Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Merscheed

D‘Esch/Sauer Gemeng krut 2011 duerch Fusioun mat zwou aneren eng nei Dimensioun a gouf responsabel fir 11 Uertschaften, inklusiv Merscheed. Dat och nach Mëtscheed genannten Duerf war virun 1823 an der Gemeng Dellen, duerno 5 Joer Sektioun vun där Groussbous’er a koum da bis 2011 an d’Heischter Gemeng. Et läit op dem CR314  tëscht Uewerfeelen an Eschduerf an zielt zum Naturpark Uewersauer, do wou Legendeweeër sech kräizen. A propos Kräizung, steet een onentschloss do, heescht et zu Heischent “do stoen wéi e Weeweiser!“ Den Naturpark setzt nei Perspektiven fir d’Géigend ëm Merscheet, dat 2004 ronn 172 Awunner an 58 Menagen hat... (an eng jonk ‘Populatioun‘ um Liewenshaff.) Am sougenannte "Päerds- Atelier" kréien nämlech Jugendlecher aus schwierege Milieuë gehollef sech besser an d'Aarbechtswelt z'integréiren. Schéin, dass haut aktivt Landliewe genotzt gëtt fir Gesondheets-Prozesser ze favoriséieren! 1984 war ze liesen, dass "Lëtzebuerg méi Bankemployéen huet wéi vollberuflech Baueren". Dat war allerdéngs net ëmmer esou...

Merscheed ass dat südlechst Duerf am Wolzer Kanton. Am 10. Jorhonnert hate fränkesch Baueren dicht Bëscher am südlechen Éislek gerodt, Dierfer mat der Endung Holz oder Scheid solle bis an d’11. Jorhonnert zréckgoen. An där Zäit hat Merscheed zur Grondherrschaft Esch/Sauer gezielt, déi no enger Deelung an Cronenburger, Falkensteiner a Braanebuerger Besetz koum. Um Bréimebierg entsprengt op 452m d’Mechelbaach, leeft duerch de Buregrond, kritt ënnerwee Verstäerkung a fléisst dann zu Uewerfeelen an d’Waark! (Vill kleng Baache ronderëm, Flouernimm an soss Detailler weist d’topografesch Internetkaart (http://map.geoportal.lu) - D’Duerf-Kierch ass eng gréisser Kapell. Si gouf 1753 gebaut, wat d'Joreszuel am Schluss-Steen vum Chouerbou dokumentéiert. Dat Joer war dem Händel säi Messias grad eng dose Joer al, de jonke Goethe krut e Poppentheater geschenkt an an d’Stad koum eng Dreckerei. Am selwechte Joer ass dem Provinzialrot säin Uerder vum Schoulzwang bis an eis Dierfer duerchgedrongen. Elteren, déi net drop reagéiert hu sollt jiddefalls eng Strof erwaarden, schreift den Här Lascombes.

Bleiwe mer awer zu ‘Mëtscheed’ oder Mierscheed, wéi d’Duerf tëscht de Felenerhecken an Hierheck lokal dacks bezeechent gëtt. Seng Kierch ass wi gesot kleng, se faasst 70-80 Leit. De Bau ass vu baussen onopfälleg, erwächt awer banne sécher bei munchem freedeg Souveniren, well Mënsche sech do begéinen a Momenter erliewt hunn, déi d’Vertrauen an d’Liewe stäerken. D’Kierch vu ‘Mëtscheed’ ass der Gréisst vum Duerf ugepasst, dat am 16. Jorhonnert 11 Feierplazen hat, d.h. grad souvill wi Géisdrëf. Hiren Haaptaltor, den eenzegen, huet e schéint spéitmëttelalterlecht Pietà Bild. (D’Mater Dolorosa ass an der Liturgie d’Szeen vun der viirleschter Kräizweestatioun, de Begrëff Pietà bezitt sech op d’laténgescht Wuert “Frömmegkeet”.) Iwwer hir waacht eng Statu vum Erzengel Michael vum Skulpteur Michel Welter (+1805). Kierchepatréiner ass den Apostel, deen en "esprit d'analyse lent à la décision" hu soll, den Thomas, deem seng Geschicht Mënschen di zweiwelen oder net gleewen en Zeeche setzt. Seng Statu an déi vum hl. Erasmus komme vum Neuerburger Bildhauer Eberhard Hennes. E Kierfech läit hei nët rondrem d'Kierch, wéi an aanren Éisleker Dierfer. D‘Mëtscheeder Verstuerwen hunn ëmmer d'lescht Rou zu Heischent fonnt, an den direkte Wee dohinner heescht haut nach Doudewee.

Typesch fir d'Géigend ass de solide barocken am Daachstull integréierte Mëtscheeder "Daachreider" aus dem 18. Jh.. Réell Reider, di den Naturpark Uewersauer zu Päerd auskundschafte wëllen, fannen hei an ënner aanrem zu Harel, Surré, a Boulaide en Ënnerdaach. Den ale Lëtzebuerger Dictionnaire huet de Saz veréiwegt, dass "hanner Mëtschäd och nach Leit sinn." Dës Trouvaille wollt soën, dass do nach net d'Enn vun der Welt ass! Seng (ufangs 2014 gezielten) 211 Awunner hu jo och nëmme 49 km bis an d'Stad. De Grënner vun der lokaler High-Tech-Schmëtt hat 1992 eng ‘Maartnisch‘ fonnt. Säithir entstinn hei jäerlech 6.000 bis 8.000 Medaillen an Uerden, déi ëm den Nationalfeierdag verdeelt ginn. Hire Patron hat ‘Clairvoyance‘ bewisen a säi Betrib gouf offizielle Fournisseur vum lëtzebuerger Staat a vum groussherzoglechen Haff. Zu Merscheed ginn och d’Etuie fir d’Uerde produzéiert an divers Trophéen. Aner Artec Kreatioune sinn Kopie vu Skulpturen (z.B. déi vum “Fiisschen“ vum Knuedler.) Wie keng Virstellung dovun huet, wéi aus gefällte Beem Schräiner-Holz gëtt, dee kann dat beim Besuch vun der innovativer Schräinerei TM Miwwel gesinn.

P.S. Bei d‘Duerf mat der Héichtendifferenz vu bal 50 m passt wéi bei ähnlechen de gälesche Sproch “Selbst Gott kann nicht zwei Berge ohne ein Tal dazwischen machen.” Mierschend, Merscheid bei Pëtscht, läit ongeféier gradsou héich wéi dat am Wolzer Kanton. Déi intressant deels “net liicht” Velostreck (Fahrradtour Merscheid (Heiderscheid) | 74 KM - GPSies) huet eng 4 Stären ‘Quality of track’... Se verbënnt déi zwou Uertschaften Merscheed a Mierschend, iwwerquiert ënnerwee d’Sauer a féiert op Stolzebuerg an zréck! – Dem loutrengeschen Uertsnumm Merson seng komparabel éischt Silb weist op ‘marchand’ hinn, (am alfranséische stoung merc, mers, merz fir marchandise; (Dict. Jean Tosti). Lokal gouf zou an ëm Heischent (dat jo e Maart hat) fréier gesot “frech sinn ewéi e Reessaack” fir en Handelsreesender! Méi oder manner erfollegräich Representant'e waren sécher och hei ënnerwee an hunn niewebäi Noriichten ënner d’Leit bruet.