Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Mäerzeg

 

D’Waark deelt Uewer- an Niddermäerzeg, déi haut zesummegewuess sinn. Seng prehistoresch Vestige ware scho virun 1000 Joer bewunnt, seng Lag tëscht der Musel an der Meuse soll ‘propice’ fir d'Entwecklung vum Mënsch gewiescht sinn, gëtt gesot. 't huet 2004 op 1119 ha nach 6 Baurebetriber gezielt an plus ou moins 1450 Awunner, mat ronn 27 % Auslänner. Wäit bekannt sinn d'Mäerzeger Steebréch. Aus hinne goufen Haiser a Kierche gebaut, Buerge verstäerkt an Trapen ugeluet. D'Aarbechter hunn zu Uewermäerzeg gewunnt, well dat méi no bei de Bréch louch, an ëm 1900 huet een dee ‘geschoult‘ war zwee Frang pro Dag verdéngt. Haasteng goufe scho viru 400 Joer geliwwert, verréit d'Joreszuel 1646 iwwer enger Dir. An de 1960ger Joren huet de leschte Broch zougemat.

Fir d'éischt war Mäerzeg oder Mierzeg am Joer 762 als Marciaco ernimmt, am 9. Joerhonnert gouf et mat engem t als 4. Buschstaf dokumentéiert an am 15. als Mertzzich. Den Duerfnumm geet op e gewësse Marcius zréck, deen do eng Villa hat. D' "Wäissenhaus“ an der Haaptstrooss (fréier eng Gierwerei mat Seeërei) gëllt als Gebuertshaus vum Sosthène Weis (+1941) an ass dat haitegt Gemengenhaus. A senge Wänn si 6 vun sengen iwwer 400 Aquarellen ausgestallt. Hie war naturverbonnen, wat seng Konscht verréit, an hat als Staatsarchitekt ënner aanrem d'Orangerie zu Munneref an de Siège vun der Stater Post gebaut an d‘Bauaarbechten um Arbedsgebäi ausgeféiert. Wéi hien zwee Joer al war, am Januar 1875, gouf d'Uertschaft eng selbstänneg Gemeng. Virdrun huet se zu Feelen gehéiert. Dem „Sängerbond“ säin éischte Fändel ass aus deem Joer. D'Duerfkierch aus roude „Seitert“-Steng entstoung 1850 nom Plang vum Louis Dagois, (deen och den Haapt-Ingenieur vum Houfelter Kanalbau war.) Si, di 2 Schoulen, eng al Kapell vu 1733 an d' staatlecht Altersheem sinn e Stéck Duerfpatrimoine.

En ass berühmt, den deels roudelzeche Mäerzeger Sandsteen… e gouf schonn zu Réimerzäit verschafft. E Buerschter Regester confirméiert 1633 d'Liwwerung vun zéng Trapestäng vu Mäerzeg. Ëm 1661 haten d'Duerfleit op de Schmelze vu Bissen a Kolmer-Bierg geschafft, als Doléiner an natierlech an de lokale Steekaulen. Aus hirer Steng ass d'Stader Schlassbréck, di zweet, déi 1735 an d‘Plaz vun enger Zugbreck aus Holz koum! Tirouler Skulpteuren hunn no 1740 hei Grafsteng dekoréiert, de bekannste war de Jakob Kugeler. D'Branebuerger Kierch konnt 1783 net plangméisseg weidergebaut ginn, well d'original Mäerzeger Steng geklaut gi waren! D'Portal vun der Clierfer Abtei, d'Geriicht zu Dikrech an och d'Wolzer Gemeng sinn aus de bekannte Steebréch.

Déi apaart typesch rout Duerfkierch ass no Westen orientéiert. Den Tuerm steet net bei der Entrée, mä ass um Chouer ugebaut. An him fält eng Fënster op vun der helleger Babara - si gouf fréier fir d' Protektioun vun de Steebréch ugeruff. De Kierchepatréiner ass den hl. Stefanus. Den Altor kuckt zum Vollek, e gëllt als symboleschen Zentrum vum Raum. Den hellen Interieur gouf vrun e puer Joer restauréiert. Di néideg Äennerungen haten e puer Grënn: Schued verhënneren, d'Gefiller vun de Gleewege sensibiliséieren an si méi fest un de Porbesetz bannen - wat Konscht a Kierch normalereweis zegutt kënnt. Preziséiere mer, dass fréier d'Por Mäerzeg anescht fonktionéiert huet wéi haut. Uewermäerzeg hat eng Stefanus-Kapell "von schöner Bauart", de Kierfech a Sonndes an d'Feierdeeg eng Mass. Et huet ofwiesselnd zu Feelen oder Grousbous gezielt (ee System deen d'Awunner net gär haten… se wollten onofhängeg sinn.) Niddermäerzeg huet fest zu Feelen gehéiert, an seng kleng haut kaum nach genotzte Valentins-Kapell hat di néideg Paramenter.. Seng Awunnerzuel goung op an of, ‘t hat 1851 z.B. 1052 Awunner an 1900 nach 816. Mä dynamesch Duerfleit haten grad dunn (engem Avis aus dem Memorial no) d’Idee eng Associatioun ze grënne fir d’Konstruktioun vun aacht Feldweeër ze stodéieren... (a.d. ‘Kierchtuermscauserien’ - 2004)

P.S. Nërdlech vum Duerf fänken d'Ausleefer vum Éislek un, südlech läit de Butzebierg. De Mäerzeger Wope vu 1961 huet ënnen op azurbloëm Fong eng ‘diagonal gezackte selwer Sträif an e réimeschen Adler'... uewen op ockerem Grond 'dräi spatz schwaarz Picken a Graphometren’ a weist op seng laang Duerf-Geschicht hinn. Dëst maachen och d’’Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn, si ginn neierdengs eng limitéiert Zuel Timbren a Postkaarten eraus. Mäerzeg huet net nëmmen e Park mat enger Sonnenauer, hei gëtt och Kulturaustausch grouss geschriwwen; Workshops iwwwer Geschicht, Sproochen, Bräich, Gastronomie an Danz hëllefen d'Integratioun z'erliichteren. Wéi an eenzele Regioune vum Land dominéieren och hei charakteristesch Naturfaarwen. Rout Fassaden hunn ewell ëmmer op routbrong Felder a roude Sand mat héigem Eisenoxydgehalt higewisen. Plazeweis goufe rout an sandfaarweg Téin vermëscht zu saumonfaarwegen Nuancen. Vläicht hat hir Villfalt emol d’Palette vum Sosthène Weis inspiréiert… E flotte Background fir Photographen ass den noen Turelbaacher Weier a seng Insel mam klenge verstoppte Schlass. D'Turelbaach huet iwwregens dem Centre Culturel säi Numm ginn.