi weltlech Hären aus der Fiels, vu Lellig, Branebuerg an deenen hir Nokommen, déi vu Betteng a Schauwenburg hei 300 Joer laang d’Soen! (An der Epoch vum Drëssegjärege Krich (1618 bis 1648) waren nach zeng Stéit am Duerf an kuerz duerno nach manner. De franséische Moralist Jean de La Bruyère, (*1645), hat um Enn vun deem Jorhonnert notéiert.. „Dat bescht vun alle Gidder, wann et där nach gëtt, ass d‘ Rou, jo, “die Ruhe, die Zurückgezogenheit und ein Plätzchen, das man sein Eigen nennt!“ De Service Historique vun der Commune de Mompach gouf 2010 creeéiert op Initiative vun der laangjäreger Buergermeeschtesch, der Madame Krippes-Dahm. Hie fonctionnéiert mat Bénévolen a sammelt historescht Material aus der Gemeng… ähnlech wéi dëst: Viru laanger Zäit hat, historesche Studien no, eng Givenecher Schwester aus dem Housener Adelsstëft der Mompecher Porkierch e brodéiert Messgewand geschenkt. (H. Glesner)
Den 2006 frësch sanéierte Bau vun der Mompecher Kierch gesäit ee vu wäit. Se zielt zum Porverband Ënnersauer’ a steet zentral am Duerf. Dëst war schonn am 13. Jh. eng eege Por zu där fréier Hierber a Giischt gehéiert hunn, an Givenech ( - dat haut nach dozou zielt. ). Eng Kierch war dann ëm 1330 erwähnt, ouni Präzises.. an 1738 e Bau an engem trauregem Zoustand (‘in misero status’.) Mä dat sinn tempi passati. Onchangéiert, den 1. Oktober, ass d’Fest vun hirem Patréiner, dem hl. Remi, deen 498 de Kinneck Chlodwig gedeeft hat. Haut falen hir barock Säitenaltär aus Steen op, déi aus engem fréire Stater Klouschter kommen. Al schingen eis d' lokal Bräich, z.B. dass d‘Paschtéier vu jidder Beichtkand zwee Ouschtereeër‚ ‘Beichteeër‘, kruten… oder d'Gewunnecht, fréier bei engem Kanddaf d‘Fraen am Duerf op en ‚Taufschmaus‘ z’invitéieren an dem Paschtouer zwee jong Hunnen ze ginn! Dass Mompech zur Zäit vum Beschof Philippe (+1956) de leschte „viehhaltende Pfarrer“ vum Land hat, (de Monni vum Pater Spoden) ass net allze iwwerraschend. D‘Quell vun dëser Zeil ass de J.-P. Büchler-Text „Lichtblicke aus der Vergangenheit“. - D'Gemengenhaus mam Wopen an der Dir ass haut am ale Paschtoueschhaus, dat 1990 dofir transforméiert gouf. Grad sou al sinn och de klenge Weier an d‘Fräscheskulptur (d'Symbol vum Duerf).
An enger Billerbuchkuliss steet en 200 järegen Haff, dee Beienhunnechdrëpp géingt Halswéih recommandéiert. Ob et do och Usus war, den Drescher Pannkech ze backe wann de Fruuchtkessel voll war? ‘t gëtt hei munch Bräich an Traditiounen, an dat gutt drun: si ginn den Awunner een „Mir-Gefill“. - Mompech krut säit 1991 Ënnerstëtzung beim Duerfentwécklungsplang. ‘t sollt dann en innovative Wand heirëmmer blosen. (An d’Suite: 2008 hat Mompech d’Land um europäeschen Duerferneirungs-Concours vertrueden (mat 28 aanren Uertschaften aus 12 Natiounen.) Et koum dunn am niderlännesche Koudum ënner déi 10 bescht op dem Gebitt “ganzheitliche, nachhaltige und mottogerechte Dorfentwicklung von herausragender Qualität”!
P.S. Um Pafebierg sti véier grouss Wandturbinen, déi jiddwereng 500 kW Stroum produzéieren. Et waren dëst déi éischt zu Lëtzebuerg - a si maache genuch Stroum fir 4.400 Stéit ze beliwweren. Nërdlech vu Mompech a südwestlech vum Pafebiergerbësch sinn op ronn 330 Meter Héicht d’Quelle vun der Kléngelbaach. Si ass just 2,2 km laang a leeft mat der Sernigerbaach an d’Sauer; si gesouch awer wahrscheinlech a virgeschichtlecher Zäit vill Kanner eropwuessen a munch Begriefnesser; 't goufen nämlech Brochstecker vun Urnen, en Dolmen an Hiwwelgriewer do fonnt. Ganz intressant ass och d’Info, dass d’Zone protégée en libre évolution vum noen ‘Hierberbësch’ iwwer 75 ha vun 206 ausmécht! 2/3 vun de Bichen an Eechen, déi do wuessen, hunn nämlech tëscht 140 an 200 Joer. Esou eng ‘réserve forestière intégrale’ gëllt Fachleit no als ‘forêt vierge de demain’.