Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Méchela

D’Sauer ass an der Vullefluglinn 75 km laang, mä hire Wee zitt sech duerch di vill Meandre vun der Quell an d’Musel op eng Längt vun 173 km. Nërdlech vu Méchela, bei der Buerschtermillen, imitéiert se d’berühmt Orscholzer Saarschläif gläich zweemol. Zu Méchela gouf 1000 Joer laang d’Brahmille bedriwwen, als ‘Braumillen’ vun der Buerschter Herrschaft, nobäi heescht nach eng Plaz ‘Happgaard’. De Mëller war och “naviculator”, d.h. Fährmann, en huet wann néideg Leit a Saachen iwwer d’Sauer geruddert. Eng d’Notiz vu 1479 dréit hei ëm Wäibierger aus der Ierfschaft vun Lanzelot vun Eltz, a spéider ernimmt sinn e Feld ‘am Weingart’ an ee Kelterfeld. Ee Rapport vu 1633 ernimmt niewebäi eng Naachefabrikatioun, an en aanren der Schlassherrschaft hire Fëscher. D’Majoritéit vun den Awunner waren hei Baueren, 1824 goufen als Hausproprietär och dräi Wiewer, ee Schmatt, ee Schreiner, een Hiirt, e Fieschter an zwee Schneider notéiert.

D’Por Méchela entstoung 1806 no der Trennung vun Dikrech, an hat als Filial Lëppschent-Fléiber. Hir St.-Wendelin Kierch war 1792 gebaut an 1852 vergréissert ginn a läit mat hirem zierlechen Tuerm e bësse méi héich wi d’Haaptstrooss. (Réckbléckend z‘erwähnen ass 1634 de Besuch vum Generolvisitateur vum Archidiakonat Longuyon an der fréirer Duerfkapell.) De Wee an d‘Mammekierch op Dikrech war wäit... an en Ëmdenke schwiereg… an ‘t gouf da no 22 Joer eng Rektorplaz fir Méchela an d’Aa gefaasst mam Recht op en Dafsteen. D’ugedeiten Oftrennung vun der Mammepor koum definitiv 150 Joer drop. ’t goufe nei Kierchemiwwele gesicht a fonnt. Zu Méchela stinn haut e klassesche Priedegtstull vu 1682 an en Héichaltor aus der Abteikierch Tholey an heller Polychromie. (De leschte koum no der Fr. Revolutioun… no engem Ëmwee iwwer Miedernach heihin an hat 8 Louisdor kascht.) Dee wuchtege barocke ‚Pronkaltor’ huet verspillte Rokokodetailler an elegant Statue vum Stephanus a Paulus. Dës si grad wéi d‘Gottvatergestalt iwwerëm Tabernakel mat Sensibilitéit geformte Wierker. D’Niewenaltär vu 1934 wierken eenheetlech mam Ganzen. Se krute vum Konschtschreiner Stehres déiselwecht Formesprooch, d.h. ’t leie Glawen an handwierkleche Stolz dran. (M.Schmitt)… Aner Statue sinn nieft der Tréischterin an dem hellge Jousef d‘Apollonia, Luzia, Barbara an de Wendelin. De Beichtstull vu Méchela a säi Pendant vu Lëppschent stamen aus der Lennenger Kierch. D‘Uergel mam Eechegehäis an 324 Päife gouf am Oktober 1997 am Kader vun engem grousse Fest ageweit!

Enger Zeil aus dem ale Grimm-Dictionnär no huet d’ausgestuerwend mëttelalterlecht Wuert ‘michel’ fréier grouss bedeit a ‘lützel’ stoung am Géigesaz fir kleng. Däitschlouthrengen an och d’Tolkien-Enzyklopädie gebrauche béid weider. Den Uertsnumm huet also e puer Erklärungen… E war 1552 als Michelauwe registréiert… a virdrun als Mychellaw. (D’aalhéichdäitscht "Auwe" weist op owa, oder awa hinn, d.h. op Waasser.) D’Duerf Auw bei Kyll am alen Herzogtum Lëtzebuerg geet aus vun Aue, d.h. "Land beim Waasser oder fiichte Grond." (Michel–Au kléngt also no kräftegtem, fruuchtbarem Land..) De lokalen Autopedester féiert duerch Bëscher, déi fréier dem Haff Buerschent gehéiert hunn; bis si 1813 Gemengepropriétéit goufe sollten d’Leit hei allerdéngs ënner Brennholzmangel leiden..

Méchela hat 1849 ëm 362 Awunner (an 2005 nëmmen nach 271.) Aarbecht gouf et heirëmmer vill! Bis seng Gare un der Zuchligne Ettelbréck-Elwen am Dezember 1866 fäerdeg war, stoungen hei méi Leit am Zivilstandsregester wi soss. Déi schwiereg Streck hat Fachleit, Handwierker an Handlaanger gefuerdert, notéiert sinn z.B. en englesche Kondukter, en Opsiichter aus Schottland… an Aarbechter aus Italien a Frankräich. (Wien haut op „youtube.com/watch “Trains à Michelau” kuckt, huet keng Virstellung vum opwennege Bau vun der Streck!) Kee Wonner, dass iergendeemol bal all drëtte vun hei Eisebinner war.. 1932 koum d’Elektrescht an d’Duerf an 1933 e Bued-Reglement fir ‘Buerschendplage’. Tselwécht Joer gouf d‘Waasserleitung geluet mä d’Wäsch weider doheem am Kessel gekacht an op der Sauer geschwenkt! De Mëttelpunkt vum Duerf ass d'Al Schoul an där haut nach ëmmer Festivitéiten ofgehale ginn. D‘Brochure “Vun der Héicht Lëpschent - an den Dall Mëchela” retracéiert kleng a grouss lokalgeschichtlech Evenementer an iwwer 50 Regester-Säiten aus béiden Uertschaften.. D‘Leit hei hate Kraaft an der Hoffnung fonnt, an hätten d’Geständnes vum Beethoven sécher approuvéiert, dee sot „ich hab sie mein Lebtag zur Nachbarin gehabt, was wär sonst aus mir geworden!“ (Deels a.d. 'Kierchtuermscauserien')

P.S. D'Donatus Monument am Ausgang vum Duerf, a Richtung Fléiber, gouf nom Krich nei opgebaut. Säi Chronogramm am Sockel ergëtt d'Joreszuel 1862. Ewell ëmmer ass hei ee Fiels, op deem de Willibrord soll gepriedegt hunn. Et heescht, dass Legenden ëm e Naturdenkmal, déi wi eng Soo kléngen, sech heefeg als geschichtlech Tatsaach erweisen… Méchela läit um lénksen Uwänner vun eisem zweetgréisste Floss. Zu dësem huet d’Fëscherei-Reglement 1968 geschriwwen... ”Auf der Sauer hat der Fischer zur Flussabwärtsfahrt und zur Flussaufwärtsfahrt tunlichst die Flussmitte zu benutzen“. An ënner aanrem ass doran ‘pêcher à l‘écrevisse” verbueden.. an ‘Handaangelen däerfen nëmmen ee Kreepchen’ hunn!” - Ënner dem Numm Mechel verstoppt sech heiandsdo en “Allerweltskäerel”. An amerikanesche Regestren ass de Familljenumm Michelau relativ heefeg.. z.B. ass eng Catherine M. am Abrëll 1883 emigréiert (a vun hirem Brudder Jean-Pierre sengen ausgewanderte Kanner sollt een iwwer Nuecht ënner  "Michelow" figuréieren..) Zu gudder Lescht: mat ‘ot’ geschriwwe bedeit ‘Michelot’ e Pilger vum Mont St. Michel.