Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëtzebuerg - Märel

D’Ferraris-Kaart vu 1777 weist däitlech d'Distanz tëscht Märel an Hollerech - an awer woren si fréier eng Por. A gréng Wisen agebett schlängele sech do d'Mäereler- an d'Céissénger Baach, déi no hirem Zesummefloss Péitrus heeschen. Hir Däller si mat 267 an 256 m di niddregst topographesch Punkten aus der Géigend. De Maréchal Créqui hat 1684 am ‘Manoir merlois’ säi Quartier Général etabléiert, haut genannt ’a Schlass’, an dëst ass mat Dependancen a Gäerd säit 1989 Monument classé. Et hu fréier zwou Millen laanscht d’Märeler Baach fonktionnéiert… an där een iwwregens Kriepse fänke konnt. Et war een hei um Land a kee wousst, dass d’Stad bis heihi kéim mat kompakten dräi bis véier Stäck héijen Haiser mat vill Wunnraum an engem fir deemols optimale Verbrauch vun Energie.

Der haiteger Lonkecher Strooss hiren Trajet gëtt fir d'éischt 1296 ernimmt beim Kaf vun engem Gaardestéck. Se goung der Chronik no vu ‘Merrel’ duerch d'aktuell Avenue Monterey, iwwer d'Place d'Armes op d‘Plaz vum ëm 1740 ugeluechte ‘Roude Pëtz‘! Bei der Zielung vu 1561 hat d’Duerf grad emol 21 ½ Feierplazen. Dem Jean Bertels seng Zeechnung weist “Merrell” um Enn vum 16. Jh.. Geschichtschroniken no hunn d’Leit vun hei méi wi eemol an der Nout Refuge an der Festung gesicht. ‘t goufen ewell där berühmter Märeler Kalleksteng genotzt fir d’Festung ze bauen; ‘t hunn natierlech och Kalleksbrenner a Gipser am Duerf gewunnt. Seng Kapell war 1678 an engem erbäermlechen Zoustand. Se gouf an de 1720ger an 1880ger vergréissert. Märel war Notize no scho 1797 am franséische Regime eng Paroisse distincte de Hollerich an eng ‘Commune autonome’. (1803 gouf seng "Kaplanei" ënner dem Napoleon duerch e Konkordat mam Hellege Stull eng onofhängeg Por.) Mä ‘t sollt no 1814 nees mat Bouneweg, Céisseng a Gasperech zur Gemeng Hollerech zielen.)

De Märeler Kierchepatréiner, den hl. Gangoul, war e fromme Ritter aus der Bourgogne; hie gëllt als Quellen-Schutzhellegen a Protecteur vun Schoustren, Hausdéieren a Männer di wëll Fraen hunn. – Zu Märel sinn am Fong zwou Kierchen an enger, eng al an enger neier, ähnlech wi bei der Kathedral. Mä hei ass di al d’Quierschëff. Den aktuelle Bau no Pläng vum Architekt Jentgen gouf mat sengem zweeten Tuerm ee Joer virum Zweete Weltkrich fäerdeg. Besonnesch an d'Ae falen den ale Säitenaltor, d’Barockstatuen (Laurent, Fiacrus a Matthias) de Christophorus aus der Mënsterabtei, an altestamentaresch Fënschterszeene vum E. Simminger vu 1917 am Quierschëff. D’original Fënschtre vu 1938 (vun der Amalberga, der Kunigunde an ënner aanren dem Willibrord ënnerem Duxall an der Caecilia - uewendrop) si vum Konrad Atz. Der visionärer Glasmolerei vum Gust Zanter vu 1984 hir Theme sinn d'Schöpfung mat der symbolescher Sonn, de Liewensbam, de Wee an de Fridden. D’Iddi zum Wierk resultéiert aus engem laange “Mautschen” fir dann z’eclatéieren a Serenitéit auszedrécken. Bei Konschtstudien an der Belsch krut de Kënschtler eng Virléift fir Kierchefënstren. (En huet där iwwer 100 entworf - vun der Méchelskierch bis an d’Lécker Kathedral). Kuckeswäert sinn och d' Kierchestatiounen, e "grand triptyque" vum Bettina Scholl-Sabbatini. Hiren zentrale Panneau weist den ‘drame vum chemin de croix’, déi säitlech d'lescht Zeen um Kräiz an de ‘Christ ressuscité’. Eng Broschür begleet d’ ‘semaine sainte en images‘ mat herrleche bibleschen Texter. Betruechte mir hei d'Konscht am Détail, fille mer eis als Deel vun der Creatioun an eis Gedanken halen op, ëm eis selwer ze kreesen.

Haut zielt Märel zu engem Porverband mat Belair an Zéisseng, an den dräi Porréit hire gudde Kontakt suergt, dass den traditionelle Kär rondrem d‘fréier Duerfkierche sech net friem gëtt. Um Kadasterplang vun 1824 gesi mer di al Flouernimm. Laanscht d'haiteg rue des Aubepines, (deemols "Laangheck" an dann Deel vu Neimärel) hate Leit mat klengen Haiser hanner Wäisdaar a Schléiwen bis zwou Kéih an Hénger. Nobäi ware Kalekkaulen, de Galgebierg, de Kiem, a méi ënnen loug "Op Géissegt", d.h. de Geeseknäppchen. Dës Plaze si scho laang verbaut, just "Op Schwofelt" ass haut de 5 ha grousse geflegte Märeler Park. - Ob hei nach ee weess, wat de vum Engelmann zitéierte Sprooch ‘Äddi, ech ginn op Mierel’ bedeit? ….Sou gouf fréier plazeweis gesot fir “looss mech a Rouh, ech man ‘lo gär meng Aarbecht!

P.S. Dräi Joer nodeems Märel bei d'Stad koum, d.h.1923, gouf en éischte Kredit fir den Uschloss un den elektresche Reseau votéiert (Devis 180.000 Fr.) Zwee Joer drop gouf de Projet Tramm op 700.000 Fr. estiméiert. D'festlech ageweite Ligne 11 huet vun 1926 bis 1961 fonktionnéiert. Erënnere mer nach un eng vun de Märeler Baueren hir Akommes-Quellen, d’Mëllechwiertschaft; (kouhfrësch Mëllech gouf mat enger fangerdécker Rahmschicht au besoin heem geliwwert!) Hir Gromperefelder an Uebstbongerten hunn leider Déif ugelackelt.. Een Haff mat grousse Ställ huet nobäi Brauerei- a Gendarmeriesspäerd logéiert. - De Batty Weber hat 1920 a sengem Ofräisskalenner d‘Verschwanne vum ale Stad-Bild bedauert a proposéiert ir Neies gebaut géif, dat Aalt op Photoen z’archivéieren! Him huet eng Haiser-Kuliss um Geessekneppchen net gefall, déi d‘Vue op Leideleng an den Dromedarbockel vum Zolwerknapp verstoppt huet! Mä de Park "Op Schwofelt" hätt him secher gefall... D‘ronn 60 Joer al Beschreiwung vum Kannerkarussell op der Märeler Kiermes dréit ëm Kutsche mat Päiperlécksflillecken, den Undrang Sonndes virum Mëttegiessen an de Päipelsbouf.. De Pier koum nämlech soulaang de faarwege Wunnwon op der klenger Plaz stoung (Notize vum Mariette Leuck no) an d’Märeler Schoul!