Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Miersch

D'Mierscher Gemeng hat Maison Servais 1985 geierft vun der Madame Jeanne. No engem Tauschakt vu 1988 gehéiert d'Haus dem Staat an d'Mierscher Schlass der Gemeng. 1990 gouf de remarkable Bau als "monument national" klasséiert a kuerz drop e "centre national de litérature" dran ageriicht. An hirem Haff steet eng al mächteg rout Bich mat ronn 24 m Héicht. D'Haaptgebäi war an de 1780ger vum Notaire Philippe Servais gebaut ginn, et ass méi al wéi de Kanton Miersch, hien entstoung 1795. Den Emmanuel Servais hat sech 1867 als Staatsminister fir d'Onofhängegkeet vun eisem Land agesat. (Hien huet am selwechte Joer den zweete Londoner Vertrag signéiert, un deem och de Prënz Hary positiv matgewierkt hat.) Haut dréit ë wichtege lëtzebuerger Literaturpräiss deen enk mat Miersch verbonnenen Numm.

D'Urpor Miersch hat no Iechternach a Weimeschkierch di 3. Kierch am Land. Dem Schenkungsakt vun 853 no hat d’Erkanfrida si an aner Gidder vu "Marisch" de Mönche vu St. Maximin ginn. (Aus dem éischten Holzbau gouf am 10. Jorhonnert en eeschëffegt Gotteshaus aus Steen.) D’haitegt Miersch associéiere mer mam 7 mol 7 m groussen a 40 m héije ‘Mechelstuerm’ a senger typesch aachteckeger barocker Zwibbelhauf. Hien erënnert un eng éischt réimesch Kultplaz; op Wonsch vum Gouverneur Grof Friedrich vun Elter, Ritter vum Goldene Vliess a Schlasshär vu Miersch, gouf en 1707 erhéicht. De Graafsteen banne mat der impressionanter Rittergestalt vu 1471 erënnert un d'Epoche vum Grof Peter I. aus dem Haus Lëtzebuerg, E Chronogramm um Tuerm seet "Gebaut gouw ech, dank dem Geld vun der Pâr. O hellege Méchel, eise Patréiner, hellëf eis a Kämpf an Agonie"! D’Mechelsplaz dekoréiert säit 1997 eng "Drache-Skulptur" a säit 1987 huet den Tuerm e Klackespill. Hie blouf stoë beim Ofrëss vun der mëttelalterlecher Kierch op Wonsch vun der Mamm vum Prënz Hary a Wëllem III., der Groussfürstin Anna Paulowna. (En hat sie, d’Schwëster vum Zar Nikolaus I., en passant un hir Heemecht erënnert.)

Am Schlass sinn Hotel de Ville a Bibliothek vun de Geschichtsfrënn ënnerbruet. Zur Zäit vum Thierry vu Miersch, dem Grënner vum Klouschter Mariendall, gouf 1232 en éischte Buergsite ernimmt a seng Rengmauer am 14. Jorhonnert. 1453 ass d’Buerg mat der Kierch vu Burgunder zerstéiert an 1585 obgebaut ginn. De Neibau krut Renaissance Fënstren, e Rittersall a verwölleft Plafongen. De Gemengewopen erënnert un den Ancien Régime, an deem d’Seigneurie Miersch laang Besëtz vun der Famille Milbourg war an duerno un d’Famille d'Autel, d’Grofe vun Elter, goung. "Om Schlasstuerm steet iwwer der Entrée a Steen gemeesselt "Tempus fugit, fruere hora", d.h. "D'Zäit verflitt genéiss d'Stonn".

D'nei 44,50 m laang op 21,50 breet Mierscher Dekanatskierch um Fouss vum "Miesplateau" ass d'bedeitenst Bauwierk aus der Epoche vum spéide Klassizismus. Als Modell hat hiren Architekt Theodor Eberhard d'Dekanatskierch vu Stenay sur Meuse geholl. Hire Grondsteen war 1844 geluet ginn. Haaptsächlech finanzéiert hunn se Kahlschléi aus de grousse Gemengebëscher. D'Fräitrap an hiren Dreieck-Ziergiewel, d’Rosetten an hir doresch Säilen erënneren un en antiken Tempel. D' Aa Gottes symboliséiert d’göttlech Allwëssenheet an Omnipräsenz... d'stenge Statue vun den Apostelfürste Péitrus a Paulus vun 1896 an di zwee apaart Tierm säitlech ergänzen hirt nobelt Bild. Hiert Verwëllef droen 12 elegant ionesch Säilen, di am Ënnerscheed zu engem Pilier och eng dekorativ Roll hunn. Zu hirem imposanten Apsis–Bild "Christus als Weltenherrscher" vum Brudder Notker Becker, de massive Marberaltär vu 1935, dem relativ neien Dafbassin an der "Muttergottes mam Kand" passt de Saz vun der Mutter Teresa: “Mënsche sinn hei vu Gott ni méi wäit ewech wéi e Gebiet”.

P.S.: De Bau vun der wichteger Dallstrooss Lëtzebuerg-Walfer-Ettelbréck foung 1718 un. An den Uelzechtdall koum dem ale ‘Merian’ iwwer Lëtzebuerg no den "Zentrum vun der Rousenzuucht". (Miersch läit um Bord vum fruchtbare louthrengesche Stufeland, där Sandsteenschicht, déi de Grand-Duché vu Guirsch laanscht Biekerech bis an de Sauerdall duerchzitt.) Zur Réimerzäit hat et de schéine Numm Marisca an Vestige vun enger Réimervilla existéiren nach hei. (Op der Mechelsplaz louche Mënzen aus Zäite vum Domitian bis zum Konstantin.) Mar bedeit iwregens "sumpfeg" an Isca steet fir Äisch. (Eng Variante ass am Joer 853 Marisch, zesummegesat aus Marcius an acum - domaine de Marcius). D'Lokalitéit hat zäitweileg eng Distillerie mat enger Dampmaschinn, duerno eng "Industrie sucrière", eng Gewiermanufaktur an ënner aanrem eng Fonderie.. An e Feldmarschall war am Servais-Haus 1794 aquartéiert, e gewësse Radetzky, deem de Johann Strauss Senior e Marsch dédiéire sollt. Zum Kapitel ‘patrimoine-de-la-commune‘ ziele wäertvoll Weekräizer.. ëm hiert Erhalen huet sech op Initiative vum Dechen Ferdy Fischer an de 1990er d‘kompetent ‘Mierscher Weekräizkommissioun‘ gekëmmert. (Brochure 2007 um Internet)