Miesdref
Kleng Uertschafte kënne Solidaritéit a Frëndschaft méi liicht fleegen ewéi Grousser, dës Erkenntnes kënnen d'Miësdrëfer Leit sécherlech confirméieren. Si wunne genée an der Mëtt vum Land, 19 km vun der Stad, an hunn en aktivt Veräinsliewen. 1909 hat d’Duerf Pompjéeë kritt, spéider e Billardsclub an e Club des Jeunes vu 1974-1994 mat Pëtten an Essen. Fréier war et un d’Mierscher Grondhäre gebonnen. Säi Räichtum bestoung am 100 Muerge groussen Sektiounsbësch, deen et mat Biereng a Glabech gedeelt huet. E ganz ale Brauch war hei op Chrëschtdag Hällem aus engem Stréidaach ze zéien, a ware Kären drun, sollt e glécklecht Joer kommen.
Miësdref oder Méisdref ass eng vun de 36 lëtzebuerger Uertschaften, déi mat M ufänken.’t wunnen do iwwer 340 Leit. Virun der Franséischer Revolutioun hat et eng relativ al Kapell. Wéi 1834 éischt Projete fir eng nei Kierch virlouge, waren hei 290 Awunner agedroen (.. zu Biereng an vis-à-vis zu Pëtten 268 an 264.) Nieft der Kierch sollt och eng nei Bréck gebaut ginn, d'estiméiert Präisser waren 10.450 Frang fir d'Breck a 17.433 fir d'Kierch. Dat hunn d'Méistrefer natierlech vill fonnt an hu kuerzerhand d'al holze Bréck an Eegerégie gratis reparéiert! (Di spéider Eisekonstruktioun gouf grad wéi di Essener am September 1944 gesprengt. De "service des dommages de guerre" huet béid da geschwënn duerch stenge Bauten ersat.) Souvill zum Thema Breck.. Ouni d’Autorisatioun fir de Kiercheneibau vun 1837 hätte Miësdref a Biereng der Por Miersch missen iwwer 18.000 Fr. bäisteiere fir déi geplangten nei Dekanatskierch.
De Miësdrefer Projet gouf réaliséiert: seng nei Kierchemaueren goufen 1840-41 ënner dem Architekt Eberhard vum Heeschdreffer Entrepreneur Kintzelé gebaut. Definitif huet de 25 op 13 m grousse Bau 22.000 Frang kascht. Miëstref gouf kuerz duerno vu Miersch getrennt an am November 1843 mat Pëtten, dem Scheierhaff an Essen eng selbstänneg a lieweg Duerfpor.. (mä seng Schoul blouf weider am alen Hiirdenhaus!) Neierdéngs gehéiert se nees zum Porverband Miersch. D'éischt Mass am neie Gotteshaus war 1843. D'Erbauer hate Fantasie, si hunn di eidel Säitewänn mat romanesche Molereie belieft. De Méistrefer Kierchepatréiner ass Johannes den Deefer, e Numm dee symbolesch ass fir pünktlech a raisonnabel Charakteren. (Hien hat d’Missioun vum «Précurseur» vum Messias a war säi klenge Cousin.) Niewepatréiner ass den hl. Lukas. Kuerz viru 1900 hunn e Priedegt- an e Beichststull, en neien Altor a 16 Statuen (e Cadeau vum Paschtouer Wolf) den Intérieur verschéinert. D‘Ronnboufënstere vu 1900 a 1910 illustréieren Bibelzeenen. Den imposanten Tuerm vu 1904 mat der ugedeiter Zwibbelform ersetzt en einfachen Daachreider. Am Laf vum leschte Joerhonnert gouf weider am Raum innovéiert: d’al Waarmloftheizung huet beispillsweis an de 1930ger eng nei Waarmwaasserheizung ersat. D'Uergel aus der Lëntgener Uergelfabrik hat 1967 dem Herbert Schmidt de Meeschtertitel abruet. Ee respektablen Alter huet nieft hir d'Chorale Méisdref-Pëtten-Essen, hire Gesank gëtt (engem Klouschterpräses no) säit 1898 ‘dem Gebied vum Mënsch eng Melodie.’
De laangjärege Schoulmeeschter Eugène Schroeder, deen am Krich Dolmetscher bei den Amerikaner war, gouf no senger Pensionnéierung Mierscher Buergermeeschter (1958-'69) En hat hei e Spuerveräin gegrënnt, a vläicht huet en Defizit aus der ‘Belle Epoque’ hien als Dirigent vum Gesank dozou inspiréiert! (Am Veräinsbudjet vu 1910 waren z.B. e Beidrag fir den Adolphe-Verband vun 10 Frang, nei Noute fir 12,5 an dem Fändel säi Schaf fir 25.) Déi mat Elan duerchgeféiert rezent Restauratioun vun der Miësdrefer Porkierch an och déi vun der Pëttener Filialkapell hu béid e kuckeswäert Resultat. De lokalen Ausdrock ‘et sieschtert sech hei munnches’ weist op grouss Erdräg a gutt Zesummenaarbecht hinn! (Dräi Sieschter-Kierf Huewer sinn iwwregens een Zenner.) (‘Kierchtuermscauserien‘ 2004)
P.S. Den Interesseveräin „Duerfsieschter vu Miësdref, Pëtten an Essen“ hat 2010 säi 25. Anniversaire; säin “Duerfsieschterblietchen” kritt all Stod gratis. Eng Titelzeil doran housch 2010 “Spillplaz am Duerf“. Den Uertsporträit um Web-Site mersch.lu ernimmt d’Méisdrefer Schoul “am Wälderdepartement “. En zitéiert dem Pëttener Kaploun Nic. Schmit an dem Nic. Oswald, ‘ehemaliger Benediktiner der Abtei Orval ‘ a Sekretär vun der "Gemeng Pëtten” hiren am Dez. 1810 ausgedreckte Wonsch “op d’keeserlech Universitéit ze goen fir spéider als Lehrer doheem an zu Méisdref Schoul ze halen!” - Méi aktuell ass d’Info, dass Ornitologe Miësdref schätzen, ‘t goufen do riets vun der Uelzecht schonn emol rar Zwergdaucher a Mitocke gesinn..