Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Mäertert

Mäertert läit 138 m iwwer dem Mieresspiggel, Waasserbëlleg am Vergläich op 132. ’t hat 2004 ronn 1100 Awunner. Et huet keng Musel- mä eng Sirbreck, iwwer déi fréier e Kiem goung ( an via Sauerbréck zu Waasserbëlleg op Tréier.) D’al Seigneurie vu Mäertert war fréier Besetz vu St. Maximäin. Hiren Ierwen Antoine Pescatore hat s‘an den 1870ger ersat duerch e nobelt Haus mat engem vasten englesche Park. Hei sinn ënner aanrem de Staatsminister Pierre Frieden gebuer, de Muselmoler Jean-Pierre Beckius, deem seng Tableau'en "d'hauchzaart Atmosphär vun der Musellandschaft am Liicht vun de Joreszäiten inimitabel erëmginn“, an de Paul Leimbach, e Spezialist fir Chronogrammen. Mat Mäertert associéiere mer Schëffer a Schleisen; säin Industriehafen verbënnt säit 1965 Nanzeg a Kueblenz an um Internet steet, dass och ‘no der Kanaliséirung der Musel hire Reiz erhale blouf’. En Ingenieur sot emol, mir selwer misste gelegentlech eis ‘ënner Schleisen opmaachen ouni e Gefill vu Vide ze fäerten‘. D’Himmelsschleise loossen iwwregens am November heirëmmer 1,4 mol méi Reen eroffalen wéi am Abrëll.

Well Mäertert 1796 méi Awunner hat wéi Waasserbëlleg a flächeméisseg méi grouss war, gouf et Gemengenhaaptuert. (‘t ass zueleméisseg méi kleng ginn, de Wäibau goung lues zréck mä ‘t koumen Handwierker heihin.) De Gemengewopen vu 1975 ass identesch mat deem vun der Famill Billig, déi am 14. Jh. Gréiwemaacher e Riichter gestallt hat. Säi Motiv ass e ‘Griffon’ op bloëm Fong (..d.h. e Fabelwiesen hallef Adler, hallef Léif.) D'Mäerterter Kierch huet een uniquen ‘Cerabati Mosaik-Buedem’, giel a blo an Welleform, en Hiweis op d'Musel. (Leien s’op Plazen, déi fir éiweg bestëmmt sinn, si Mosaike fir d’Éiwegkeet… heescht et.) De romaneschen dräischëffege Bau mat Gotikelementer an herrleche Säilen gouf den 11.8.1886 geweit, an ëm den 8.11. ass do d‘Kiermes. D'Patréinesch ass d'Immaculata. (D‘fréirer Kierchesilhouette ass um Rand vun enger aler Photo z’erkennen, hir al Kräizigungsgrupp hängt nieft der aktueller Kierchenentrée.) Der Musel hir Kultgeographie nennt 1712 nieft Sankt Mechel als lokale Kierchepatroun och d’hl. Lucie, op där hirem Dag ‘de Wanter um Wee ass‘... Besonnesch sinn hei di zwee Kierchtierm. Di Diddelenger hu si als Modell geholl a vergéissert! 1964 no de neie Bestëmmunge krut s‘e Marberaltor an hir Biller goufen iwwerstrach. D‘relativ al Statioune sinn intakt bis op e klengen Detail, op enger feelt dem Jesus säin Daum..D'Statuen hunn e waarme Glanz, wäertvoll ass d'hëlze Balustrade om Ducksall an eng vun den 31 Fënstren ass vun 1900. An der Uergel kléngen nei an al Päifen harmonesch.

D’Cerabati war bekannt fir e ‘carrelage de qualité’ an hat 1888 ewell 180 Aarbechter. No der russescher Revolutioun, 1917, hunn Zaldote vum Zar, an hirer Fabrik Aarbecht fonnt. 't gouf dann eng Kolonie Haiser fir d‘Exilrusse gebaut, se kruten hir eege Kapell am Haus vun hirem ‘Pope‘ an eng extra Plaz om Kierfech. De russesch-orthodoxe Geeschtlechen aus der Stad Sergej Pukh huet seng Kandheet hei verbruet. Hie war da laang an Amerika, a seng Biographie nennt de Father Sergei ‘descendant’ vun de ’White officers who founded the independent Russian settlement in the village of Mertert during the 1920s”. Haut liewen hei nach Nokomme vun enger Immigrante-Famill. - 1998 goufe nieft Kierche-Felementer Griewer a Mauerreschter vun enger Réimervilla entdeckt. Mäertert war also a fréieren Epoque keen onbeschriwwend Blat. 't läit net wäit vum 634 als Tamaltio erwähnten Temmels (- dat bis zur Franséischer Revolutioun Deel vu Lëtzebuerg war.) Um Wee op Tréier hat de Goethe am Laf vun där déifgräifender Revolutioun den 21. Oktober 1792 bei engem räiche Mäerterter Mëller iwwernuecht. Sengem fleckege Bréif vum 22. no hat en hei kaafte Fässer Wäin zu ’Grävenmachern’ aschëffe gelooss. Säi Kämmerer Wagner huet Mertert eng Stonn hanner ’Graevenmachern’situéiert, de Mëller ee ’vortrefflichen Mann’ genannt a seng Fra ’gerade das Gegenteil’! (Si wollt (40) krank hessesch Zaldote net bekäschtegen; an hien huet heemlech befuel hinne Gromperenzopp ze kachen!) (‘Cahiers luxembourgeois’ 1/1999) D’maximinesch Haffmille gouf 1797 versteet fir 32.000 F an 1967 ofgerappt. Hir Nopesch, d‘Donckelmille krut 1962 eng automatesch ‘ensacheuse de farine’, ass awer verschwonne beim Bau vum Hafen (fir deen dann d’Sir ëmgeleet gouf).

Dass de kelteschen Uertsnumm „Mercherdith“ souvill wéi Moartuert bedeit, schreift d‘Monique Hermes 1989 an der Muselchronik, an de Fernand Hoffmann mengt do d’Miseler wär e vum Tréirer Raum influençéiert ‘sehr junges Lëtzebuergesch’. Nërdlech vun Éinen gëtt och Herrescht, Brouder a käfen gesot, mä Korref aplaz Karref. An ’Land a Leit’ kommentéiert de Nic Weber d’Regioun a gudden Zäiten „Un der Musel fléisse Wierder méi onbeschwéiert wi op mi raue Plazen... sou wi hiert Waasser et och mécht, ouni Gefäll an ouni brüsk Wellen. Hei huet de Wäin schonn Dausenden an Awerdausenden zum Sange bruecht...“

P.S. D’Mäerterter approuvéiere Musek; vun hei stamen de virtuose Sänger, Leblanc-Elève, a Musekprofesser Nicolas Schuh, eng äerdeg Chorale an eng Fanfare. D’Ufangsbuschtawe vum Uert erënnren un d’ägyptesch Göttin Mert, déi Kultgesang verkierpert! D’no Fausermillen huet d’Inskriptioun MDKK 1849 an der Fassad; vun hir ware laang d‘Téin vun der Scierie ze héiren... bis se 1998 als Waasserkraaftwierk ëmfonktionéiert gouf. Laanscht si verleeft eng Nordic Walking Streck. E ‘parcours atypique’ opweises huet den Emil Antony, deen d’exotesch Déierewelt mat groussem Respekt virun der Kreatur mam Pinsel festhält. Dësem Mäerterter seng Freed ass der Natur “künstlerisch nahe zu kommen” denkt de Metty Krings. Beim Projet "Qualmfreie Patientenküche" koum an engem Hospital zu Namitete (am Malawi) seng Kamäinbauerkonscht zum Asaz, an iwwerëm Baue vun 120 Kachplaze mat Dampofzug huet hien säin Häerz fir Afrika entdeckt! Méi Lokalgeschichtleches verréit de „Geschichtsfrënn Mertert-Waasserbëlleg” hir schéi Brochure.